Zënter enger ganzer Rei vu Joren hunn eis Maison Relaise vun Inter-Actions sech dem Projet « Natur genéissen: mir iesse regional, bio a fair » vum Sicona ugeschloss.

Wat heescht dat?

Grondsätz vun dësem Projet sinn, datt virrangeg soll op saisonal regional Produiten zeréckgegraff ginn, déi nohalteg ugebaut ginn. D’Betreiungsstrukture sollen 13% vum gesamten Akafswäert vun hire Liewensmëttel bei Produzente kafen, déi sech dësem Projet ugeschloss hunn. 30% vun alle Produite solle biologesch Produite sinn an et soll wäitméiglechst op staark verschaffte Liewensmëttel verzicht ginn. Doriwwer eraus gëtt och virgeschriwwen, datt Liewensmëttel, wéi z.B. Rëndfleesch, musse vu Lëtzebuerger Betriber komme, ganz einfach well et dees genuch hei am Land gëtt. Liewensmëttel, déi net an Europa verfügbar sinn, mee aus südleche Regioune stamen, solle wéinstens fair gehandelt sinn, sou z.B. Banannen, Quinoa oder Räis.

Dëse Projet dréit also net nëmmen zu enger gesonder a nohalteger Ernierung vun eise Kanner bäi, mee d’Betriber kréien e planbaren Ofsazmaart gebueden a sécheren hinnen en Akommes. Natierlech ass et net nëmmen e Kréien, mee och e Ginn: Sou musse Betriber nieft anere Kritären komplett op genmanipuléiert Fuddermëttel verzichten a 5% vun hirer Produktiounsfläch fir naturno Flächen a Strukturelementer wéi z.B. Hecken zur Verfügung stellen, dëst fir einheimeschen Déieren- a Planzenaarten e Liewensraum ze bidden. Domat leeschten si e Beitrag zum Erhalt vun der Biodiversitéit. Och op d’Déierewuel gëtt Wäert geluecht. Zousätzlech gi vill laang Transportweeer erspuert.

Elo zeréck zu eiser Gemeng!

Wann een sech d’Kaart vum Sicona Zentrum ukuckt, fält engem direkt an d’Aen, datt Miersch, nieft zwou anere Gemengen, net offiziell un dësem Projet deelhëlt a keng Natur genéisse Gemeng ass. Dat ass ëm esou méi erstaunlech, well eise Schäffe Michel Reiland President vum Sicona Zentrum ass.

Op eng kierzlech Nofro vun dem grénge Conseiller Felix Bemtgen hin, schéngen och keng Bestriewungen ze bestoen, dësem Projet bäizetrieden an en am Laaschtenheft vun de Maison Relaise fest ze verankeren.

Do stellen sech dann awer eng ganz Rei Froen:

  • Wisou ënnerstëtzt déi Gemeng, déi de President vum Sicona Zentrum stellt an deen am Schäfferot mat decidéiert, dëse positive Projet vum Sicona net?
  • Wat ass d’Argumentatioun, déi derzou féiert, dësem Projet net bäizetrieden? Virun e puer Joer goufen nach Liwwerengpäss ugefouert, déi schéngen awer scho laang iwwerwonnen ze sinn.
  • Wisou gëtt dëse Projet vun der Gemeng och bei de Mierscher Baueren net méi promouvéiert. Et gëtt nämlech hei zu Miersch kee Bauer, deen sech dësem Projet ugeschloss huet.
  • Firwat ënnerstëtzt d’Gemeng d’Maison Relaisen net bei dësem Projet andeems si en offiziell unerkennt?

Et ass eise Maison Relais héich unzerechnen, datt si sech fräiwëlleg em eng nohalteg, saisonal a gesond Ernärung vun eise Kanner këmmert. Et wier et awer och flott, wann eis Gemeng do géif derhannert stoen an sech aktiv géing engagéieren.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert