Categories:

An enger idealer Welt ouni Problemer kéint een mat 1,5 Milliounen Euro e Gebai renovéieren, 4 al Pompjeesautoen drasetzen, déi een duerch eng Vitrinn kucke kann an da behaapten, et wär e Musée.

An der realer Welt gëtt et awer Problemer, an ee vun den dréngendsten ass de Klimawandel. Neisten Zuelen weisen, dass mir spéitstens 2030 eis ganz Energie op erneierbar Quellen ëmstelle mussen, a jo, dat geet wann ee well. Dofir mussen awer onbedéngt och d’Gemenge matmaachen.

Leider hu vill Erwuessener opgehale mat rechnen wéi dat op eemol Mathe genannt ginn ass. Besonnesch Politiker doe sech mat Rechnen a groussen Zuelen schwéier, wat e Feeler ass, well alles wat ee brauch, hu si a mir an der Primärschoul geléiert. Dofir hei eng Rechnung fir eis Politiker:

Fir 1,5 Millioun Euro kann d’Gemeng eng Solaranlag kafen vu mindestens 1000 kW (1000-1500 €/kW). Déi brauch ronn 6000 Quadratmeter (60m x100m, 6 m²/kW) a kéint, fir keng Fläch ze versigelen, op engem Parking opriicht ginn iwwert den Autoen. 1000 kW fabrizéieren am Joer 1 Millioun kWh un Energie (zu Lëtzebuerg hu mer gemëttelt 1000 Stonnen voll Sonn/Joer). Dat gëtt och 1 GigaWattStonn (1GWh) genannt an ass 1/6500tel vun der ganzer Energiem, déi eist Land pro Joer brauch.

Nom Fraunhofer-Institut vermeit Solarstroum 0,6 kg CO2/kWh. Dat mécht also bei eiser Anlag 600.000 Kilo oder 600 Tonnen CO2 pro Joer, déi net an Loft geblosen ginn.

Mat eisem Stroum kënne mer elektresch Autoen lueden, ënnert anerem fir d’Gemeng. Esou een Auto brauch 15-20 kWh/100km (entsprécht 1,5-2 Liter Bensin oder Diesel pro 100 km). Mat där Energie kënne mer also mindestens 5 Millioune elektresch Kilometer fueren. Well fossil Autoen awer den Ament am Schnëtt wäit iwwert 0,13 kg CO2/km ausstoussen, spuere mer zousätzlech mindestens 650 Tonnen CO2 am Joer.

Mat 1,5 Milliounen € kënne mer also insgesamt 1250 Tonnen CO2 pro Joer spueren an domat de Klimabilan vun eiser Gemeng wesentlech verbesseren. Pro Euro spuere mer bal 1kg CO2.

Fir 1250 Tonnen CO2 ze transportéieren bräicht een en Zuch mat enger Längt vun 300 m! Fir 1250 Tonnen CO2 ze bannen bräicht een 100.000 Beem (80 Bichen/Tonn CO2).

A wat mécht déi Mierscher Majoritéit vun CSV-DP géint de Klimawandel? Si investéieren 1,5 Milliounen an ee „Pompjeesmusée“!

Guy Weiler

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert