Categories:

Alexander, stell dech vläicht fir d’éischt kuerz vir!

Mäin Numm ass Alexander Jolivet, ech hu 49 Joer a schaffen als Employé an engem Geschäft fir Beienziichtermaterial. Ech si bestuet a hunn zwee Kanner.

Firwat bass du Member bei deene Mierscher Grénge ginn?

Ech sinn emotional ganz enk mat der Natur verbonnen. Ech trëppele gär, beobachte gär wëll Déieren, hunn doheem och verschidden Hausdéieren. Datt déi gréng sech fir d’Natur asetzen, ass jo bekannt. Mee och Integratioun a Gerechtegkeet stinn op hirer Agenda.

Ech si viru Jore ganz frëndlech an der Gemeng opgeholl ginn a gesi mäi politescht Engagement als e Wee, de Leit ëppes fir dës Oppenheet a Frëndlechkeet zeréckzeginn.

Wat gesäis du als Schwéierpunkt vun denger Aarbecht als President vun de Mierscher gréngen?

Wann ech gesinn, wéi onheemlech séier sech de Klimawandel vollzitt a wat fir eng Problemer eis d’Wëssenschaftler fir d’Zukunft prognostizéieren, hunn ech Angscht ëm d’Liewe vun de kommende Generatiounen. Ech wëll mech dofir asetzen, datt eis Gemeng méi klimaresilient a sozial gëtt, datt Onwiederevenementer – wéi d’Héichwaasser am Juli – net méi esou vill Schued kënnen uriichten an Existenzen un de Bord vun der Katastroph bréngen. Meng Keywords dofir si Stad a Gebäier ze begréngen, d‘Renaturéirung vun der Uelzecht (ouni eise schéine Park ze beanträchtegen), keng Mazoutstanke méi um Niveau vun oder ënnert der Uelzecht, méi Reewaassersammelbecken an der Gemeng a manner Versigelung vun der Landschaft.

Et gëtt och ëmmer nach vill ze grouss sozial Ongerechtegkeeten, deene sech eis Gemeng stelle muss. Kann een iwwerhaapt vu sozialem Wunnengsbau schwätzen, wann an de Rives de l’Alzette en Appartement fir 450.000 EUR verkaaft gëtt?  Do musse mir aner Weeër fannen, fir fir Leit mat klengem Akommes Wunnraum ze schafen, och an eiser Gemeng.

Wéi gesäis du deng Roll als President vun déi gréng Miersch?

Un éischter Stell ass fir mech d’Aufgab vum President eis flott Equipe zesummenzehalen a fir en aktivt Mateneen ze motivéieren, eise Membere Réckhalt an der Sektioun ze bidden a mat hinnen nei Projet’en ze entwéckelen, déi eis um Wee zu enger liewenswäerter Gemeng fir all Bierger virubréngen. Ech well Brécke bauen zu aneren Organisatiounen an Engagéierten, déi sech fir dat selwecht Zill asetzen, a mat hinnen am konstruktiven Austausch Kräfte bündelen. Dat soll dozou féieren, datt mir aner Mierscher op eis opmierksam maachen, déi sech och fir eng nohalteg an zukunftsträchteg Gemeng Miersch asetzen an 2023 mat eis zesummen an d’Gemengewale ginn.

Fotoen: Mathilde Magné

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert