D’Gemeng huet een neie Bijou – de Rond-point beim Cactus. Nodeems eng Wëllblummewiss mol temporaire drop geséint war, hunn eis Gemengepappen elo hir Visioun vun enger schéiner Entrée an d’Uertschaft realiséiert.
E grousse Sandsteen steet an der Mëtt, a ronderëm sti Stolfiguren, déi anscheinend d’Schaffen an der Gemeng viru laaaanger Zäit symboliséiere sollen. Genee ass dat net gewosst, well iergendwéi hu si vergiess, dat Ganzt ze erklären. Ma vläicht kënnt do jo nach eppes. Mee wat mir genau wëssen:
Wa wärend honnerte Joren d’Landwirtschaft am Fokus vun den Aktivitéiten an der Gemeng stoung, huet d’Gemeng den Haaptacteur vun deenen Aktivitéite komplett vergiess: d’Kultur- an Naturlandschaft! Esou bleift op dem Rond-point just eng kuerz geschnidde gréng Wüst. Wëllblummen? Beem? Fehlanzeige!
Mir kënnen eis Gemengepappe just dozou ermonteren, de Rond-point mat Beem a Wëllplanzen ze ergänzen. Si si liicht ze geréieren! Si erhéijen NET den Accidentsrisiko! A si spende Schied a killen d’ Plaz iwwer dem Makadamm.

Comments are closed