Categories:

Net méi spéit wéi de 14. Oktober huet de Jean-Baptiste, genannt Batty Gallion als Conseiller fir déi gréng Miersch d’Nofolleg vum Mariette Weiler am Gemengerot ugetrueden.

De Batty ass zu Bartréng an zu Stroossen opgewuess, wou hien och nach aktiv an der Regionalequipe vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute bei de Jugendleche Carapio matschafft. Turnen am Ettelbrécker Turnveräin ass eng zweet Leidenschaft a senger Fräizäit.

Als Papp vun 3 Kanner wunnt hien zënter 2017 mat senger Famill hei zu Miersch. Studéiert huet hien Soziologie an Eisträich an an Däitschland a schafft elo als Chargé d’Enseignement am Centre socio-éducatif de l’Etat.

Scho fréi politesch engagéiert 

De Batty krut scho fréi d’Wichtegkeet vun engem politeschen Engagement matt, waren dach och scho säi Bopi a seng Tatta zu Stroossen an der Politik erfollegräich aktiv. A säin Interessi huet zënterhier net nogelooss. Theme wéi familljefrëndlech a kannergerecht Strukturen an der Gemeng, e nohaltegen Ëmgang mat onse Ressourcen, eng ressoucëschounend Bautepolitik, d’Erhalung vun enger biodiverser Ëmwelt an Natur souwéi d’Fërderung vun Infrastrukturen, déi der Gesondheet vun de Bierger zegutt kënnt, an dat alles an engem sozial gerechte Konzept, leien him, nieft aneren Themen, besonnesch um Häerz. Vun dohier war et net wäit fir sech bei deene gréngen anzebréngen, an no kuerzer Bedenkpaus huet hie sech decidéiert 2023 den Challenge vun de Gemengewalen unzehuelen.

Säin oppent Ouer a seng Convivialitéit hunn him bei de Mierscher Wieler zu engem schnellen Erfolleg verhollef, war hien dach 2023 fir d’éischte Kéier mat op d’Lëscht. Hie  freet sech drop, am Gemengerot kënne matzewierken an do déi gréng Interessen ze vertrieden, och wann déi net ëmmer deene vun der Majoritéit entspriechen.

Gutt virbereet an de Gemengerot

An deene leschte Méint huet de Batty sech duerch säi Matwierken an der Verkéierskommissioun a seng Kontakter mam Felix Bemtgen an dem Mariette Weiler, awer och mam Rescht vun déi gréng Miersch, gutt op seng Roll als neie Conseiller virbereet.  Bei der gudder Virbereedung bleift awer nach eng vuerwëtzeg Spannung wat nach alles op hien duerkënnt. Hie wëll sech och déi néideg Zäit huele fir sech an déi verschidden Dossieren eranzeschaffen.

Mir als gréng Miersch sinn op alle Fall iwwerzeegt, datt de Batty Gallion dem Mariette Weiler seng Nofolleg beschtens meeschteren an déi gréng Iddien zesumme mam Felix Bemtgen gutt vertriede wäert.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert