1.   Approbation du projet avec devis de l’Avant-Projet Détaillé (APD) pour le réaménagement du campus scolaire «Centre» à Mersch;

Mir hu jo schonn öfters gesot, datt mir eis eng aner Politik gewënscht hätten, wat de Bau vun de Schoulinfrastrukturen an der Gemeng Miersch betrëfft. Mir haten eis fir den Vote vum APD virun allem mat dem Energiekonzept an de Käschten ausernee gesat.

Aus dem Energiekonzept :

Der Bauherr wünscht eine Ausführung in Wärmeschutzklasse B <(Niedrigenergiestandard). Auf dieser Basis wurden die Energiepässe / <CPEs für das Hauptgebäude und das Oeuvres paroissiales erstellt.

Mir froen eis, firwat net A gefuedert gëtt, besonnech wat d’Oeuvres paroissiales ugeet?

– Es ist keine Umweltzertifizierung (DGNB, BREEAM, etc.) vorgesehen.
Mir froen eis firwat, firwat huet d’Gemeng hei net méi Ambitiounen?

– Zur energetischen Optimierung erhalten die Lüftungsanlagen Hochleistungs-Wärmerückgewinnungssysteme (≥73%).
Modern Eefamilienhaiser leien iwwert 90%. Besonnesch de Volet vun den Oeuvres Paroissiales hätt kënnen e bessere Wert erausschloen.
 
Aktuell steht ein Trafo innerhalb des Baufelds. Dieser muss vor Beginn der Arbeiten entfernt und durch einen neuen Trafo mit einer Leistung von 800 kVA ersetzt werden.
Do sinn déi 2 Luedstatiounen fir Elektroautoen (Bausseparkplaz) wahrscheinlech net mat agerechent, well do just ‚Leerrohre‘ leien. Do misst d’Trafoleeschtung ugepasst ginn, well dat dono richteg deier gëtt. Et soll een och Luedstatiounen mat manner Leeschtung fir déi aner Parkplaze virgesinn. Lueden muss ee kënnen am Dag, fir Solarenergie ze notzen an d’Netz ze stabiliséieren?

Photovoltaikanlag :

– Eine Photovoltaikanlage mit ca. 75 kWp ist auf dem Dach vorgesehen. Sie besteht aus ca. 219 Modulen mit einer Leistung von ca. je 330 Wp. Die Module sind nach Süden ausgerichtet und in einem Winkel von 10 – 15Åã geneigt. Es ist ein Tragsystem mit Beschwerung über das Substrat des Daches vorgesehen (System Zinco oder ähnlich), so dass die Dachlast auf ein Minimum reduziert werden kann.
75kWp, dat entsprécht ronn 450m² an ass ronn 1/4 vun der Daachfläch. Op den Oeuvres paroissiales ass näischt. Eigentlech hätt een do dat-3 facht op den Daach misste kréien. PV op der Fassade ass net geplangt. Esou ee riisegt Gebäi wéi den neie Schoulkomplex (hei ginn 17.000 m2 Grondfläch gebaut) misst eigentlech no un 300 kWp kommen.

Zënter dem Januar 2021 ass déi Lëntgener Schoul mat Photovoltaik Panneauen nogerüst: Déi 536 Moduler bréngen et ëmmerhinn op eng Leeschtung vun 177 kWp.

Eng Solaranlag fir waaremt Waasser z.B. fir d’Piscine ze produzéieren gëtt net gebaut.

De Käschtepunkt:

Den APD fir den Schoulkampus Miersch Zentrum beleeft sech op 52.050.000,00 € TTC. Dat si ronn 6% méi wéi am Avant-Projet Sommaire stungen. Mee de Projet ass awer just méi deier ginn, well eng Réserve Effet-Covid vu 5% vum ganze Montant mat agerechent ginn ass a well de Bauindex eropgaangen ass.

D’ Ofrappen vun de Gebäier ass net am Devis vun der neier Schoul drann. Ersatzléisungen fir d’Schoulkanner (Ersatzklassesäll) och net.

Et ass oft betount ginn, datt et ee ganz komplizéierte Projet wier, well eng Piscine, eng Sportshal a Klassesäll an ee Gebäi kommen. Et muss ganz déif an de Buedem gebaut ginn, d’Grondwaasser muss evakuéiert ginn, besonnesch de Baseng vun der Piscine, awer och d’Sportshal sinn eng Erausfuerderung fir d’Statiker. Déi fanne Léisungen, mee déi hunn hire Präis.

Insgesamt entsteet duerch de Projet wéineg neie Schoulraum! D’Albert Elsen Schoul mat 14 Säll gëtt ofgerappt, an 22 Schoulsäll ginn nei gebaut. Natierlech kommen och nach aner Säll (Ateliers thématiques resp. Salles d’appui) bäi. Eng kleng Piscine an e klengen Turnsall ginn ofgerappt, eng grouss Piscine an eng grouss Sportshal komme bäi.

Mir sinn der Meenung, datt et keng gutt Decisioun ass, eng zweet Piscine communale mat deenen Dimensiounen ze bauen.

Et ass domatt ze rechnen, datt de Projet insgesamt 13.694.695,00 € Subside vum Staat wäert kréien – Sport an Edukatioun: Piscine 50%, Sporthal: 35%, Schoulsäll 60% (Seuil maximal vun 5500,00 €/m2)

Domatt gingen dann 36.000.000,00 € TTC fir d’Gemeng bleiwen.

Déi gréng Vertrieder am Gemengerot hu géint dëse Projet gestëmmt.

          2)  Approbation du devis relatif à l’extension du cimetière de Mersch;

D’Majoritéit huet een Devis vun 535.000,00 € fir den Ausbau vum Mierscher Kierfend zum Vote gestallt.

Mir hu proposéiert, mol fir d’éischt eng Bestandsopnam ze maachen vun der aktueller Situatioun. Mir wollte wëssen, wéivill Griewer um ale Kierfend am Moment fräi wieren. Mir wollte wëssen, wéi et mat den Iwwerleeungen zu engem Bëschkierfend an der Gemeng ging stoen. Mir hu proposéiert, datt de Kierfend sollt méi frëndlech gestalt ginn: Mat Sëtzgruppen, Beem an anere Planzen. Mir wollten och wëssen, wéi d’Entwécklung am Moment wier: Wéi ass de Prozentsaz vun den Urnegriewer, wéi ass den Trend? A wa mir da ginge feststellen, datt eng Vergréisserung noutwendeg wier, da ginge mir eis dem selbstverständlech net verschléissen.

Doropshinn huet de Buergermeeschter gesot, mir hätten eng Aarbechtssëtzung vum Gemengerot an dräi Wochen, do ginge mer dat alles diskutéieren.

Dunn hu mir proposéiert, den Devis vum Ordre du jour erof ze huelen, an en dann no der Aarbechtssëtzung «en connaissance de cause» ze diskutéieren an ze stëmmen.

Dat huet de Buergermeeschter ofgeleent: Et wier Urgence, mir missten dat haut stëmmen.

Doropshinn hu mir eis beim Vote enthal.

D’Urgence hu mer den Dag dropp verstan: Den Entrepreneur hat den Optrag scho virum Gemengerot vum Schäfferot kritt, an hat direkt mat den Aarbechten ugefaang.

10)    Adhésion de la commune de Walferdange au syndicat intercommunal SICONA-Centre

Mir begréissen et, datt de Sicona-Centre sech endlech kann am Zentrum implantéieren. Elo feelen nach Lëntgen a Luerenzweiler!

12a) Point proposé par Madame Mariette Weiler: „Adaptation du règlement sur les bâtisses au sujet des jardins de graviers“

Eist Uleies mécht eis wierklech kee Plaiséier. Nach ee Verbuet, nach ee Reglement … Mir wéilten eis am léifsten aus de Leit hire Virgäertercher eraushalen.  Ob se schéi sinn oder net, dat huet eis net ze interesséieren.

Leider ass et awer sou, datt déi negativ Auswirkungen, déi déi steril Schottergärt op eist Ëmfeld an op d’Natur hunn, ëmmer méi grouss ginn a mir kommen net derlaanscht, ëppes ze ënnerhuelen, fir deen Trend ze stoppen.

Steegäert muss een net kappen, net méinen an net netzen. Dat schéngt de Grond ze sinn, firwat a läschter Zäit souvill där deier doudeg Gäert mat vill Opwand ugeluecht goufen. D’Leit mengen si hätten da manner Aarbecht. Et ass an der Moud a gesäit am Ufank propper an opgeraumt aus.

Ma de Contraire ass de Fall.  Wa sou Gäert net permanent gebotzt ginn, an d’Blieder erof geraf ginn, gesinn se ongefleegt aus. Da ginn Herbiziden agesat, fir datt och näischt tëschent de Steng erauskënnt. De Buedem ënnert der Folie, wou d’Steng drop leien, verkëmmert komplett. Naturno Planzen gëtt et do kaum, meeschtens sinn et Exoten, déi geplanzt ginn. Insekten fannen kee Liewensraum a keng Narung. D’Waasser versickert net gutt.

Grad a  sou waarme Summeren, wéi mir se déi läscht Joren haten, hu sou Gäert ee ganz negativen Impakt op de Mikroklima vun eisen Dierfer an op d’Artevielfalt. Steegäert späicheren Wäermt a strahlen se of.

Afloss vu Schottergäärt op d’Umgebungstemperatur am Verglach zu beplanz Gäärt (Copyright: https://www.meco.lu/de/blog/documentcenter/4249-2/)

An deene leschten 25 Joer sinn d’Insekten ëm 75% zréckgang an d’Vullen fannen esou näischt ze friessen.  D’Päiperléken verschwannen ëmmer méi, d’Schottergäert bidden hinnen keng Liewensgrondlag.

Iwwerhaapt ass et een enormen Resourceverbrauch fir näischt dovunner ze hunn. Och do wou dee “Kies” ofgebaut gëtt, ass et een enormen Agrëff an d’Natur, Grondwaasser a Moueren sinn a Gefor.

Heiansdo hunn déi extra Steng och nach ee wäite Wee hannert sech. An Indonesien zum Beispill gët souguer op Kannerarbecht zréckgegraff fir d’Steng ofzebauen.

Dobäi ginn et ganz flott Alternativen fir ee Virgäertchen unzeleen, deen net vill Arbecht mécht, net ze vill kascht, deen awer schéin an nëtzlech ass an deen net onnëtz de Buedem versigelt.

Wëllblummewiiss zu Walfer

Et muss ee keen TERROR GARDENING AWARD verginn, wéi et an Däitschland op Plaze gemach gëtt.

Et soll een awer de Leit ee kloert Signal ginn, datt eis Gemeng keng sou Gäert wëll an de Bierger déi néideg Ënnerstetzung bidden, fir bestoend Schottergäert rem zréckzebauen, fir datt d’Insekten genuch Réckzuchsgebidder fannen. D’Bierger sollen iwwert déi negativ Konsequenzen informéiert ginn, zum Beispill iwwert de Gemengebuet. Och de Mouveco bitt eng ganz Hellewull vu Material zum Thema Schottergäert un.

Zu gudder Lescht wolle mir awer och nach drop opmierksam machen, datt et am Kader vum neien Naturpakt och Punkten ze sammele gëtt, wat jo och ee finanziellen Ureiz fir eis Gemeng ass, fir aktiv ze ginn.

Mir froen  dofir, dat déi kommunal Reglementer an deem Sënn ugepasst ginn an datt d’Gemeng mam gudde Beispill virgeet, andeems se zum Beispill Stroosseränner an ëffentlech Plazen nohalteg geréiert.

 De Buergermeeschter huet gesot, déi Suerg wier scho berechtegt, a mir gingen an engem Aarbechtsgrupp vum Gemengerot doriwwer schwätzen.

12b) Communications du Collège des bourgmestre et echevins et questions des conseillers communaux;

D’ENAD (École Nationale pour Adultes) kënnt net op de Mierscherbierg! De MEN huet elo schlussendlech dat gesot, wat mir scho méi laang gesot hunn. Eis hat déi Mierscher Majoritéit net gegleewt, fir eis ass et dann elo en Trouscht, datt si dem MEN musse gleewen.

D’Mariette Weiler huet dropp opmierksam gemeet, datt vill Autoen an der Kolmerstrooss mat engem Rad um Trottoir parken, well se fir hire Säitespiggel fäerten. Dat entsprécht net dem Code de la route a behënnert d’Foussgänger.

                Eigentlech missten eis Pécherten do aktiv ginn.

  • De Gemengebuet ass d’Zeitung vun der Gemeng Miersch. De Claude Adam huet gefrot, ob et net ubruecht wier, datt all Conseiller à tour de rôle kéint een Editorial schreiwen, an net just déi vun der Majoritéit?

                Dat wëll d’Majoritéit an enger interfraktioneller Sëtzung beschwätzen.

  • De Jhemp Reckinger huet d’Parken bei der Cogeneratiounszentral ugeschwat. Do si relativ katastrophal Zoustänn: Den Zougang zu der Zentral fir Liwwercamion’en ass net ëmmer garantéiert, d’Schoulkanner gi vum Schoulhaff iwwert de Wee op den Multisport-Terrain, Foussgänger an Velo’en mussen den Autoen um Foussgänger-/Veloswee aus de Féiss goen. Eigentlech ass do kee Parking, an et steet e Schëld ‚Sauf riverains‘ do, eigentlech dierft do keen Auto erafueren, deen näischt direkt bei der Cogeneratioun resp. dem Lycée ze dinn huet.

                A véier Méint ass de richtege Parking vum Lycée rëm op, dann geet et besser.

  • D’ Spillplaz bei der Containerschoul hannert der Sporthal an der Wisestrooss ass nach ëmmer net fäerdeg.

                Dat ass net optimal gelaf. Mol ass et ze naass, mol ass et ze kal, mol ass et de Covid.

  • D’Réckener Kiirch gesäit net gutt aus. Do kéint een e bëssen investéieren fir dee Bau mol rëm an d’Rei ze setzen. Mee do hängt och nach een Haus drunn, ass also e gréissere Projet.

                De Schefferot gëtt dem Jhemp Reckinger Recht.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: