Eis Positioun zum Budget 2022

Wann an der Politik iwwert de Budget diskutéiert gëtt, da gëtt ganz gäre vill schwaarz-wäiss gemoolt : D’Majoritéit fënnt alles gutt a stëmmt fir de Budget, d’Oppositioun fënnt alles schlecht a stëmmt dergéint. Besonnesch an der Gemengepolitik kann een déi Debatten awer och e bësse méi nuancéiert ugoen. An der Gemeng Miersch z. B. stëmmt d’Oppositiounspartei LSAP…

Budget Gemeng Miersch (3/3)

Miersch Gemengebudget

Mir ginge probéieren, déi politesch interesséiert an engagéiert Leit aus der Gemeng mat an d’Decisiounsprozesser anzebannen. Am Koalitiounsaccord vun de Majoritéitsparteien steet net vill dozou, mee ëmmerhinn, ënnert dem Kapitel  « Civisme et démocratie » steet:   3)  Consultation préalable de la population pour des projets d’envergure par le biais de work-shops, enquêtes et autres moyens  Do kéint een elo…

Budget Gemeng Miersch (2/3)

Déi gréng deelen eng ganz Partie vun den Decisioune vun der Majoritéit: D’Gemeng huet et färdeg bruecht, eng ganz Rei Terrainen ze kafen, virun allem um Mierscherbierg, awer net nëmmen do, déi et erlabe verschidde sënnvoll Infrastrukturen opzeriichten.Prinzipiell si mir mat dem neien Sportskampus um Mierscherbierg averstanen. Iwwert den Detail wäerte mer nach musse schwätzen. De…

Budget Gemeng Miersch (1/3)

Gemeng Miersch - Budget 2020/2021

Déi finanziell Situatioun vun der Gemeng Miersch ass ganz gutt. D’Gemeng Miersch huet relativ wéineg Schold (8,5 Mio fir 2021) D’Gemengeschold pro Awunner läit bei 844,00 € fir 2021, dat ass an eisen Aen rekordverdächteg niddreg. De « ratio de liquidité » läit bei exzellenten 3% (d’Limitt vum Intérieur ass op 20% fixéiert.) Mir kënnen also zu…

1,5 Milliounen € = 1.500.000 €

An enger idealer Welt ouni Problemer kéint een mat 1,5 Milliounen Euro e Gebai renovéieren, 4 al Pompjeesautoen drasetzen, déi een duerch eng Vitrinn kucke kann an da behaapten, et wär e Musée. An der realer Welt gëtt et awer Problemer, an ee vun den dréngendsten ass de Klimawandel. Neisten Zuelen weisen, dass mir spéitstens…