Op der Aweiung vun der neier PV- Anlage um Daach vum Tëntener Service technique ware mir frou ze héieren, datt d’ Gemeng Miersch, nodeems mir eis zënter Joren fir erneierbar Energien hei asetzen, elo eng ganz Rei Photovoltaiks- Projeten op hire Gemengendiecher zouléisst. Esou ass zu Méisdrëf um Festsall schonn eng PV- Anlag a Betrib an d’ Energiekooperative vum Leader West dierf weider PV- Anlagen op d’Kulturhaus, den Institut social an op ee Gebai vum Service technique installéieren.
Mir sinn frou, datt d’Gemeng elo endlech e weidere Schrëtt a Richtung erneierbar Energie mécht, fir datt mir d’ Mierscher Stroumnetz weider dekarboniséiere kënnen.
Iwwregens: d’Energiekooperative Leader West braucht fir dës Projeten nach Leit, di gär Suen an dës Zort vun solidaresche Projeten investéiere wëllen. Zéckt net, Iech bei hinnen ze mellen an ären Deel fir den Erfolleg vun dëse Biergerprojeten bäizedroen!
Alexander Jolivet
No responses yet