- Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant»
Ee Bungalow gëtt ofgerappt an zwee Wunnhäiser ginn op d’Plaz gebaut. - Urbanisme: Modification du projet d’aménagement particulier N° 18671/45C sis à Mersch aux lieux-dits «Rue de Pettingen» et «In den Gehren» pour le compte de l’administration communale de Mersch

- Urbanisme: Modification du projet d’aménagement particulier N° 16552/45C sis à Rollingen au lieu-dit «Rue de Luxembourg» pour le compte de la société à responsabilité limitée Renaco S.àr.l. de Mamer
Refus, well den Architekt sech net un d’Remarke vun der Cellule d’évaluation gehalen huet. - Urbanisme: Approbation du projet d’aménagement particulier sis à Rollingen au lieu-dit «Rue de Luxembourg» pour le compte de la société à responsabilité limitée Syneco S.àr.l. de Mamer
Refus, well den Architekt (dee selwechten wéi virdrunn) sech net un d’Remarke vun der Cellule d’évaluation gehalen huet. - Approbation du devis pour l’amélioration des infrastructures du Centre Aquatique Krounebierg à Mersch
Mir stëmmen 150.000,00 € fir an de Centre aquatique z’investéieren. Dovun ginn 52.000,00 € an de Réaménagement vun der Terrasse vum Wellness plus nach 17.000,00 € fir Blummebac’en op dëser Terrasse z’ersetzen. En Deel dovun ass scho während dem Covid shutdown gemeet ginn. - Approbation de la convention de collaboration avec l’asbl. Forum pour l’emploi et inscription d’un crédit budgétaire
Mir schreiwen 10.000,00 € an de Budget, a votéieren eng Conventioun mam Forum pour l’emploi. D’Gemeng subventionéiert just d’Hallschent vun de Rechnungen (Aarbechtsloun), déi d’«bénéficiaires de la prime de vie chère» kréien. Et gëtt keen eegene Service fir d’Gemeng Miersch well d’Méiglechkeeten et net hierginn, esou d’Majoritéit. De Forum pour l’emploi huet elo schonn eng 500 Clienten an der Gemeng Miersch.
Déi gréng si frou fir dësen éischte Schrëtt, dee mir allerdings als minimalistesch bezeechnen. Mir sinn der Meenung, datt gewëssen Hëllefen och fir eeler Leit missten ugebuede ginn. Wa mer z.B. gaëren hätten, datt d’Leit nach e bëssen Gréngs rondrëm d’Haus hunn, da wier et gutt, wann och déi Leit gingen beim Ënnerhalt ënnerstëtzt ginn. D’Conventioun leeft op ee Joer, an duerno kucke mer, ob mer dës Offer vläicht méi breet opmaachen. Dozou huet d’Majoritéit sech jiddefalls bereet erklärt, an duerfir hu mir dës Démarche och matgedroen. - Renonciation au paiement du loyer de la Brasserie „Beim Alen Tuurm“ pendant la période de fermeture obligatoire
Accord unanime. - Approbation de contrats, conventions et actes
Dee wichtegsten Akt ass mat Sécherheet deen, wou d’Gemeng d’Haus vun de «Consorts Harles» virun der Entree fir an de Park vun der Rue Nic Welter aus fir 500.000,00 € kaaft huet. De Gabarit ass protegéiert. D’Haus ass an engem «État d’insalubrité» a wäert ofgerappt ginn. - Confirmation de règlements de circulation temporaires
- Statuts de sociétés : avis
De Mierscher Tennis huet ee ganz neie Comité kritt. Da war och noutwänneg, well do luch villes am Onkloren. ( cf: https://deigrengmiersch.lu//2020/10/28/gemengerot-vum-21-oktober-2020/) - Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers
All Gemengeconseiller’en hunn an der läschter Woch zwou Maile vun Eltere kritt, déi sech driwwer beschwéiert hunn, datt hier Kanner am Précoce net kënnen an d’Maison Relais goen.
De Claude Adam huet nogefrot, firwat d’Kanner aus dem Précoce net kënnen an eng Maison Relais goen.
De Schoulscheffen Michel Reiland huet geäntwert: De Précoce konnt nach ni hei zu Miersch an d’Maison Relais goen. D’Maison Relais huet den Agrément och fir déi kleng Kanner. D’Gemeng kéint se huelen, wa se wéilt. Mee si wëll net, well mer keng Plaz hunn.
«Précoce musse mer net maachen», seet de Scheffen Michel Reiland. Si hätte sech gefrot, ob si déi Kanner vum Précoce iwwerthaapt nach solle komme loossen. De Précoce wäert och an enger noer Zukunft net an d’Maison Relais kommen. De Michel Reiland versteet déi Roserei vun de Leit net. 90 Kanner op der Waardelëscht fir an d’Butzenhaus (ëffentlech Crèche). Et si jo vill Kanner, déi an de Précoce kommen an an eng Privatcrèche ginn. D’Leit si verwinnt. D’Kanner si gutt encadréiert an eisen Infrastrukturen an da wëllen d’Leit hier Kanner alleguer bei eis ënnerdag kréien.
Mir haten eng länger Diskussioun, ob eng Gemeng iwwerhaapt misst ee Précoce ubidden.
Fir de Claude Adam ass dat am Schoulgesetz vun 2009 kloer geregelt. Och wann d’Schoulpflicht fir d’Kanner réicht mat 4 Joer ufänkt, hunn d’Kanner vun 3 Joer un ee Recht dropp, an de Précoce ze goen, also muss all Gemeng zu Lëtzebuerg esou eng Struktur ubidden. Hie bedauert och, datt de Schoulscheffen d’Privatcrèchen als Ersatz fir ëffentlech Strukturen recommandéiert. Wann net genuch Plazen an de Maisons Relais sinn, dann ass dat virun allem och d’Resultat vun enger onlogescher Schoulpolitik vun der Majoritéit. Wann d’Albert Elsen Schoul réicht ofgerappt gi wier, nodeems eng nei Schoul op engem aner Site gebaut gi wier, da kéinten all Kanner an eng ëffentlech Betreiungsstruktur goen.
Claude Adam
No responses yet