Categories:

D’Mariette Weiler huet Enn August seng Demissioun aus dem Mierscher Gemengerot eragereecht an dat aus perséinleche Grënn, fir bëssi méi lues ze trëppelen an och fir de Wee fir eng méi jonk Generatioun fräi ze maachen.

Dem Mariette seng politesch Carrière hei zu Miersch huet 2005 ugefaange wou hatt fir d’éischt fir déi gréng mat an d’Wale gaangen ass. D’Aarbecht an der Equipe war esou flott a konstruktiv, datt hatt och 2011 voller Engagement erëm derbäi war. Als Spëtzekandidatin nieft dem Claude Adam sinn si dunn och zesumme mam Jo Brandenburger a Charel Bemtgen an de Gemengerot gewielt ginn. 2017 an och bei de leschte Walen 2023 krut d’Mariette seng gutt Aarbecht a säin nobäi 20-järegt Engagement vun de Mierscher Bierger bestätegt. Donieft huet d’Mariette déi gréng a verschiddene Kommissioune, wéi der Gläichstellungs-, der Ëmwelt- a Bautekommissioun vertrueden.

Aus der Oppositioun eraus ass et net ëmmer einfach eppes ze bewierken. Virun allem awer geet et dorëm Denkustéiss ze ginn, konstruktiv Iddien anzebréngen a matzeschaffen. Déi gutt Zesummenaarbecht ënnert de grénge Parteikolleegen koumen der Aarbecht am Gemengerot zegutt. D’Mariette huet och déi kollegial Atmosphär am Gemengerot an de leschte Jore geschätzt. Och wann een net ëmmer enger Meenung war, sou gouf se awer gehéiert a respektéiert.

Munchmol ass och Beharrlechkeet an Ausdauer gefrot. Sou um Beispill vum Bëschkierfecht, deen d’Mariette schonn 2012 als éischt op den Ordre du Jour setze gelooss huet. Haut, 12 Joer méi spéit, ass en a Planung.

En anert Thema war den Amenagement vu Verbindungsweeër fir de Vëlo vu verschiddene Mierscher Quartieren. An der rue des Champs ass et duerch säin Asaz elo méiglech mam Vëlo de verkéierte Wee duerch d’Einban ze fueren, leider net realiséiert gouf des Méiglechkeet an der Bierenger Strooss. Och e Vëloswee laanscht d‘Äisch tëscht Recken an der Gare war eng Iddi.  Et blouf leider just eng Iddi obwuel dee potentielle Vëloswee nët just als direkt Verbindung fir op d’Gare ma och als Spazéierwee interessant gewiescht wier.

De Reamenagement vun der Colmer Strooss zur Verkéiersberouegung, de Réckbau vun der N7, fir se méi biergerfrëndlech ze gestalten an de Reamenagement vun der Haaptstrooss mat engem Shared Space oder de Bau vu neie Schoulinfrastrukturen ware weider Schwéierpunkttheme vun deene grénge Vertrieder am Gemengerot.

A last but not least Ëmweltthemen: sou duerfen haut keng Sprëtzmëttele méi an de Gemengebetriber agesat gi fir d’Onkraut ze bewältegen, et goufen éischt Blummewisen ugeluecht an am Bautereglement gouf festgeluecht wéi eng Plaze ronderëm d’Haiser mussen als gréngen Espace bleiwen, dat fir d’Uleeë vu Schottergäert ze evitéieren. D’Renaturéierung vun der Uelzecht oder déi traditionell Freedefeieren no a no duerch z.B. lieweg Lightshowen ze ersetze goufe bis ewell leider net ugaangen. Och méi eng naturschounend Bebauung vu verschiddene Parzellen an der Gemeng bleiwe wënschenswäert, sou z.B. an der Bouvardstrooss.

Mir vun der grénger Sektioun Miersch si frou, datt d’Mariette weiderhin aktiv an onser Sektioun matschafft a soen him en décke Merci fir säi laangt Engagement am Conseil.

Mam Batty Gallion, deen am Conseil noréckelt, fënnt hat e wierdegen Nofollger fir zesumme mam Felix Bemtgen d’Ziler vun déi gréng am Gemengerot weiderhin ze vertrieden.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert