déi gréng Miersch

Budget Gemeng Miersch (1/3)

Gemeng Miersch - Budget 2020/2021

Déi finanziell Situatioun vun der Gemeng Miersch ass ganz gutt.

D’Gemeng Miersch huet relativ wéineg Schold (8,5 Mio fir 2021)

D’Gemengeschold pro Awunner läit bei 844,00 € fir 2021, dat ass an eisen Aen rekordverdächteg niddreg.

De « ratio de liquidité » läit bei exzellenten 3% (d’Limitt vum Intérieur ass op 20% fixéiert.)

Mir kënnen also zu Miersch investéieren. 

Mee et gëtt kee Grond fir liichtfankeg mat de Steiergelder emzegoen :

Den Innenministère seet fir d’Gemeng Miersch, datt mer 2020  4,6 Mio Euro manner (impôt commercial an dotation de l’Etat) kréien ewéi geplangt, a fir 2021 sinn nach eng Kéier 4,5 Mio manner virgesinn. Déi Zomm vun 2020 wäert zimmlech korrekt sinn. Déi fir 2021 schingt mer e bëssen optimistesch. Déi Estimatioun ass gemeet ginn, wéi nach kee vun engem laangen zweete Lockdown geschwat huet.

Dat si just déi ganz grouss Projeten, et gëtt och nach méi klenger, déi net manner wichteg sinn: De Reamenagement vun den Infrastrukturen vun der Rue G.-D. Charlotte, Investissementer an d’Waaserversuergung, de Reamengament vum fréieren Haus Faber asw.

D’Gemeng Miersch wäert demnächst zu de Gemengen vu méi ewéi 10.000 Awunner zielen. Den 9. Dezember 2020 waren et der genee 9990. Eis Administratioun an eisen technesche Service mussen an Zukunft substantiell opgestockt ginn, fir e.a. deene villen Ufuerderunge vun den Baudemanden a -projete gerecht ze ginn. Mir musse weider Leit mat deenen néidege Qualifikatiounen astellen. Dat kritt dann natierlech Reperkussiounen op den ordinäre Budget. De Boni dierft an Zukunft e bësse méi kleng ginn.

Et fällt och op, datt ëmmer zolidd Zommen am Budget sti fir “dépenses extraordinaires”, an dann awer knapps 2/3 vun deene Moyene verschafft ginn. Do gëtt et natierlech méi ewéi just eng Ursaach : Mir haten et 2020 mat der Covid-Pandemie ze dinn, da mécht de Stat net ëmmer viru mat den Autorisatiounen, en Entrepreneur fällt alt mol aus … Mee dat wat 2020 am Budget stunn, a dat wat du wierklech ausgi gouf (also am budget rectifié stung), dat ass bei esou ville Projeten esou däitlech manner, datt mer eis och d’Fro musse stellen, op d’Planung gutt gemeet ass an ob eis Servicer gutt genuch opgestallt sinn, fir dat ze realiséieren, wat d’Majoritéit sech virgeholl huet. De Budgetspabeier ass gedëlleg, eng konkret Ausso, wat am Joer 2021 zu Miersch realiséiert gëtt, ass et net.

Budget 2020 – montants autorisés:   33.925.994,31€
Budget rectifié 2021:                         20.870.965,48 €