Du wars méi wéi zwanzeg Joer President vun déi gréng Miersch. Wourun erënners du dech gären, wouru manner gären?
Ech hu virun allem flott Erënnerungen. An där Zäit si Frëndschaften entstan, déi wäit iwwert eng gemeinsam politesch Aarbecht erausginn. Et war mir ëmmer wichteg, als Equipe konnten ze funktionéieren.
Ech menge schonn, datt ech ee vun den Haaptmotoren vun déi gréng Miersch war, mee ech hu mech ni alleng gefillt. Vill Leit si vun Ufank un derbäi, e puer waren der scho viru mir derbäi. Mir hu vill diskutéiert, Flyere geschriwwen an ausgedroen, awer och zesumme gefeiert.

Vill schéin Erënnerungen, an awer gëss du d’Presidentschaft elo of?
Zwanzeg Joer ass eng laang Zäit. Ech war an där Zäit 6 Joer laang Schäffen an der Gemeng Miersch, 14 Joer Deputéierten an der Chamber a sinn elo scho ronn 15 Joer am Mierscher Gemengerot. Ech war och President vun déi gréng Uelzechtdall. Iergendwann geet et duer. Ech hu gemierkt, wéi meng Interessien ëmmer méi vun der Politik a Richtung Edukatioun gewiesselt hunn. Ech hunn nach ëmmer Loscht op nei Erausfuerderungen, awer net méi onbedingt op politeschem Plang. An duerfir well ech engem neien, “onverbrauchte” Mënsch d’Plaz fräi maachen.
Dat kléngt jo mol net esou, wéi wanns du dech ze al fënns fir Politik ze maachen…
Nee, dat emfannen ech och net esou. Et ass nu mol méi einfach, sech politesch z’engagéieren, wann ee berufflech a familiär méi fräi ass, mee et ass kee Mënsch ze jonk oder ze al fir sech politesch z’engagéieren. Natierlech wier et flott, wann all Altersgruppen, all Beruffsgruppen gerecht an der Politik vertruede wieren, an natierlech och nach am geschlechtlechen Equiliber. Mee duerch meng Kanner a mäin Enkelkand sinn ech och iwwert d’Problemer vun deene Jonken informéiert an ech fille mech och dovu betraff. Duerch mäi Beruff als Enseignant läit mir zënter ëmmer d’Wuel vun deene Jonken um Häerz.
Wat waren denger Meenung no wichteg Momenter fir déi gréng Miersch?
Wichteg fir eis war, datt mer vun 2000-2005 am Mierscher Schäfferot vertruede waren. Miersch war deemols eng vun deenen éischte Gemengen, wou déi gréng Responsabilitéit an enger Majoritéit matgedroën hunn. Flott war, datt mer eis Positioun am Gemengerot ausgebaut a stabiliséiert hunn: Nodeems mir bei all Wahlen bis 2018 all Kéiers ee Mandat konnte bäigewannen, hu mer an de leschte Gemengewahlen zwar ee Mandat verluer, stinn awer mat 3 Conseilleren an 23% vun de Stëmmen nach ëmmer propper do. Leider hu mer et net méi färdeg bruecht, eng Koalitioun mat enger anerer Partei ze kréien an an d’Majoritéit ze kommen. Dat bedaueren ech, dat ass schued, déi gréng hätte vill Impulser kéinten fir Miersch bréngen, a ville Beräicher.
Wat sinn d’Erausfuerderungen, deenen déi gréng Miersch sech stelle mussen?
Déi nächst Gemengewahlen! Mir sinn zu Miersch just iwwer 10.000 Awunner, d.h., et ginn 2023 fofzéng nei Conseillere gewielt. Mir mussen eis elo scho Gedanke maachen, fir eng stark an a motivéiert Equipp opzestellen an e gutt Resultat ze maachen. Klimawiessel, Biodiversitéitsverloschter, CO2-Emissiounen, Verkéierspolitik, Schoulentwécklung, Liewensqualitéit, Wunnengsnout, dat sinn déi Sujeten, déi ustinn. déi gréng kënnen e wichtege Bäitrag fir Miersch leeschten.
No responses yet