Categories:

Um Ordre du Jour:

1. Demande de réduction du service provisoire d’un fonctionnaire communal

2. Approbation du contrat Pacte Climat 2.0

signé entre le collège des bourgmestre et échevins, l’Etat du Grand-Duché de Luxembourg, représenté par son ministre ayant le climat dans ses attributions et le groupement d’intérêt économique My Energy

3. Urbanisme:

Approbation d’un PAP sis à Rollingen au lieu-dit «Rue de Luxembourg» (bis viru kuerzem Blummebuttek vis-à-vis vum Blannenheem) pour le compte de la société Syneco Sàrl de Mamer.

Hei entstinn 9 Wunneenheeten: 2 Eefamilljenhaiser a 7 Kollektivwunnengen.

4. Urbanisme: Approbation du PAP sis à Rollingen aux lieux-dits «Rue de Luxembourg»  et «Jaansmillen» (fréier Etscheid) pour le compte de la société Renaco Sàrl de Mamer.

Hei entstinn 18 Wunneenheeten: 4 jumeléiert Haiser a 14 Kollektivwunnengen.

Vu déi terribel Iwwerschwemmungen vum leschte Juli hu mir gemengt, d’Promoteuren resp. d’Gemeng missten d’Clienten informéieren, dass eventuell Problemer bei Héichwaasser an hirer Wunneng kënnten entstoen.

5. Urbanisme: Approbation   de   la   modification   du   PAP «Om Hohgericht» sis à Mersch, rue Edouard Kraus, pour le compte de la société Association N. Arend & C. Fischbach S.A.

6. Bilan des inondations des 15 et 16 juillet 2021:

D’Gemeng selwer huet iwwert 3 Millioune Schued duerch d’Héichwaaser, haaptsächlech zu Miersch un der Sportshal (Holzbuedem), dem Rez-de-Jardin vum Kulturhaus (Elektresch, Technik, Vestiairen a Buvette vum FC Marisca, …), der Spillschoul (Buedemschied), dem Chalet an dem WC am Park, zu Biereng an de Gebaier vum Service Technique vun der Gemeng (Mobilier, Gefierer, kleng Maschinnen, …).

Formidabel war d’Solidaritéit bei den Opraumaarbechte vu

  • ville Gemengen, déi eis Equipen deeglaang tatkräfteg ënnerstëtzt hunn (Kliärref, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Esch/Sauer, Helperknapp, Käerjeng, Kielen, Lëtzebuerg, Mamer, Mäerzeg, Réiden, Schëffleng, Stroossen, Wooltz)
  • vu ville Firmen a Privatpersounen (Bësch- a Gaardenzenter Kellen, Blannenheem, Boulangerie Jos a Jean-Marie, C.I.G.L. Kayl, Camping Krounebierg, Constructions Rinnen, Constructions Rix, Constructions Siebenaller, Dentzer Marc, Electricité Schaal, Electris, Elsen Jérôme, Eng Nei Schaff, Ets Weber&Cie, Home Pour Personnes Agées, Karp-Kneip, Nettoservice, Polygone, Restaurant A Guddesch, Restaurant Dimmi si, Restaurant Fabrik, SIDEC, SIDERO, Strewilux, Total Station-Service, TRAGEC)

7. Approbation du devis pour la réfection de ponts existants au parc communal:

2 Brécken, déi bei der Klengkannerspillplaz an déi bei der Buvette, gi fir 310.000,00 € neigemaach.

8. Modification du budget de 2021:

wéint de Schied duerch d’Héichwaasser

9. Approbation de contrats et de conventions:

Hei kann een ervirhiewen, dass d’Gemeng en Haus zu Miersch, 3, Place St. Michel kaaft huet (Tosch mat engem Terrain um Mierscherbierg an der Zone d’Activités). Dat ass an deem Sënn interessant, well d’Haus an den Terrain un d’Mierscher Schlass stousssen.

10. Associations sportives:

a) Approbation de l’avenant à la convention avec le Tennis Club de Mersch et inscription d’un  crédit budgétaire

De Mierscher Tennis kritt eng opblosbar Hal iwwert 2 Tennisfelder. Virdeeler: déi Hal kann och am Wanter benotzt ginn, d’Spiller mussen dann net méi e laange Wee op Ierpeldeng an d’Tennishal maachen, virun allem den Nowues ka besser gefördert ginn. De Finanzement vun der Hal iwwert 170.000,00 € ass duerch eng Konventioun tëscht dem TC Miersch an der Gemeng gereegelt. Si ass Eegentum vum Veräin, kann awer och vun der Gemeng, de Fit Kanner Miersch, der LASEP, der Schoul … genotzt ginn.

Mir Gréng hunn eis natierlech Gedanke gemaach iwwert déi ‚Plastiks’hal (Plasikbierg, evtl. geféierlech Ausdonstungen, …). Den Energieverbrauch, virun allem am Wanter, ass bestëmmt héich, mee de Schued ka sech a Grenzen hale well d’Hal un d’Fernwärmenetz vun der Gemeng ugeschloss gëtt. Mir hu gefrot, dass wéinistens soll sécher gestallt ginn, dass keng Gesondheetsproblemer duerch Ausdonstunge bei de Spiller kënnen entstoen. Am Intérêt vum Sport hu mer awer dofirgestëmmt.

b) Accord d’un subside extraordinaire au FC Marisca Mersch

Den FC Marisca kritt zesumme mam FC Minerva Lëntgen eng robotiséiert Maschinn fir d’Linnen op den Terrain’en ze zéien. Fréier ass dat vu Fräiwëlleger vun de Veräiner gemaach ginn. De Präis vun der Maschinn iwwert 21.000,00 € gëtt tëscht deenen zwou Gemengen opgedeelt.

10. Circulation: Modification du règlement général de circulation et confirmation de règlements de circulation temporaires

11. Statuts de société:

Den ‚Dëschtennis Jeunesse Recken/Miersch asbl‘ presentéiert seng nei Statuten

12. Commissions communales:

An der Verkéierskommissioun gëtt den Här J. Loutsch duerch d’Madamm M. Kettel ersat

13. Résolution du conseil communal déclarant la Commune de Mersch zone de liberté pour les personnes LGBTIQ

14. Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

D’Mariette Weiler huet gefrot, firwat laanscht dem Foussgänger- a Veloswee bei der Autobunn (tëscht der Arelerstrooss an der Strooss fir op Recken) eng Wëllblummewiss, déi mam Accord vun de Ponts&Chaussées vu Fräiwëlleger ugeséit gouf, a voller Bléi vun der Gemeng ofgeméit gouf. De Schäfferot huet gemengt, dass, wann déi Plaz um Méiplang steet, d’Aarbecht duerchgezu gëtt. Hei kënnt ee sech an Zukunft méi Flexibilitéit erwaarden, am Interesse vun der Biodiversitéit.

D’Mariette huet weider eng Fro gestallt iwwert d’Nilgänse besonnesch am Park, déi sech immens séier ausbreeden zum Nodeel vun einheimeschen Arten.

De Jhemp Reckinger huet sech iwwert déi rapid Erosioun vun den Ufänner vun der Äisch zu Recken informéiert. Op enger bestëmmter Plaz sinn duerch d’Iwwerschwämmung an déi staark Stréimung gutt 2 m Ufer ewechgeschwämmt ginn, sou dass de Bauer lues a lues Problemer kritt fir a seng Wiss ze kommen. Hei kontaktéiert d’Gemeng d’Waasserwirtschaftsamt.

Reckinger Jhemp

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert