Virun e puer Deeg war de François Bausch hei zu Miersch fir de neien nationale Mobilitéitsplang 2035 virzestellen. Op Basis vun der Verkéiersstudie Luxmobil vun 2017 goufen am Modu 2.0 d’Usätz festgehale fir d’Mobilitéit méi nohalteg ze gestalten. Am Mobilitéitsplang 2035 gouf elo e kloert Konzept dozou erschafft, dat net nëmmen dat aktuellt Verkéiersopkommes abezitt mee och déi zukünfteg Nofro antizipéiert. Wëll soen: dëse Mobilitéitsplang geet vun enger Erhéijung vum PIB vun 3% bis 2035 aus, wat en Zouwuess vu 40% un Aarbechtsplazen an Awunner géif bedeiten. Sollten des Prognosen sech als ze héich oder ze niddreg ugesat erweisen, kéinte verschidde Projeten acceleréiert oder op e spéideren Zäitpunkt verluecht ginn.

©MMTP

De Minister François Bausch huet 5 Chancen virgestallt wéi d’Erausfuerderunge  vun zousätzlech prognostizéierten  800.000 persounebezunne Weeër par Rapport zu 2017 (2 Milliounen) kënnen am Aklang mat der Liewensqualitéit, dem Ëmweltschutz an de finanziellen Moyene gemeeschtert ginn:

  • e qualitativ héichwäertegt Mobilitéitsugebot: Et huet sech erwisen, datt Awunner an och Grenzgänger bereet sinn hiert Mobilitéitsverhalen ze ännere wann d’Offer héichwäerteg ass. Dorënner zielen z.B. bequeem, schnell a sécher Vëlosweeër, den Tram an der Stad, strategesch ugeluechte P&R, eng konsequent Busprioriséierung a Fahrgemeinschaftsspuere, fir der nëmmen e puer ze nennen.
  • d’Beléiftheet an dat intermodaalt Potenzial vum Vëlo: 54% vun alle Weestrecke leien ënnert 5 km a vill Leit wäre bereet dës mam Vëlo zeréckzeleeën. Awer sécher, gutt gekennzeechent, komfortabel an duerchgoend Vëlosweeër sinn am Moment Hindernisser, déi et aus de Féiss ze raume gëllt.
  • d’Erhéijung vun de Kapazitéiten am ëffentlechen Transport
  • d’Ariichte vu Fuergemeinschaftsspueren op grenziwwerschreidenden Autobunnen
  • e gudde Parkraummanagement
©MMTP

Wat awer bedeit dat alles fir Miersch an d’Regioun?

  • Elo scho gutt ugebonnen un Stad Lëtzebuerg soll den Zuchtakt a Richtung Stad an zréck op 6 Zich pro Stonn eropgesat ginn. Den Terminus ass awer net méi an der Stad, mee 4 vun dësen Zich solle weider bis op Esch respektiv Rodange fueren an zwee op Diddeleng a Volmerange-les Mines. A Richtung Norde kommen zwou Statioune bei an dat zu Ierpeldeng an zu Angelduerf.
  • P&R – Kapazitéit op der Mierscher Gare gëtt ausgebaut, d’Parkhaus hëlt ëmmer méi Gestalt un. Parkhaus Gernsback bei der Luxexpo mécht en direkten Ëmstig vun der N7 op den Tram méiglech.
  • D’Haaptverkéiersnetz ass an dësem Raum scho gutt ausgebaut, dofir geet et hei virun allem em Verkéiersberouegungsmoossnamen, ugefaange bei der Neigestaltung vun der N7 tëscht Rolleng a Bäreldeng. Wougéint d’Pläng an de Gemenge Walfer, Luerenzweiler a Steesel awer schonn um Niveau vun engem APD (avant-projet détaillé) a Lëntgen sech och fir e Réckbau decidéiert huet, reagéiert Miersch nach ëmmer negativ op des Pläng zum Nodeel vun der Liewensqualitéit vun de Rollenger a Bierschbecher Awunner.
  • D’Entlaaschtungsstrooss, déi um Mierscherbierg d’N7 mam CR123 zu Miesdref verbënnt steet esou wäit an de Startlächer, zumindest wat déi 2 éischt Tranchen um Mierscherbierg ugeet, de Viadukt iwwert d’Schinne mat der Ubannung un d’Ettelbrécker Strooss ass nach net grad esou weit. Fir datt des Strooss awer net zu engem Schläichverkéier duerch Pëtte féiert, soll de CR306 fir op de Rouscht just nach fir d’Landwirtschaft an d’Vëloen op bleiwen. Dës soll dann en Deel vun engem Vëlositineraire ginn, deen an d’Aktivitéitszone vu Bissen, dem Rouscht a Colmar féiert
  • An a punkto Vëlo sinn nach eng sëllegen aner Weeër an der Regioun geplangt, sou e Vëlosschnellwee tëscht der Nordstad an der Stad Lëtzebuerg, Vëlosweeër tëscht Kruuchten a Miedernach, Lëntgen a Jonglënster, Schëndels a Mamer a Bäreldeng an dem Briddel.

Fir datt dat ganzt Konzept funktionéiert sinn awer och d’Gemenge gefuerdert.

Zu Miersch huet sech scho villes gedoen, sou z.B. Fäerdegstellung vum PC 14 tëscht Miersch a Schëndels, och Recken, Miesdref a Pëtte sinn iwwer Vëlospiste un den Zentrum ugebonnen. D’Fro ass awer, wéi et mat séchere Vëlosweeër bannenuerts steet. Zwar ass an de Wunngebitter mëttlerweil iwwerall Tempo 30 an d’Anzeechne vu Parkplazen op de Stroosse mol riets mol lénks dréit sécherlech zur Reduzéierung vum Tempo bäi, mécht dës Stroossen awer och oniwwersiichtlech an domat geféierlech fir Vëlosfuerer.

©MMTP Di Opwärtung vu Fusswéeër duerch Barrierefräiheet huet an eiser Gemeng an der Rue Grande Duchesse Charlotte scho ugefänk

Flott sinn och de Pedibus vu Rolleng an d’Schoulen (enger Initiativ vun Interactions Faubourg an der Gemeng) an d’Ausschaffe vun enger Vëloskaart fir d’Schoulkanner duerch d’Elterevertrieder an Zesummenaarbecht mam Schoulkomitee an der Verkéierskommissioun. Dës Kaart gouf am Schoulbuet 21/22 publizéiert an d’Eltere vun de Schoulkanner kruten se geschéckt, allerdéngs fënnt een d‘Informatiounen iwwert dëse Projet um Internetsite vun der Gemeng nëmme schwéier.

En äusserst geféierleche Passage bleift fir d’Vëlosfuerer, an dat net nëmme fir déi kleng, an der Garer Strooss zu Miersch. Zwar ass do elo zum Deel e Vëloswee agezeechent, mee dee gëtt all Dag vun honnerte vu Bussen iwwerquiert. Et wär ze wënschen, wann grad dës Plaz méi zougänglech géif fir Vëlosfuerer, fir datt si sécher op den Zuch ëmklammen oder en iwwerquiere kënne fir an den Zentrum respektiv zréck ze kommen.

Och d’Verdeelung vun de Weeër tëscht Foussgänger a Vëlosfuerer am Mierscher Park misst iwwerduecht ginn, sou wéi rezent an de Parke vun der Stad Lëtzebuerg mam Zil dës Weeër souwuel fir d’Vëlosfuerer wéi och fir d’Foussgänger esou sécher a bequeem wéi méiglech ze maachen.

1 Kommentar

  1. Gudde Mëtten,
    Fir d’éischt mol Merci fir all är Explikatiounen zum PNM 2035. Als Alldagsvelosfuerer a bal deegleche Benotzer vum öffentlechen Transport (hu keen Auto), hun ech natierlech e gewëssen Interesse un all Verbesserungen vun der doucer Mobilitéit. Duerfir hei méng Iwwerleeungen:
    1) Sou wéi och déi Gréng bedaueren ech, dass d’Gemeng sech nach ëmmer net favorabel zu enger Verkéiersberouegung mat engem sëcherem Veloswee tëschent Miersch a Lëntgen ausgeschwaart huet. Ech benotzen déi Streck reegelmässeg, oft matt Kannerunhänger fir op de Kass Haff akafen ze fueren a sin zimlech gestresst wann ech muss tëschent Parklücken a genervten Autosfuerer hin an hier fueren. Awer och d’Bewunner sin net nëmme mat dem Trafik geplot, mee wärten och kaum op de Velo klamme fir op eng Gare ze fueren.
    2) Als Velosfuerer duerch d’rue Grand-Duchesse ze fueren ass lo méi geféierlech wéi virdrun, ausser et wier erlaabt iwwert den Trottoir ze fueren, wat nees Konflikter mat de Foussgänger provozéiert. Als Autofuerer kann een zwar virum Geschäft parken, mee als Velofuerer bréngen ech mech an där Strooss a Gefor. Also vermeiden ech an den Zentrum akafen ze goen.
    3) Weeër am Park getrennt. Jo, an der Stat hu si dat gemaacht. Si hun alt nees dem Velosfuerer Raum eweg geholl. Déi Weeër déi nëmme fir de Velosfuerer geduecht sin, gin och weider vun de Foussgänger genotzt. Mee trau dech nëmmen net e Foussgängerwee als Velosfuerer ze notzen. Mam Resultat, dass eng Famill mat Veloen lo net méi dierf bis bei d’Spillplaz fueren. An dobäi gin et an der Stat eng Parti Familljen, haaptsächlech Europäer, déi sech mat Velo deplacéieren. Ausserdeem sollt ee villäicht d’Stat Lëtzebuerg net als Virbild huelen.
    Duerfir sollt een och zu Miersch dem Velosfuerer net ze vill Raum eweghuelen. Als Velosfuerer ass et déi eenzeg Méiglechkeet d’rue G.-D. Charlotte ze meiden an ausserdeem och zu Miersch komme vill Famillje mam Velo op d’Spillplazen. Ech verstin, dass et heiansdo rücksichtslos Velosfuerer gin, mee déi meescht maachen dat mat Respekt an dann huet een och keng Problemer.

    Mat frëndleche Gréiss
    Liette Stirn

    P.S.: Nach eng kleng Bemierkung zum Park: an engem fréiere Beitrag koum d’Iddi op, fir nei Iddien ze sichen, fir de Park nach méi attraktiv fir Leit ouni Kanner ze gestalten. Fannen ech eng flott Saach an ech wier och eventuell bereet ab nächst Joer do matzeschaffen.

    Like

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: