De 27. Mee 2021 war et esou wäit: De Vëloswee PC 14 gouf a Präsens vum Mobilitéitsminister François Bausch (déi Gréng) an der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi Gréng) souwéi dem Mierscher Schäffen- a Gemengerot an aneren Inviteeën hannert dem Schëndelser Schlass ageweiht, dëst bei Donner a Blëtz a vill Reen.
De PC 14 verbënnt iwwert 3,1 km Miersch mat Schëndels. De Wee féiert vum Schëndelser Schlasspark an der aler pittoresker Millen aus laanscht d’Mamer duerch en herrlecht a rouegt Naturgebitt op Miersch an de Park, vu wou aus een de PC 15 laanscht d’Uelzecht Richtung Stad oder Ettelbréck kann aschloen. Vun der Gousseldenger Strooss Richtung Miersch ass e Quellegebitt an Hanglag, wou munch Problemer sech gestallt hunn an de Projet verzögert hunn. De Problem gouf geléist duerch de Bau vun Brécke mat Gitteren an der Mëtt vun der Fuerbunn, fir dass duerch d’Liicht d’Vegetatioun sech drënner kann entwéckelen.
E Gewënn fir d’Awunner vun der Gemeng, besonnesch fir déi Schëndelser Leit, an och fir den Tourismus!
Vun der Velospist Miersch-Schëndels gëtt bal esou laang geschwat an erëmgedoktert wéi fréier vun der Nordstrooss. Fir de Projet nees ze beliewen sinn 2002 Bréifer u Ponts&Chaussées adresséiert ginn. Ab dun ass weider diskutéiert, geplangt, studéiert a gepréift ginn, ouni dass awer e Meter Wee gebaut gouf, dëst ënnert bloen, rouden a schwaarze Ministeren. Et ass de Merite vum Minister F. Bausch an der Ministesch C. Dieschbourg, dass ab 2013 richtegt Liewen an de Projet koum an trotz muncher Hürden, Kaf vun Terrain, Ëmweltgeneemegungen, Detailplanung …, 2018 d’Aarbéchten ugefaang an 2021 ofgeschloss goufen. De Montant vun den Aarbéchte beleeft sech op 2.160.000,00 €.
An 3-4 Joer soll de PC 14 bis op Mamer verlängert a fäerdeggestallt sinn.
Reckinger Jhemp
No responses yet