Déi gréng deelen eng ganz Partie vun den Decisioune vun der Majoritéit:
- D’Gemeng huet et färdeg bruecht, eng ganz Rei Terrainen ze kafen, virun allem um Mierscherbierg, awer net nëmmen do, déi et erlabe verschidde sënnvoll Infrastrukturen opzeriichten.
- Prinzipiell si mir mat dem neien Sportskampus um Mierscherbierg averstanen. Iwwert den Detail wäerte mer nach musse schwätzen.
- De Neiamenagement vun der Rue G.-D. Charlotte, d’Realisatioun vun de Rives de l’Alzette (do wou fréier d’Bauerenzentral war) kënne mir gäeren mat ënnerstëtzen.
Déi gréng hunn awer och aner Vuen a gingen aner Decisiounen huelen ewéi déi aktuell Majoritéit:
- Mir verstinn net, firwat d’Schoulen Nic Welter an A. Elsen esou schnell hu missten eidel geraumt gi fir op dee selwechte Site eng net wesentlech méi grouss nei Schoul ze bauen (8 reng Klassesäll méi).
- Mir verstinn net, datt d’Gemeng Miersch eng zweet Piscine baut. D’Piscine Krounebierg pendelt sech op e järlechen Defizit vun 1,5 Mio an. Eng zweet Schwemm fir d’Lycéeën an d’Nopeschgemenge misst vum Staat gebaut a geréiert ginn, net vun der Gemeng Miersch.
- Net ze verstoen ass an eisen An d’Iddi vun der Majoritéit fir dem Stat en Deel vun de rezent kaaften Terrainen um Mierscherbierg z’iwwerloossen fir hei eng ENAD (Ecole nationale des adultes) ze bauen.
- Net ze verstoen ass, datt d’Gemeng Miersch wëllt ee Pomjeesmusée bauen, zumols elo, wou et en nationale Pomjeesmusée am Norden vum Land gëtt.
Mir gingen eng ganz Rei Infrastrukturprojeten anescht ugoen, mir gingen awer och eng aner Emweltpolitik a Klimapolitik maachen.
Et ass schonn erstaunlech, wat mir Mënschen fäerdeg bréngen, fir ee klenge, geféierleche Virus ze bekämpfen. Mir bremsen déi ganz wirtschaftlech Entwécklung, mir maachen bis elo zweemol e Lockdown, fir der Pandemie meeschter ze ginn.
Mindestens esou erstaunlech ass awer fir eis, wéi wéineg mir Mënschen fäerdeg bréngen fir op déi aktuell Klimabedrohungen an d’Geforen fir d’Biodiversitéit ze reagéieren.
Mir sinn iwwerzeegt, datt mer de Virus an de Grëff kréien, och wann et méi laang dauert a méi deier gëtt wéi mer dat am Ufank geduecht hunn.
Mir sinn och iwwerzeegt, datt spéitstens nom Coronavirus d’Klimadebatt rëm mat grousser Dringlechkeet wäert op den Ordre du jour kommen.
Mir ginge Klimapolitik op Gemengenniveau maachen. Dat ass guer net esou schwéier. Mir gingen z.B en Tableau maache mat den CO2 Emissiounen vun der Gemeng, duerch d’Gebaier, duerch de Fuerpark, duerch d’Servicer. Déi Chiffren gingen eis soen, wou am meeschten Aspuerpotential ass, mir gingen eis e Fuerplang opstellen a lues awer sécher op manner Emissiounen hischaffen. Mir ginge kucke, wou d’Gemeng fossil Energien kéint spueren an erneierbar Energien kéint förderen an dat dann och maachen.
Claude Adam
No responses yet