Mir ginge probéieren, déi politesch interesséiert an engagéiert Leit aus der Gemeng mat an d’Decisiounsprozesser anzebannen.
Am Koalitiounsaccord vun de Majoritéitsparteien steet net vill dozou, mee ëmmerhinn, ënnert dem Kapitel « Civisme et démocratie » steet:
3) Consultation préalable de la population pour des projets d’envergure par le biais de work-shops, enquêtes et autres moyens
Do kéint een elo einfach soen: De Covid huet der Majoritéit e Stréch duerch d’Rechnung gemeet. Mir mengen awer, datt d’Majoritéit en anert Versteesdemech vum Begrëff “consultation” huet ewéi mir.
Si haten en Aarbechtsgrupp ‚Schoulcampus‘ an en Aarbechtsgrupp ‚Sportcampus‘ gemeet. Mir haten dat begréisst an och konstruktiv matgeschafft. Mee d’Aarbechtsgruppen hu just d’Decisiounen vum Schëfferot begleet, beaflossen konnten se praktesch näischt.
Mir verstinn, datt d’Majoritéit hire Koalitiounsprogramm well ëmsetzen a sech net zevill wëll draschwätze loossen. Anescht ass jo net z’erklären, firwat datt eise Schoulschäffen léiwer e Bureau bezuelt fir seng Schoullandschaft ze plangen, wéi mat de Gemengeconseilleren ze schwätzen, déi eng Expertise a Saache Schoul hunn.
Mee de Koalitiounsprogramm gëtt jo awer net eent zu eent ëmgesaat, och net wat d’Planung vun de Schoul- a Betreiungsinfrastrukturen betrëfft.
Mir proposéieren der Majoritéit, e.a. och well COVID am Moment d’Biergerbedeelegung schwéier mécht, fréi am neie Joer e puer Aarbechtssëtzungen vum Gemengerot anzeberuffen, zu dësen Sujeten:
- Schoul a Betreiungsstrukturen, wéi geet et weider? D’Gemeng Miersch wäert an deenen nächsten 10 Joer enorm wuessen (Rives de l’Alzette, Ancienne Imprimerie Faber, …).
- Kierfecht zu Miersch: Ausbau an Organisatioun vum aktuelle Kierfecht, Uleeë vun engem Bëschkierfecht, brauche mer en interkonfessionnelle Kierfecht?
- Mierscher Park: wat hu mer (Spillplazen, Buffet, Weeër, …), wou wëlle mer hinn: Vëlosverkéier, Parkplazen, Restauratioun, Erweiderung.
- Aarbechtsplaze schafen an erhalen: Am Koalitiounsaccord vun der Majoritéit steet:
1) Réalisation de projets spécifiques à caractère éducatif et social par des organismes spécialisés, notamment en vue de l’insertion ou de la réinsertion au marché du travail de personnes à la recherche d’un emploi
2) Emploi temporaire par la commune de demandeurs d’emploi (ADEM, Work 4 You)
Dat ass eng ganz schwiereg a komplizéiert Aufgab. Mir mengen awer, datt mer se mussen zesummen upaken.
Claude Adam
No responses yet