Mat 13 vu 15 Stëmmen ass de Projet „Bouvart“ den 03.02.2025 am Gemengerot ugeholl ginn. Leider konnten mir iwwert déi läscht Joëren (GR 28.02.2022 an GR 03.02.2025) keen iwwerzeegen, géint dëse Projet ze stëmmen. Déi gréng waren ëmmer der Meenung, datt de Park hannert der Crèche L’Enfant Roi net soll bebaut ginn, mee als gréng Long fir de Quartier Gare erhale bleiwen. Dat hunn déi gréng Vertrieder am Gemengerot all Kéiers, wann dee Projet zur Debatt stoung, an dat war oft de Fall an deene leschte 25 Joer, ëmmer gesot an déi jeeweileg Majoritéit opgefuerdert, de Privatterrain am beschte Fall opzekafen.


Do kéint een dann eng ëffentlech Crèche oder betreit Seniorewunnengen oder einfach ee Park ariichten, deen allen Awunner zegutt kéim. Dat ass awer ëmmer op daf Ouere gestouss, bei allen DP-Buergermeeschteren zënter 1999.
Mir hate gehofft, de Michel Malherbe géing eventuell een anere Wee goen. Hien huet jo immens Geschéck bewisen, wéi hien Terrainen um Mierscherbierg kaaft huet fir den neie Sportsite (wat mir ëmmer begréisst hunn) a fir d’Zone artisanale ZAMID (wat mir als Noutwendegkeet fir Miersch ugesinn). Hien huet och mat eisem Mierscher Immobiliegigant dat eent an dat anert (Tausch)Geschäft am Interessi vun der Gemeng a vun der Immobilière fäerdeg bruecht.
Mee elo ass et fäerdeg. Elo ass de Bagger duerch de Biotop gefuer, Hecken a Beem déi Joerzingte gewuess sinn, sinn zerstéiert – an der Mëtt vun enger Wunngéigend, direkt nierft an zwëschend den Haiser.



Baue jo – an och d’Liewensqualitéit vun de Bierger erhalen!
Et ass sécher, datt nei Wunnenge musse gebaut ginn, mee mussen dofir all bestoend Grengflächen innerhalb vun der Uertschaft einfach zerstéiert ginn? Um fréiere Site vum Agrozenter, haut Rives de l’Alzette, solle ronn 2000 Mënsche wunne kommen. Och dat hu mir begréisst an eis dofir ausgeschwat. De Projet « Rue Alphonse Bouvart » gesäit vir, datt een Haus mat 4 Wunnunitéiten, 4 jumeléiert Eefamilljenhaiser an 8 Eefamilljenhaiser gebaut ginn. Mir sinn der Meenung, datt 16 Wunnengen op dëser Plaz wéineg un der Wunnengssituatioun änneren. Et däerf een och gespaant sinn, wat do den Ar kascht a wien sech dat nach leeschte kann. Eng aner Notzung vun dësem Biotop hätt an eisen Ae vill zur Liewens- a Wunnqualitéit no bei der Gare bäigedroen. Et ass en onverzichtbaren Deel vun eiser Ëmwelt. Esou en Mikrobësch bitt Liewensraum fir vill Déiren- a Planzenaarten, filtert d’Loft, späichert Waasser a suergt dofir, dass d’Temperatur méi kill bleiwt am Summer. An och fir d’Matbewunner vu kleng bis grouss hätt hei kéinten eng noleiend Oas entstoen fir sech vum dach oft stressegen Alldag ze erhuelen.
Et geet net duer, vu ‚Nohaltegkeet‘ an ‚Ëmweltschutz‘ ze schwätzen, et muss een och konkret Mesuren ergreifen.
D’Bierger matschwätze loossen!
Bei dësem Projet, den dach d’Liewensqualitéit vu ville Matbewunner betrëfft, hätt d’Gemeng eng transparent an authentesch Biergerpartizipatioun sollten zouloossen. Et goufe vill kritesch Stëmmen vu Matbierger, déi zwar gehéiert, awer schlussendlech ignoréiert goufen. E Biergerforum an dem sech d’Matbewunner kéinten abréngen a proaktiv un der Gestaltung vun hirem Quartier matschaffen, wär bei dësem Projet sécher ubruecht gewiescht.
Mir si net géint Fortschrëtt, mä mir si fir eng nohalteg an ëmweltbewosst Stadentwécklung. En alternativen Projet ob dëser Plaz, souguer mat enger behutsamer Bebauung ouni komplette Kalschnatt wär méiglech gewiescht.
Op deene enge Plaze gi Mikrobëscher ageweit, op aneren mat iwwer Joerzengte gewuessenen einfach tabula rasa gemaach?
Mir wënschen eis, dass d’Gemeng sech asetzt fir:
✅ Eng authentesch a transparent Biergerbedeelegung
✅ Den Erhalt vun eisen Naturräim fir eis Kanner an eis Zukunft.
De Projet « Rue Alphonse Bouvart » ass den 3. Februar 2025 am Mierscher Gemengerot ofgeseent ginn. Déi zwee Conseillere vun déi gréng hu géint de Projet gestëmmt.
No responses yet