Categories:

  1. Création de 4 postes dans la carrière de „l’ouvrier communal“ pour le service de régie

An der Läscht hu mir bal all Gemengerot deen een oder anere Posten votéiert. Engersäits ass dat e bëssen normal, d’Gemeng Miersch wiisst, der Gemeng hir Servicer wuesse mat, d’Gemeng steet am Dingscht vun de Bierger, an d’Bierger erwaarden sech ee korrekten a schnellen Service. 

Et ass och kloer ze gesinn, datt eis Gemengenservicer gutt schaffen: den ëffentleche Park an d’ëffentlech Plazen sinn propper a gutt ënnerhal, d’Delai’e gi respektéiert, d’online-Dingschter ginn ausgebaut …

Et gëtt allerdings zwee Aspekter, déi ganz sielen diskutéiert ginn, déi awer e bëssen een anert Liicht op déi permanent Erweiderung vum Gemengepersonal werfen.

Eng Gemeng stellt Personal an, fir datt si méiglechst villes ka mat hieren eegene Leit selwer maachen. Z.B. stellt d’Gemeng en Usträicher an, ee Steemetzer, e puer Gäertner … Déi Leit gi gebraucht. 

Wat d’Gemeng awer méi ausgebilten Handwierker huet, wat se manner oft op ee (lokalen) Handwierker muss zréckgräifen. Dat féiert dann z.B. derzou, datt en Handwierksbetrib e Gesell ausbild, da wann d’Ausbildung fäerdeg ass, dauert et oft net laang, an de Gesell geet, meescht wéint der besserer Pai an der sécherer Aarbechtsplaz, op d’Gemeng schaffen.  

Den Handwierksbetrib huet awer an d’Formatioun investéiert, verléiert seng ausgebilten Aarbechtskraaft, a hie kritt och keen Optrag méi vun der Gemeng, déi kann esou Aarbechten jo elo selwer maachen.

Mir sinn och der Meenung, datt eng Gemeng eng gewësse sozial Responsabilitéit huet. Eng Gemeng muss och Leit eng Beschäftegung kënnen ubidden, déi (nach) net fit si fir den 1. Aarbechtsmaart, eventuell och net de Profil hu fir den 2. Aarbechtsmaart. Et gëtt eng ganz Rei Beschäftegungsmesuren uechtert d’Land, wéi z.B. de CIGL (Centre d’Intégration et de Gestion local, méi an der Minettegéigend), de ‚Fläissege Fiischen‘ (CIGR zu Steesel an zu Lorentzweiler) … . 

Et geet drëm, Demandeurs d’emploi während 24 Méint a esou enger Struktur ze begleeden, ze forméieren, se verschidden Aarbechten maachen ze loosse mam Zil, se duerno um normalen Aarbechtsmaart ze integréieren.

D’Gemeng Miersch huet op dësem Plang bis ewell quasi näischt opzeweisen. Firwat?

De Luc Godart, Chef de service vum Service de régie, huet d’Equipen an hir Aarbecht virgestallt. 2012 hunn 43 Leit am Service de régie geschafft, haut sinn et der 56, mam Service incendie an dem Service forestier. Problemer, déi sech stellen, sinn de Moment de Covid19, soss Congé parental oder normal Krankmeldungen. 

Mat Leit aus Beschäftegungsmesuren goufe bis elo keng ganz positiv Erfarunge gemeet, duerfir ass de Schäfferot net waarm fir op dee Wee ze goen. 

5)        Urbanisme: Approbation des modifications ponctuelles du plan d’aménagement particulier «quartier existant» de la commune de Mersch conformément à l’article 30 de la loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain

Am August 2020 hat de Schäfferot festgehal:

Considérant qu’actuellement les localités de Pettingen et de Schoenfels n’affichent pas encore des maisons en bande et des constructions avec toitures plates en zone HAB-1 et possèdent encore un caractère harmonieux des structures rurales, caractérisé par des maisons unifamiliales isolées et jumelées avec des toitures en pente. Il s’avère nécessaire de procéder à une modification de la partie écrite du plan d’aménagement particulier «Quartier Existant» visant l’interdiction de la construction de maisons en bande respectivement l’aménagement des toitures plates ou des étages en retrait dans les localités de Pettingen et Schoenfels, afin de préserver la qualité urbanistique de ces localités;

Duerfir gouf eng Deliberatioun an dësem Gemengerot proposéiert, déi de PAP “quartiers existants” wëll ofänneren:

Les constructions sont isolées, jumelées ou en bande. Néanmoins les maisons en bande sont interdites dans les localités de Schoenfels et de Pettingen. Les maisons plurifamiliales ne peuvent être jumelées ou en bande.

Des toitures plates ainsi que des étages en retrait sont autorisées à l’exception dans les localités de Schoenfels et de Pettingen. Un acrotère d’une hauteur de 0,50 mètre est autorisé.

Exceptionnellement les maisons en bande peuvent être autorisées dans les PAP QE de la zone d’habitation 1 (HAB-1) des localités de Schoenfels et de Pettingen pour des lotissements introduites avant l’entrée en procédure de l’adoption de modification du PAP QE.

Déi gréng si mam Grondgedanken vun der Propose averstaan. Och mir wëllen  den Duerfkäer vun den Uertschaften an déi gewuessen Duerfstrukturen erhalen. Dat trëfft fir den Duerfkäer vu Pëtten a Schëndels zou, hoffentlech och fir Recken. 

Fir de Lotissement zu Schëndels, deen hei concernéiert ass, trëfft dat awer kaum zou D’Lotissement ‚Kremesch Oicht‘ gehéiert eiser Meenung no net zum Schëndelser Duerfkäer. An der ganzer Gemeng gëtt et Lotissementer, déi an der selwechter Zäit realiséiert gi si wéi d’Kremesch Oicht. Bal an all Gemengerot gëtt ee Morcellement geneemegt. Wou Bungalowen aus de 70er, 80er oder 90er Joere stungen ginn elo Reihenheiser a kleng Appartementshaiser gebaut. Dat ass net ëmmer schéin, mee et schingt eng logesch Konsequenz, vu déi aktuell Bauterrainspräisser an d’Wunnengsnout. Mat deer hei Ofännerung schafe mer verschidde Konditiounen fir ähnlech Situatiounen, déi just an enger anerer Sektioun vun der Gemeng leien.

De Schäfferot hëllt dat zur Kenntnis, allgemeng huet een d’Meenung gespuert, an Zukunft bei Lotissementer a Quartier’en, wou et nach Sënn mecht, méi genee opzepassen.

9)        Subsides aux associations

Et stellt sech eraus, datt et zu Miersch ee Sportsveräin gëtt, den Mierscher Tennis, dee jorelaang Subside kritt huet, an dee jorelaang vun der Mierscher Gemeng substantiell finanziell a materiell ënnert d’Ärm gegraff kritt, obschonn de Veräin komplett géint all Regelen vun der Veräinskonscht verstéisst:

  • Zënter 5 Joer gouf keng Generalversammlung vum TC Miersch gehalen, obschon dat an de Statute vun all Veräin steet. Déi GV muss och ëffentlech sinn an zougänglech fir jiddereen, dee sech e Bild vum Veräin wëll maachen oder do aktiv wëll ginn.
  • D’Finanze vum Veräin ginn net verëffentlecht, et gëtt och keng Keessekontrolleuren. Transparenz gesäit anescht aus.
  • Den Tennis Miersch ass net am Handelsregëster (RCS, RESA) agedroen.
  • D’Memberslëscht vum Veräin gëtt net à jour gehal.
  • All Wantersaison gi vun der Gemeng Stonnen an der Tennishal zu Ierpeldeng gelount, awer et si kaum Mierscher Spiller do, déi vun den reservéierten Plagen profitéieren.
  • Den Tennis mëcht null Aarbecht am Interessi vum Nowuess, Kanner a Jugendlecher, wat fir all aner Mierscher Sportveräiner selbstverständlech a virbildlech ass.
  • joueurs mineurs: 2! (Foussball 254, Basket 53, Handball 99, Dëschtennis 38, Judo 27)
  • Traineren: 0

Mir sinn erféiert iwwert dës Zoustänn, besonnesch well 2017 d’Terrain’en hannert der Sporthal fir ~100.000,00 € renovéiert goufen, vun den neien Tennis-Infrastrukturen um Campus Mierscherbierg net ze schwätzen! Do kann ee schon erwaarden, dass den Tennis bis dann als neien, dynameschen Veräin mat neie Leit opgestallt ass.   

Mir Conseiller’en fillen eis och mat responsabel, well och mir all Joer d’Subsiden un dee Veräin matgestëmmt hunn. Och eis hätt et missen opfalen, datt mer ni op eng GV vum Tennis invitéiert goufen. 

Mir froen awer och hei no der Responsabilitéit vum Schäfferot: Wéi kann et sinn, datt dës Zoustänn jorelaang net opgefall sinn?

De Schäfferot bestätegt, datt si all d‘ Problemer vum TC Miersch kennen, an datt si mat der Präsidentin zesumme waren. De Subsid fir den Tennis ass esou laang agefruer, bis de Veräin sech am RCS agedroen huet an eng öffentlech Generalversammlung am Laf vum November 2020 aberifft, wou och de Schäfferot präsent ass. De Schäfferot huet och d’Statute vum Veräin duerchgebliedert. Des weidere gouf gesot, dass de Schäfferot sech net an d’Veräinsliewe wëllt amëschen. 

14)      Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Vu de Chantier, dee lo geschwënn um Campus Scolaire Centre wäert ulafen, si verschidde Klassen op d‘ Gebaier Nic Welter, Cecile Ries, an och op d’Containergebai an der Wisestrooss verdeelt ginn.  

Aktuell si 4 Schoulklassen an der Wisestrooss ënnerbruecht. Mir gréng sinn der Meenung, datt all Schoulkanner, egal op wéi engem Site, e Recht op en akzeptable Schoulhaff hunn an net vis-à-vis vun allen anere Schüler benodeelegt sinn. De Schoulhaff an der Wisestroos ass net akzeptabel. Eng Heck ass ewech gemeet ginn an duerch en deieren Zonk ersat ginn. Den Haff, virdrun eng Wiss, besteet elo aus enger makadamiséierter Fläch, et ass keen Ënnerdach do, wann et reent. Vum Juni u war Zäit de Schoulhaff mat Spiller  ze plangen, firwat net zesumme mam Léierpersonal? Dat hei ass eng provisoresch Struktur fir ëm déi 4 Joer. En uerdentleche, kannergerechte Schoulhaff mat adäquate Spiller dierft jo keng Fro vu Sue sinn! Mir ginn dovun aus, datt de Schoulhaff an der Wisestrooss ganz schnell ganz schéin amenagéiert gëtt.

De Schäfferot ass der Meenung, dass de Schoulhaff, esou wéi en elo ass, fir d’Kanner an der Rei ass. Schliesslech hu si jo och de Multisportterrain, an se kënnen am Schoulhaff (déi kleng asphaltéiert an agezénkte Fläch fir ~60 Kanner aus dem Cycle 2 ) jo am Seel sprangen, d’Léierpersonal kënnt de Kanner nach aner Spiller mat erausbréngen, dat misst fir déi puer Joer jo awer duergoen. Mee et sinn e puer Spiller bestallt, déi dann op der Wiss tëscht dem Containergebai an den Tennisterrain’en opgeriicht ginn. 

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert