Scho virun 8 Joer, am Gemengerot vum 16.07.2012, hat ech een Debat iwwert e Bëschkierfecht gefrot: 

Point 17 de l’ordre du jour:

Aménagement d’un Bëschkierfecht, débat en vue d’une décision de principe.

Conclusioun:

La proposition sera inscrite à l’ordre du jour des prochaines séances du comité de la convention Uelzechtdall. 

An dat war et.  Den Amenagement vun engem Bëschkierfecht fir d’Gemengen vum Uelzechtdall ass 2018 mat der “Konventioun Uelzechtdall” begruewe ginn.

2020 sti mir gréng net méi eleng do fir ee Bëschkierfecht ze froen. An enger vun de leschten Gemengerotssëtzungen huet een CSV-Conseiller déiselwecht Fro un de Buergermeeschter adresséiert.

Leider war d’Äntwert vum Buergermeeschter net encourageant. Hien hält net vill vun der Iddi, mir hätten jo ee schéine Kierfecht, huet hie gemengt. 

Eis Argumenter fir ee Bëschkierfecht vun 2012 hunn 2020 näischt un Aktualitéit verluer:

Vill Leit hunn haut net méi d’Bedürfnis no hirem Doud en éiwegt Monument a Form vun engem gemeesselte Steen an engem Mamorgaart gesat ze kréien a géingen gären no hirem Doud an de Kreeslaf vun der Natur zréck.

E Begriefnis op engem Bëschkierfecht ass minimalistesch, weder Blummen nach soss Dekoren sinn erwënscht. De Bësch bitt fir vill Hannerbliwwen d’Méiglechkeet bei engem rouegen Trëppeltour un déi Verstuerwen ze denken a bewosst op Zeremonien ze verzichten déi se net wëllen.

Viraussetzung fir eng Bäisetzung am Bësch ass d’Verbrennung  am Crematoire zu Hamm. Da ginn d’Äschen bei engem Bam an de Buedem geluecht.  Um Bam ass just eng kleng Plackett, wou d’Nimm vun de Verstuerwenen mat eventuell engem reliéisen Symbol drop stinn. Méi net. De Prinzip vum Bëschkierfecht ass, datt en naturgehale bleift, et solle keng extra Weeër bei de Bëschkierfecht féieren an et gi keng Ornamenter.

Fir eng gutt Plaz fir e Bëschkierfecht ze fannen, kann ee sech och nach 2020 mat den Nopeschgemengen zesummendinn. Zesumme mat de Fieschter, den Ëmweltkommissiounen an der Naturverwaltung dierft et net schwéier sinn en adequate regionale Site am Zentrum vum Land ze fannen. D’Gemeng Miersch ass jo houfreg drop, déi Gemeng ze sinn, déi am meeschte Gemengebësch huet. Ideal wär en ale Bëschbestand  mat 40-50 Beem, déi mindestens 100 Joer al sinn. Wichteg ass och d’Accessibilitéit vum Bëschkierfecht, dee relativ no un der Grenz vum Bësch soll sinn. Et mussen och Parkplazen an enger akzeptabeler Distanz zum Kierfecht ugeluecht ginn.

Mir wäerten net labber loossen an hoffen, datt eis Majoritéit awer nach mat sech schwätze léisst fir e Bëschkierfecht fir di Mierscher Leit an hir Noperen aus dem Uelzechtdall unzeleeën.  

Mariette Weiler

Hei fënnt een interessant Infoen iwwert d’Bëschkierfechter, wou der sinn, an eng super Kaart vum Land, wou se sinn. 

2 Kommentare

  1. Hallo, ech si frou dass där iwwert dat Thema vum Bëschkiirfecht hei informéiert. Ech wollt mol schon ob der Geméng nofroën ob dat virgesin ass an der Geméng Miersch. Bëscher gin et jo genuch ronderëm. Ech gin heiandsdo ob Bissen an de Bësch lofen oder spazéieren an hu mär hire Bëschkiirfecht schon ugekukt. Ech fannen dass ee Bëschkiirfecht an all Geméng géif gehéieren! Ech wunnen zu Miesdrëf a wär frou wann an der Gemeng ee wär, da kéint ech menge Kanner dat soën wou ech eng Kéier kéint meng lescht Rou fannen. Dass ee Buergermeeschter nët vill vu sou enger Iddi hält, dat kann ech nët novollzéien. Ech wëll ob alle Fall nët ob engem normale Kiirfecht eng Kéier verstreet gin! Mee hien ass jo bekanntlech Jeeër wéi ech mol gesoot krit hun, soll dat Ursaach sin fir dofir nët vill vum der Iddi ze halen :-))
    Merci fir ärt Engagement !
    Bleift gesond an alles Guddes fir Joer 2021!

    Gefällt mir

  2. Merci fir äre Kommentar. Mir hunn d’Hoffnung nach net opginn, datt zu Miersch och nach eng Kéier eppes a Punkto Beschkiirfecht an Beweegung kënnt. Mir mengen, datt mëttlerweil méi Conseiller’en fir esou e Projet ze begeeschteren sinn a schaffen drunn weider Alliéiert ze fannen.
    Mat beschte Gréiss,
    Claude Adam

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: