Dëst ass lo den éischte Budget no de Gemengewalen. D’Walprogrammer vun ären 2 Parteien hunn nëmmen sou gestrotzt vu Virschléi fir eis Gemeng op d‘ Erausfuerderunge vum Klimawandel an de Verloscht vu Biodiversitéit vir ze bereeden.
Mir musse leider feststellen, datt just e puer vun de Virschléi et op d’Lëscht vun den neie Projet’en gepackt hunn. Mir haten eis do méi erwaart.
Infrastrukturen
Sécher, zu Miersch goufen a gi ganz vill Suen an d’Infrastrukture gestach. Vill gëtt an de Steen investéiert. Dat ass och noutwendeg a mir hunn déi Posten och (bis op den neie Schoulcampus, well mer do ëmmer der Meenung waren, datt dat eng praktesch schwiereg an ganz deier Operatioun war an ass) matgedroen. Et muss awer net alles „gold plated“ sinn. Mir freeën eis och, datt an der neier Industriezone um Mierscherbierg virgesinn ass, datt all Gebaier musse praktesch Nullenergie oder esouguer Plusenergie-Gebaier ginn. D’Gemeng selwer huet dat fir hier eege Gebaier awer nii als Usproch geholl. Schued, well d’Gemeng misst jo do eng Virreiderroll spillen, an un de Suen huet et jo all déi Joren net gefeelt.
Zënter Corona, dem Ukrainkrich an zulescht dem Krich tëscht der Hamas an Israel, gëtt d’Liewen ëmmer méi schwéier fir vill vun eise Matbierger – souwuel aus finanzieller, wéi och aus mënschlecher Siicht.
Jo, d’Gemeng huet an de soziale Wunnengsbau investéiert a mécht dat och weiderhin.
Jo, d’Gemeng ënnerstëtzt och finanziell Haushalter an Nout, zum Beispill via den Office Social. Och dat begréisse mir.
Mir begréissen et, datt eng Naturcrêche virgesinn ass. Leider sinn et just 100.000€, wat net duer geet fir eng Crèche ze bauen. Well dat awer eng Saach ass, déi dringend zu Miersch gebraucht gëtt, hoffe mir, datt mat deenen 100.000€ eng mobil Léisung ëmgesat gëtt, déi och a noer Zukunft benotzt ka ginn.
Klima
Wéi gesäit et mat der «transition énergétique» aus? Den Ausstig aus de fossillen Energië war op der COP 28 ee ganz groussen Diskussiounspunkt. Wat si konkret Mesuren, déi d’Gemeng Miersch sech virgeholl huet, fir géint de Klimawandel, de Biodiversitéitsverloscht an déi sozial Ongerechtegkeeten an d’Energiekrise vir ze goen? Firwat sinn d’Subsiden net wéinstens dem Index ugepasst ginn?
Wéi steet et iwwerhaapt mat de Subside wat d’Energie betrëfft? Wéivill Demanden ginn all Joer un d’Gemeng geriicht? Ass eng reell Demande bei de Leit aus der Gemeng do? Wann net, da musse mer eis d’Fro stellen, op eis Subsiden attraktiv genuch sinn, op mer net eventuell méi Reklamm musse maachen fir Energiespuermoossnamen. Wéini sinn eis Mesurë fir d’lescht ugepasst ginn? Wa mir se mat anere Gemengen vergläichen, dann hu mir d’Gefill, wéi wa mir zu Miersch net grad Virreider wieren.
Wou ass de Budget fir Beem an den Uertschaften ze planzen, Beem déi eis zukünfteg Generatiounen dringend brauche fir an de waarme Summere mat der Hetzt eens ze ginn.
Wa mer déi rezent Tempo 30 Zone an der «rue comte d’Autel» an an der «rue des Romains» kucken, da si mer natierlech frou, dat do Beemercher gesat gi sinn. Déi solle jo mol eng Kéier méi grouss ginn, wéi déi Beem déi virdun do waren. Mee dat dauert nach eng laang Zäit, an duerfir sinn et der jo och däitlech manner wéi virdrun. An et ass keng Plaz mat Gréngs a Schied geschaf ginn, wou Leit sech am Summer kéinten an de Schied setzen a raschten, hei wier Plaz gewiecht, mee de Makadamm dominéiert alles.
Wat fir eng Gemengegebaier ginn nach mat fossilen Energië gehëtzt? A wat ass virgesi fir dat sou séier wéi méiglech ze änneren? Wéi gesäit et mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng aus fir dat d’Leit hir al Masoutstanken kënne raus geheien an duerch eng aner besser Heizung ersetzen? Mir denke virun allem un déi Leit, déi mam Héichwaasser geplot sinn.
Wéini wëll d’Gemeng Miersch dann aus de fossilen Energien erausklammen? Wann 2050 als Ziil gesat gëtt, fir global kënnen op fossil Energien ze verzichten, wat heescht dat fir eis Gemeng (Weltklimarat IPCC, das Klimaorgan der Vereinten Nationen (UN), und die zwischenstaatliche Internationale Energieagentur (IEA) bereits „globale Roadmaps“ für Null-Emissionen bis 2050 vorgelegt.) Hutt dir e Plang a konkret Ziiler? Mir gingen se gäre kenneléieren.
Ëmmer méi Betriber kafe Camion’en déi elektresch fueren. Wéi gesäit et fir d’Gemeng Miersch aus? Leider huet d’Gemeng net genuch Ladestatiounen beim Service Technique fir dem Ausstig aus de fossillen Energië gerecht ze ginn.
Wunnen
Wat d’Reserve foncière vun der Gemeng Miersch ugeet, kommen ech nach eng Kéier op mäi
Virschlag zréck fir dat d’Gemeng soll kucke fir den Terrain tëscht der Bouvard- an der Servaisstrooss ze kafen. Menger Meenung no, war de Moment nach nie besser. Wéi ass et mat den alternative Wunnstrukturen? Wunnen däerf kee Luxus sinn.
Wann et em modern Wunnforme geet si mir enttäuscht datt een tiny houses Projet et net an de
Budget fir 2024 gepackt huet. An der Koalitionsvereinbarung, déi am Juli ënnerschriwwe gouf, ass d’Thema Tiny Houses festgehale ginn. Sou hoffe mir dann datt dëse wichtege Bausteen fir ee gutt Wunnen zu Miersch fir jiddereen et dann an de Budget 2025 packt.
Verkéier
Mobilité douce, firwat steet d‘piste cyclable tëscht Schëndels a Miersch nach am Budget, déi ass dach fäerdeg? Mir begréissen awer de Bau vum PC14b vum Klaushaff op Miersch. Wat eis awer feelt, si Vëlosweeër an den Uertschaften a virun allem fir sécher mam Vëlo op d’Gare ze kommen. Beispill Récken – Miersch Gare? Wangert- Bierenger Strooss fir op d’Gare? Rolleng – Gare Etc.
Wéi ass et mat der Sécherheet? Et ginn eng etlech geféierlech Punkten, déi onbedingt missten entschärft ginn. An Agank vu Miersch vun Schëndels an och vu Récken an d’Areler Strooss aus sollt de Foussgängersträifen erhéicht ginn, fir dat net méi sou schnell kann an d’Uertschft gerannt ginn.
Dat gesot, kënne mir dëse Budget 2023-2024 net mat droen, et ass net alles schlecht drun, ma et geet bei wäitem net duer, vu d’Drénglechkeet vun den Erausfuerderungen, déi op eis duer kommen.
schreiwen Mariette Weiler & Felix Bemtgen, eise Gemengeconseillere
No responses yet