Der Mierscher Park ass ee Bijou. En ass attraktiv, bei de Bierger vun der Gemeng, awer och wäit doriwwer eraus. Et sinn ëmmer vill Leit am Park, d’Spillplaze si gutt besicht, d’Schoulkanner profitéiere vum Park.
Déi gréng hu schonn oft gefrot, fir een Aarbechtsgrupp vun der Gemeng anzesetzen, dee sech mat der Entwécklung vum Park ausernee setzt: Mir sinn der Meenung, datt d’Spillplaz fir déi kleng Kanner eng Vergréisserung ging verdingen. Mir gesinn an nächster Zäit Problemer duerch d’Mixitéit vum Vëlos- an Foussgängerverkéier op eis zoukommen, mir begréissen natierlech datt et eng flott Buvette am Park gëtt, mengen awer datt een d’Konzept vun der Buvette misst eng Kéier ënnert d’Lupp huelen. Mir sinn der Meenung, datt et wichteg wier, am Park niewend liewegen a bewegten Zonnen och méi roueg Zonen ze schafen.
Am Park lafen och déi dräi Flëss, d’Uelzecht, d’Mamer an d’Äisch zesummen. Am Park sinn duerfir scho Mesuren vum Héichwaasserschutz ausgefouert. Mee mir sollten awer och kucken, wat nach an deem Beräich méiglech ass, z.B. wat d’Renaturéierung vun Uelzecht a Mamer betrëfft.
Claude Adam
No responses yet