Mir invitéieren Iech op eng Visite vum Fësch Haff zu Greiveldeng.
Do kucke mir eis d’Aquaponikanlag un mat där jonk Entrepreneuren gläichzäiteg Fësch ziichten a Geméis zéien, wat immens nohalteg a ressourcëschounend funktionéiert.
Duerno trëppele mir bei en no geleeëne Restaurant fir zesummen zu Mëtteg z’iessen.
Mëllt Iech w.e.g. fir dësen Event un, well di Plaze limitéiert sinn. Schreiwt w.e.g. Äre Numm a Handysnumero an de „Kommentar“. Merci!
Treffpunkt ass de Parking ënnert der rouder Bréck op der Bieschbecher Säit.