Categories:

Mir begréissen, dat d’berodend Kommissiounen an d’Aarbechtsgruppen zu Miersch weiderhin vun allen politischen Parteie besat ginn, ouni Ënnerscheed vun hirem politeschen Gewicht. Dat ass net iwwerall sou.

Dat de Bëschkierfecht um Klaushaff lo endgülteg Realitéit gëtt, freet mech besonnesch.

Mir si gespaant op d’Fërderung vun neie Bauformen, wat dir dorënner verstitt. Betreffend de Wunnengsbau ënnert Punkt 4 a wëssend, dat de Mierscher Promoteur zënter Méint Terraine verkeeft, ouni Obligatioun fir mat him ze bauen, sollt d’Gemeng kucken fir déi Parzell tëscht der Bouvart- an der Servais Strooss ze kafen – als Reserve an/oder do selwer een der Laach ugepassten, méi klénge Projet realiséieren. Sou kéinte puer Konflikter geléist ginn: éischtens ass et immens wichteg, dat dee Korridor fir d’Fliedermais erhale bleift. Zweetens kéinte laangjäreg Juristereie mat den Nopere vun der Parzell verhënnert ginn.

Mir hoffen, dat d’Realiséierung vum Rond-Point am Agang vu Schëndels am Respekt mat den Natura 2000 Zone geschitt, sou wéi dat scho viru geraumer Zäit gefrot gouf. Mir froen an engems een 90 Kmh Tempo-Limitt op der Autobunn an zwar vum Agang vu Miersch bis hannert déi 2 Tunnellen.

Betreffend d’Renaturéierung vun der Mamer, wou bis zu 50 Beem solle ëmgehae ginn (Artikel LW 02.07.23). Ass do virgesinn, de Gemengerot iwwert d’Detailer ze informéieren? Ass hei eng SUP gemaach ginn? Wat ass déi genau Envergure? Ass gekuckt gi fir sou vill wéi méiglech Beem ze verschounen? Bei der Renaturéierung vun der Péitruss an der Stad konnt mat sou engem Exercice eng grouss Unzuel vu Beem , déi ewech sollte kommen, schlussendlech stoe bleiwen. Wie war involvéiert? Sicona, Fieschter, Naturverwaltung? D’Renaturéierung vun der wäisser Iernz viru Joere huet fir d’éischt misse gestoppt ginn. Dunn an duerch ee gemeinsam erreechte Kompromëss vun de relevante Parteie konnten eng ganz Rei Nuisancen ewech geraumt ginn an d’Aarbechten mat enger anerer Envergure ëmgesat ginn. 

Zum Punkt 16, et brauch net just d’Planze vun Uebstbeem, ma och aner Beem, déi zur Beschattung vu Spillplazen, Trottoiren an ëffentleche Plazen bäidroe, fir dat mir d’Hëtzt, déi eis an deenen zukünftege Summerméint blitt, besser erdroe kënnen. An zwar iwerall, wou et nëmme méiglech ass.

Bürgersinn an Demokratie.

Mir froen hei nach eng Kéier, dat de Gemengebuet eng Plattform gëtt, wou all politesch Parteien, déi am Gemengerot vertruede sinn, Artikel publizéiere kënnen, wa si wëllen.

Domadder ginn ech d’Wuert un de Felix.

Bestëmmung vun Terrain fir d’ Wunnen an Tiny Houses ze erméiglechen,  fannen mir eng super Saach, an mir hoffen, datt dëst schnellst méiglech ëmgesat ka ginn, well et ass schnell ëmsetzbar a gëtt dringend gebraucht. D’ Jugend well lo op eegene Been stoen an net nach 4-5 Joer waarden. Leider ass dëst mat der aktuelle Wunnsituatioun zu Miersch net oder net fir jiddereen méiglech.

A villen Gemengen gëtt et schonn eng Bësch Crèche, déi och gutt besicht ass. Mir sinn frou, datt och eng op Miersch kennt a mir sinn eis sécher, datt och déi gutt besicht wäert sinn.

Leider ass et sou, datt an de leschten Joren ëmmer manner ugebueden gouf fir Jugend, déi ze al ass fir op eng Spillplaz ze goen an et ass ze guer Infrastruktur fir Jugendlecher zeréckgebaut ginn. Do hoffen mir, dat dësen Trend nees an eng aner Richtung geet, dofir freeën mir eis, datt e neien Skatepark an e Beachvolleyball-Terrain op Miersch soll kommen. Ganz besonnesch Freed et mech, datt et no 5 Joer waarden, wou e Beachvolleyball-Terrain vun eis an der Jugendkommissioun gefrot ginn ass, endlech schrëftlech festgehalen gëtt. An lo hoffen mir, datt et och deemnächst ëmgesat gëtt.

Voilà, fir de Recht freeë mir eis op eng weiderhin gutt Zesummenaarbecht am Mierscher Gemengerot.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert