IWWER EIS
Zesumme fir ee liewenswäert Miersch
Mir sinn d’Mierscher Lokalsektioun vun der grénger Partei.
Mir sinn eng flott Equipe vu Leit aus der Gemeng Miersch, déi sech fir en ökologescht, ressourceschounend a gerecht Liewen an eiser Gemeng asetzen.
Aktualitéiten
Categories:
Categories:
Categories:
Categories:
ERRUNGENSCHAFTEN
Wat mir schon erreecht hunn
Mir sinn zënter 1983 bal onënnerbrach an der Oppositioun vum Mierscher Gemengerot, dat erméiglecht eis just, déi Décisiounen vun der Majoritéit am politeschen Discours zu verbesseren. Projete, déi mir ugestouss hunn oder ënnerstëtzen:
1.
Ëmbau vun der Rue Grande Duchesse Charlotte
Fir si opzuwäerten soll d`Rue Grande-Duchesse Charotte zu einer Shared Space Zone ëmgebaut ginn. Bis elo ass si méi foussgängerfrëndlech ëmgebaut ginn. Mir schaffen weider drun.
2.
Bëschcrèche
Hu mir jorelaang gefrot. Am Joer 2025 soll si endlech réaliséiert ginn. Domat komme vill vun eise Mierscher Kanner nach méi no mat der Natur an Kontakt.
3.
Repaircafé
An eiser Gemeng hunn eis Bierger regelméisseg d’Geleeënheet, futtis Geräter selwer ze reparéieren an esou di Liewensdauer vun de Geräter ze verlängeren.
4.
Café des langues
Hei léieren an trainéieren eis auslännesch Matbierger, di Lëtzebuerger Sprooch a kënnen sech op dës Manéier gutt an eis Gesellschaft integréieren.
5.
Wëllblummewisen
Eng wichtegt Initiative fir eis wëll Insekten zu ënnerstëtzen an eis Biodiversitéit ze stäerken.
6.
Bëschkierfecht
Dat hu mir 2012 fir d’éischte Kéier gefrot. Et war e laange Wee fir de Gemengerot ze iwwerzeegen, eng religiounsfräi Plaz fir d’lescht Rou zu schafen. E kënnt elo nieft de Klaushaff.
7.
Geschierkëscht
Virwat soll jiddereen dat selwecht Geschierr kafen, wat ee just eemol brauch? Just eemol kafen an u vill Leit ausléinen ass eng nohalteg Alternativ.
Eist nächst Event
Kommt bei eis – a mat eis an d’Gespréich!
Eise Kommitee
Fir Är Iddien an Uleies am Ëmweltschutz, der Nohaltegkeet an engem gudden Zesummeliewe setze mir eis gär an!
Alexander Jolivet
President
Lis Mossong
Secretaire
Felix Bemtgen
Gemengeconseiller
Batty Gallion
Gemengeconseiller