Mir sinn eng flott Equipe vu Leit aus der Gemeng Miersch, déi sech zënter 1993 fir en ökologescht an ressourceschounend Liewen an eiser Gemeng asetzen. Eise Memberen engagéiere sech an deene berodend Komissiounen, déi de Schëffe- an de Gemengerot installéieren. Eise Gemengeconseilleren beméie sech, aus der Oppositioun eraus déi Décisiounen vu Schëffe- a Gemengerot an dem Sënn zu verbesseren.
Mir informéieren d’Ëffentlechkeet iwwer Froen, déi sech mat Ëmweltschutz, Nohaltegkeet a Gerechtegkeet beschäftegen.
D’Artikelen op eiser Internetsite gi vun all gréng Membere geschriwwen, dobäi ënnerscheede mir tëscht privat an ëffentlech Meenungen. Wann e Member an eenem Artikel seng perséinlech Meenung ofgitt, di net onbedéngt dem Quorum vun der Sektioun entspriecht, gitt den Artikel mam Numm vum schreiwende Member ënnerzeechent. Wann di Positioun, di am Artikel vertruede gitt, en d’Accord vun der Sektioun duerstellt, ass en net ënnerschriwwen. De Numm vum „Verfaasser“, den iwwer dem Artikel notéiert ass, entspriecht net onbedéngt dem Numm vum Auteur vum Artikel.