Nodeems d’Interventioun vun eiser Gemengeconseillère Mariette Weiler am leschte Gemengerot op esou vill Onversteesdemech vu Säite vun der Majoritéit gestouss ass, wëlle mir nach eng Kéier erkläre, firwat am Ament am ganzen Land Wëllblummewisen ugeluecht ginn.
Eng Wëllblummewiss ass eng Äntwert op de Verloscht vu Biodiversitéit, sief et et wëll Kraider, Blummen oder Insekten. Si solle méiglechst vill Insekten ulackelen, versuergen an hinnen Naschméiglechkeeten zur Verfügung stellen. Dës Bestëbserinsekten sinn essentiell Bausteng an eiser Nahrungsketten, si suergen dofir, datt Uebst- a Geméisbléien bestëbst an domat zu Uebst a Geméis kënne ginn, déi mir dann iessen.
Wa mir esou Bestëbserinsekten also net méi hunn, well si wéinst Monokulturen, Zersiidelung, Schottergäert, Klimakris an aneren Zivilisatiounsproblemer ëmmer weider zréckgedrängt ginn, da riskéiere mir enges Daags eis eegen Ernährungsgrondlag ze verléieren.
Wa mir zesumme mat aneren Aktivisten vun Transition Uelzechtdall a privater Initiativ eng Wëllblummewiss am ëffentleche Raum mam Accord vum Proprietär (Ponts&Chaussées) laanscht d’Autobunn uleeën, dann net fir dass mir perséinlech eng méi schéi Vue hunn, mee fir de Verloscht vun bedroten Aarten ganz e bëssen opzehalen. Doriwwer eraus wollte mir de Bierger an eiser Gemeng un engem Beispill weisen, wéi schéin an einfach esou wierksam Moossnamen kënne geholl ginn. Mir maachen dat net just fir eis, mee fir d’Mierscher Gemeng. An nach weidergeduecht: eigentlech wier dat, de Kampf géint den Aarteverloscht an d’Klimakris, d’Aarbecht vun de Mierscher Gemengeresponsabelen.
Dofir ass et ëmsou méi traureg, wann d’Mierscher Gemeng eist Beméien futti mécht duerch inflexibelt Méien just no Plang, am Numm vun der ëffentlecher Ordnung.
Alexander Jolivet














No responses yet