Als villsäiteg interesséierte Matbierger staunen ech ëmmer erëm iwwer Synergien, déi een hei am Land kann entdecken.
Esou sinn ech zënter e puer Joer Client an engem bekannten Imkerfachgeschäft zu Räiland bei Hieffenech. De Gerant ass selwer Beienziichter aus Passioun fir d’Natur an huet schoun esou munch engem Ufänger wäertvoll Infoen a Utille mat op de Wee ginn. Et ass him en Uleies, nieft de Beien och fir wëll Vullen an Insekte Liewensraim ze schützen a bereet ze stellen.
Op der Sich no engem neien Apparat hunn ech e besicht an hien huet mir ganz houfreg seng nei Annexe gewisen, wou e beiefrëndlech Faarwen, Wuessartikelen, Bicher a villes méi proposéiert.
Wéi mir a sengem Buttek laanscht d’Vullechershaisercher an d’Insektenhoteler gaange sinn, huet hie mir erkläert, datt en dës Vullenhaiserchercher hei am Land produzéiere léisst – zu Biereng am Lycée Ermesinde. Dës Kooperatioun féiert e schoun zënter e puer Joer an ass esou zefridden domat, datt hie wëll d‘Zesummenaarbecht an Zukunft weider ausbauen. D’Klasse kéimen deelweis ganz bei hien, fir Material zu kafen. Doraus produzéieren dann d’Schülerfirmen hir Produiten, sief et Käerzen, Vullenhaisercher oder aner Saachen. D’Holz kaafen si aus der Gemeng oder vun enger lokaler Seeërei , daat lageren si bis et drëchent ass an dann gitt et veraarbecht.
Fir de Lycée war den Ufank vum Projet net ze komplizéiert, well si een Holzatelier hunn, d’Maschinnen, déi si brauchen, an och den Knowhow. Zwee Schräinermeeschteren beroden d‘Equipe an hëllefen aus, wann d’Schüler net secher sinn, wei ëppes konkret ëmgesaat soll ginn.
Interessant ass och déi pädagogesch Approche: an der Schülerfirma schaffe si mat gemëschte Gruppe vu Schüler, souwuel vum Alter hier wéi vum Niveau, also SchülerInnen vun 12-18 Joer vum Préparatoire a vum Général (Technique a Classique). Do kënnt et och mol vir, dass de Préparatoire-Schüler dem Classique-Schüler eppes ka weisen oder erklären.
Handwierklecht Talent ass iwwerall ze fannen, déi eng mol méi, déi aner mol manner an dat probéiere si einfach an deem Sënn ze adaptéieren, datt si sech an hirem Rythmus a mat hire Méiglechkeeten kënne weiderentwéckelen. Et ass flott ze gesinn, wéi méi avancéiert Schüler engem Ufänger kënnen hëllefen an ënnerstëtzen. Idealerweis komme si mat eegene Projeten, mee dat klappt nach net grat esou, wéi d’Proffe sech dat erhoffen. D’Coronasituatioun bremst dobäi och e bëssi, well Schüler a Proffe net méi esou flexibel sinn, wa si Kanner aus enger Grupp mat Kanner aus enger anerer Grupp wëlle mëschen.
De Michel Koch vum LEM betount, datt si mam Pierre Kusnierz awer och e ganz gudden Kontakt hunn. Si proposéieren him eege Saachen wou si mengen, datt déi hien interesséiere kéinten, an da seet hien, ob dat bei hien an d’Geschäft passt oder net. Am Moment sinn Nistkästen, Insektenhotelen an neierdéngs och e puer Tute Kraidertubak fir an den Smoker do. An der Vergaangenheet gouf et och Projete fir Fliedermais, Päiperlecken, Himmelsdéiercher, Florfliegen asw.
D’Kooperatioun mat der Schülerfirma géif net anescht wéi mat enger reng kommerzieller Firma fonktionéieren, seet de Pierre Kusnierz, déi dann awer e groussen Deel vun hire Produiten a China géif bestellen. D’Regionalitéit wier esouguer e signifikante Virdeel, deen d’Schülerfirma am LEM bitt. Den direkte Kontakt zum Produzent, de perséinleche Vis-à-Vis a kuerz Weeër gestalten d’Zesummenaarbecht méi effikass an agréabel.
Genee esou Iddie bréngen eis sozial, ekonomesch an ekologesch wichteg Impulser, fir eis Wirtschaft op d’Erausfuerderunge vum Klimawandel virzebereeden. Ech géif mir wënschen, datt an eiser Gemeng an Zukunft vill méi an esou Zesummenhäng geduecht géif ginn, zum Beispill wann et dorëms geet, nei Holzbautechnologie-Firmen zu Miersch unzesidelen, déi dann z.B eisen neie Wunnquartier tëscht Villa Faber a Sales-Lentz mat moderne Baustoffer an ëmweltfrëndlechen Technologien kënnte bauen. Interessant Initiativen dozou fënnt een och bei der Mierscher Traditiounsfirma HfM, déi zënter kuerzem mat enger belscher Holzbaufirma am Beräich vum modularen Holzbau mat FSC-produzéiertem lokalen Holz kooperéiert.
Alexander Jolivet
No responses yet