1. Urbanisme: Prolongation de la servitude d’interdiction de lotissement et de construction frappant des fonds sis à Mersch, au lieu-dit «Rue d’Arlon», pendant l’élaboration d’une modification ponctuelle du PAG respectivement d’une modification ponctuelle du PAP QE
De Gemengerot hat scho virun engem Joer ee Projet op dëser Plaz presentéiert kritt, deen als iwwerdimensionéiert, ellen, a wat déi geplangten Parkplazen ugeet, als net zefriddestellend agestuft gouf. Mëttlerweil huet de Promoteur gewiesselt, an deen ass un d’Gemeng erugetrueden fir dass d’Gemeng soll ee Projet no hire Virstellungen ausschaffen. Dat ass allgemeng als gutt emfond ginn an déi Aarbechten sinn um Instanzewee. Duerfir ass de Moratoire vun 2020 verlängert ginn.
2. Urbanisme: Approbation de la modification du plan d’aménagement particulier N° 17863/45C sis à Rollingen aux lieux-dits «Rue Felix Thyes» et «Rue Belle-Vue» pour le compte de Monsieur Guy Pauly-Colbach de Mersch
Eng ganz Rei vun éischter techneschen Adaptatioune vun dësem Projet sinn unanim ugeholl ginn.
3. Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Am Sprangert III» portant sur des fonds sis à Beringen, au lieu-dit «In den Gedreschern, pour le compte de la société à responsabilité limitée Devimolux S.à r.l. de Mersch
Hei sollen 20 Haiser gebaut ginn: 7 eenzel Eefamilljenhaiser, 3 Maisons jumelées (also 6 Haiser) an 7 Reienhaiser (eng Kéier 3 uneneen an eng Kéier 4 uneneen).
4. Urbanisme: Approbation de la convention ensemble avec les plans d’exécution concernant un projet de construction sur des fonds sis à Schoenfels, au lieujdit «Rue du Château», pour le compte de la société à responsabilité limitée Schoenfels Properties S.à r.l. de Luxembourg
7 Eefamilljenhaiser sollen an den Zentrum vu Schëndels gebaut ginn.
5. Urbanisme: Lotissements de terrains dans des zones soumises à un plan d’aménagement particulier «quartier existant»
Dëse Projet (zu Rolleng an der «Rue de Luxembourg») ass am Gemengerot vum 10.05.2021 verworf ginn. No de verlaangten Ëmännerungen gouf de Projet dës Kéier geneemegt.
6. Arrêt du programme annuel 2022 des travaux à effectuer dans l’intérêt de la voirie rurale
Zu Recken : op 100 m gëtt d’Rue Hosbich neigemeet – neien Asphalt.
Um Reckener Bann ginn och zwou Brécke renovéiert: bei den Béisener Wisen a beim Hingerhaff.
Zu Biereng: Unter Binzert ginn 120 m Strooss nei gemeet – Goudronnage.
7. Approbation de contrats, conventions et actes
Am wichtegsten fir d’Gemeng waren zwee Akten, wou nach Terrain um Mierscherbierg konnt kaaft ginn.
Interessant ass och, datt een Accord mat Munhowen SA ënnerschriwwe gouf, fir d’Brasserie beim Méchel ze beliwweren. Am Kontrakt geet net riets vun Transfair- Produit’en, esou datt d’Fro net konnt beäntwert ginn, ob dës Produit’en an der Brasserie kënnen ugebuede ginn.
De Gestionnaire vun der Brasserie steet nach net fest, dobäi gëttet awer esou lues Zäit datt do Neel mat Käpp gemeet ginn. D’Brasserie soll am Hierscht 2021 opgoen!
8. Affaires du personnel:
a) Création de 3 postes sous le statut du fonctionnaire communal pour les services administratifs
D’Gemeng wiisst, also mussen d’Gemengeservicer och wuessen. Am Moment ass nach genuch Plaz fir d’Mataarbechter ënnerdaach ze kréien. Et ass awer och schonn ugeduecht, fir nei Räimlechkeeten fir d’Gemeng ze kafen, an dat no bei den aktuellen Infrastrukturen.
b) Attribution du titre de «secrétaire communal adjoint» à un fonctionnaire communal
Den Tom Neyens huet dësen «titre honorifique» kritt. Hien soll den aktuelle Gemengesekretär ersetzen, wann deen an d’Pensioun geet (August 2023).
c) Décision de principe sur la publication d’un poste d’archiviste/historien
Mir schwätzen scho laang vun engem Archiv fir d’Gemeng Miersch. Am Moment hu mer just ee ganze Koup Dossier’en a Pabeierform, déi gutt versuergt ginn. Et wier gutt, wa méiglechst fréi een Archivar kéint agestallt ginn, dee kéint beim Opbau vum Archiv an der Maison Faber vun Ufank un derbäi sinn. An et ass natierlech wichteg, datt deen Archivar mat anere Leit, déi di selwecht Missioun an anere Gemengen erfëllen, kéint zesumme schaffen.
9. Approbation des comptes communaux de l’exercice 2019
10. Approbation de déclarations de recette
11. Présentation de la mise à jour du plan pluriannuel de financement (PPF)
Och wann d’Dépenses extraordinaires an deenen nächste Joren wäerte ferm an d’Luucht goen, ass d’finanziell Situatioun vun der Gemeng Miersch nach ëmmer exzellent. D’Dotatioun vum Staat, déi an enger éischter Zäit als Reaktioun op d’Covid-Pandemie méi pessimistesch ageschat gouf, ass vum Innenministère elo och no uewe korrigéiert ginn. D’Gemeng Miersch kann also investéieren, nohalteg a mat Verstand!
12. Prise en charge d’un 3è intervenant en formation pour l’asbl Jugendhaus Miersch
Nodeems dës Mesure als noutwendeg Reaktioun op en Enkpass beim Personal duergestallt gouf, huet de Claude Adam gemengt, et wier un der Zäit sech d’Fro ze stellen, op et net méi einfach wier, wann eng gréisser Organisatioun (Croix Rouge, Inter-Actions Asbl oder eng änlech) ging d’Gestioun vum Jugendhaus iwwerhuelen. Da kéint een esou Engpäss beim Personal besser evitéieren, d’Offer vum Jugendhaus kéint méi regelméisseg a konstant ugebuede ginn, wat jo am Interessi vun de Jugendlechen, der Gemeng an dem SNJ misst sinn. Déi Iddi ass net verworf ginn, de Schäfferot wëll do awer net virpreschen a waart op eng Initiative vun der aktueller, lokaler Asbl, déi d’Gérance elo mecht.
13. Demande de subside
De Mierscher Fëscherclub kritt 1.875,00 € fir säin 75. Anniversaire ze feieren.
14. Statuts d’associations:
D’Statute vun Kultur21 asbl, Orchestre national des Jeunes du Luxembourg asbl a vum Sammlerclub vu Brauereiartikelen Lëtzebuerg asbl si vum Gemengerot zur Kenntnis geholl ginn.
15. Confirmation de règlements de circulation temporaires
16. Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers
De Jhemp Reckinger huet d’Verkéierssituatioun virun der Schoul Cécile Ries als geféierlech an stresseg beschriwwen, no Reaktioune vum Léierpersonal. Och wa vill Busse fueren, sinn nach ëmmer vill Elteren, déi hier Kanner mam Privatauto bei d’Schoul féieren an do ewech huelen. Dat bedingt vill Verkéier an heiansdo geféierlech Situatiounen. De Schoulschäffen konnt keng Informatiounen op den aktuelle Stand vun der Aktioun Pedibus ginn.
Claude Adam
No responses yet