Gemeinschaftsgaart an der Mierscher Gemeng

gemeinschaftsgaart_mersch

Zënter dräi Joer huet d‘Mierscher Gemeng e Gemeinschaftsgaart wou zeng Parzellen u privat Leit an un zwou Organisatiounen (Gaart an Heem; Transition Lëtzebuerg/Miersch) opgedeelt gi sinn. An menger Strooss wunnt eng Famill, déi ganz aktiv an deem Gemeinschaftsgaart schafft, awer och selwer doheem e Permakulturgaart ugeluecht huet. Ech fannen dat ëmmer spannend ze gesi wéi aktiv an engagéiert d’Jitka…

Wéini kritt Miersch endlech säi Bëschkierfecht ?

bëschkierfecht

Scho virun 8 Joer, am Gemengerot vum 16.07.2012, hat ech een Debat iwwert e Bëschkierfecht gefrot:  Point 17 de l’ordre du jour: Aménagement d’un Bëschkierfecht, débat en vue d’une décision de principe. Conclusioun: La proposition sera inscrite à l’ordre du jour des prochaines séances du comité de la convention Uelzechtdall.  An dat war et.  Den…

Projet 380 vun der CREOS

D’CREOS plangt am Kader vun der Modernisatioun vun hiren Infrastrukturen den Héichspannungsreseau vun 220 op 380 Kilovolt beim Import vu Stroum aus Däitschland eropzesetzen  fir op laang Siicht déi elektresch Energieversuergung am Land ze assuréieren. Fir dat ze erlaben, misst eng nei Héichspannungsleitung gebaut ginn déi ënnert anerem duerch den Uelzechtdall géif féieren. Dësen neie Projet…

Gemengerot vum 9. September 2020 CSV-DP zu Miersch : Geld spillt keng Roll

Approbation de l'avant-projet détaillé avec devis pour l'aménagement d'un «Pompjeesmusée» à Moesdorf; De Gemengerot sollt gutt 1,5 mio € votéieren fir ee Pompjeesmusée, wou mer kee Projet ze gesi kritt hunn, wéi de Musée soll funktionéieren a geréiert ginn. Et sollen haaptsächlech zwee al Autoen an zwee Leederween ausgestallt ginn, déi permanent duerch eng Vitrinn kënne gekuckt…

Gemengerot vum 27. Juli 2020

Approbation du nouveau règlement général de police; D’Reglement ass unanim gestëmmt ginn. Et si wéineg Froe gestallt ginn, well d’Dokument schonn an enger Aarbechtssëtzung virgestalt an diskutéiert ginn ass. Et ass wichteg, datt mer e Reglement hunn wat à jour ass. Eis zwee Bannhidder mussen sech kënnen drop verloossen, datt déi Kontrollen déi si maachen net…

Gemengerot vum 29. Juni 2020

  Enseignement fondamental: Approbation de l'organisation scolaire provisoire de l'année scolaire 2020/2021 D’Zuel vun de Schoulmeeschteren a Léierinnen hängt of vum engem “contingent de leçon”, deen iwwert e Règlement grand-ducal festgeluecht ass. Fir Miersch ass den « encadrement de base » 1,75. Den Indice social läit onverännert bei 0,1741. Den Taux d’encadrement réel fir d’Schouljoer 2020/21 läit…

Mierscher Gemengerot vum 27. Mee 2020

Personnel enseignant : Propositions d’affectation (liste 1)  Vote à huis clos  Nom Huis clos ass festgehale ginn, datt 8 KandidatInnen fir den Enseignement fondamental gestëmmt gi sinn : Claire KUGENER, Jo SCHREINER, Pamela FLICK, Merve TÜRKEN, Tessy AREND, Cindy GASPAR, Lucie PETER, Sandy PERDIGAO CARVALHEIRO. Ee Kandidat ass net gestëmmt ginn. Corona Feedback: D’Schoulrentrée ass gutt verlaf: Merci un de…

Mierscher Gemengerot vum 29. Abrëll 2020

Préliminaires: De Gemengesekretär informéiert iwwert d'Corona-News aus der Gemeng D’Gemeng Miersch huet 49.000 Masken verdeelt, all Bierger huet der 5 kritt. Si sinn vun de Gemengeleit an engem Dag agepakt ginn an och an engem Dag ausgedeelt ginn. Et kommen keng Masken méi iwwert d’Gemeng no. (Haut wësse mer awer, datt d’Regierung 50 Maske fir…