Gemengerot zu Miersch an Zäiten vun Corona

Den 8. März war de Mierscher Gemengerot eng engem ganz ongewinnte Kader. Zwee Conseillere waren net bei der Sëtzung derbäi. Een dovunn, de grénge Conseiller Jhemp Reckinger hat sech als Personne vulnérable deklaréiert, woufir och jidfereen absolut Versteestemech hat. De Jhemp hat dem Claude Adam d’Prokuratioun ginn, fir fir hie mat ze stëmmen.  Zwee Posten…

Roadshow RGTR (Régime Général des Transports Routiers) zu Miersch

En Donneschdeg Owend, 5. Mäerz, war de Minister François Bausch zu Miersch fir d’Neierungen vun der Reorganisatioun vum Réseau vum ëffentlechen Transport virzestellen. De Minister Bausch huet dat souverän gemaach. Hie kennt säin Dossier a bréngt seng Messagen gutt un de Publikum. De Sall war bis op di leschte Plaz gefëllt an et war eng ganz agreabel Versammlung.…

Sportkomplex um Mierscherbierg

D’Gemeng Miersch huet wëlles de gréissten Deel vun hire Sportsinfrastrukturen op de Mierscherbierg ze konzentréieren: Sportshalen, Fussballterrainen, Tennisfelder, eng Hal fir Fester an e Parkhaus, dat alles soll do nei gebaut ginn. Mir hate gefrot, ob dann do net och nach Plaz wier fir eng Primärschoul. Nee, huet et laang Zäit geheescht, fir esou eng Schoul wier…

Mierscher Flexibus

De Flexibus ass am September 2005 zu Miersch agefouert ginn. Et war d’Resultat vun enger ganzer Rëtsch Etüden an Diskussiounen vum deemolegen blo-gréngen Schäfferot. déi gréng Miersch hunn et ëmmer begréisst, datt mir als Gemeng esou eng Mobilitéitsoffer geschaf hunn. Mir hunn awer och schonn zimmlech fréi gefrot, fir eng Evaluatioun vum Projet Flexibus ze kréien.…

Photovoltaik Infoowend zu Kruuchten, den 05. September 2019

Flott Info fir unzefänken: An der Gemeng Noumer gëtt esou vill grénge Stroum produzéiert wéi es verbraucht gëtt! De Minister Claude Turmes weist sech beandrockt vun der Gemeng a sengen Awunner, a betount d’Noutwendegkeet, weider an d’Richtung vun den erneierbaren Energien ze goen.Dat neit Reglement, dat réckwierkend op den 1. Januar 2019 a Kraaft getrueden ass, gëtt Lëtzebuerg…

Alles op de Vëlo Mamer Miersch

Déi 24. Editioun vum Vëlosdag hat vill Succès. Ganz vill Leit ware mat hirem Vëlo de Sonndeg, den 14. Juli 2019 op der Streck ënnerwee. Ganz sympathesch, datt déi Veräiner bereet waren, hiert Schlassfest eng Woch méi spéit ofzehalen, an de Vëlosdag um 14. Juli méiglech gemaach hunn. Mam Vëlosdag sollt och drop higewise ginn, datt d’Streck tëschent Miersch a Mamer net…