déi gréng Miersch

Budget Gemeng Miersch (2/3)

Déi gréng deelen eng ganz Partie vun den Decisioune vun der Majoritéit:

Déi gréng hunn awer och aner Vuen a gingen aner Decisiounen huelen ewéi déi aktuell Majoritéit:

Mir gingen eng ganz Rei Infrastrukturprojeten anescht ugoen, mir gingen awer och eng aner Emweltpolitik a Klimapolitik maachen.

Et ass schonn erstaunlech, wat mir Mënschen fäerdeg bréngen, fir ee klenge, geféierleche Virus ze bekämpfen. Mir bremsen déi ganz wirtschaftlech Entwécklung, mir maachen bis elo zweemol e Lockdown, fir der Pandemie meeschter ze ginn.

Mindestens esou erstaunlech ass awer fir eis, wéi wéineg mir Mënschen fäerdeg bréngen fir op déi aktuell Klimabedrohungen an d’Geforen fir d’Biodiversitéit ze reagéieren.

Mir sinn iwwerzeegt, datt mer de Virus an de Grëff kréien, och wann et méi laang dauert a méi deier gëtt wéi mer dat am Ufank geduecht hunn.

Mir sinn och iwwerzeegt, datt spéitstens nom Coronavirus d’Klimadebatt rëm mat grousser Dringlechkeet wäert op den Ordre du jour kommen.

Mir ginge Klimapolitik op Gemengenniveau maachen. Dat ass guer net esou schwéier. Mir gingen z.B en Tableau maache mat den CO2 Emissiounen vun der Gemeng, duerch d’Gebaier, duerch de Fuerpark, duerch d’Servicer. Déi Chiffren gingen eis soen, wou am meeschten Aspuerpotential ass, mir gingen eis e Fuerplang opstellen a lues awer sécher op manner Emissiounen hischaffen. Mir ginge kucke, wou d’Gemeng fossil Energien kéint spueren an erneierbar Energien kéint förderen an dat dann och maachen.