Categories:

Viru gutt zwou Wochen hat d’Gemeng Miersch op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hin op eng Presentatioun vum Marteloskop, den 2020 als éischten am Land ageweit gouf, agelueden. Mëttlerweil ginn et der scho 5 am Land. Des Initiativ vu ProSilva, déi am technesche Beräich vum European Forest Institute EFI a finanziell vum Ëmweltministère ënnerstëtzt gëtt, huet zum Zil, Leit fir eng nohalteg Bewirtschaftung vun onse Bëscher ze sensibiliséieren.

Wann e bäi de Marteloskop zu Rolleng kënnt, gesäit dat d’Ganzt éischter onspektakulär aus: et gesäit e just 4 Eechepottoen am Quadrat an een an der Mëtt. Eréischt wann de Michel Leytem, President vu ProSilva, d’App op hirem digitaliséierten Unhänger lancéiert, kritt dat alles eng interessant Nues: déi 4 Pottoe stinn net egal wéi do, mee decke genau 1 ha of, deen an der Mëtt deelt de Carré nach emol a 4 Stéck. All Bam ab enger Déckt vu 7,5 cm ass nummeréiert a gëtt op enger digitaler Kaart ugewisen. Duerno ginn Daten zu all Bam gesammelt: d’Aart, seng Héicht, seng raimlech Verdeelung, awer och säin ekonomeschen an ökologesche Wäert. Wat den ekonomesche Wäert ugeet, gëtt all Ofschnëtt vum jeeweilege Bam klasséiert a mat den aktuellen Holzpräisser bewäert. Da gëtt awer och säin ökologesche Wäert gekuckt: beherbergt de Bam wichteg Mikrohabitater wéi Pilzen, méiglech Nistplaze vir Spiechten oder handelt et sech vläicht em e ‚Methusalembam‘, also em e ganz ale Bam, de schützenswäert ass?

Eréischt wann all des Donnéeë gesammelt goufen, kënnt de Forsthummer (op franséisch: marteau forestier, mat deem de Martelage gemaach gëtt, also déi Beem gekennzeechent ginn, déi een eraushae kann – dohier och de Numm Marteloskope) an d‘Spill: elo kann een no objektive Kriterie beurteelen, wéi eng eenzel Beem enger Bewirtschaftung zougefouert kënne ginn a wéi eng een erhale soll fir dem Ökosystem net ze schueden. Nëmme sou kënnen déi 3 Standbeen vun der Nohaltegkeet erreecht ginn: d’Notzung vun eenzele Beem als Handelswuer, déi méiglechst ouni schwéier Gefierer sollen erausgeholl ginn fir dem Buedem net ze schueden, de Naturschutz duerch d’Erhalung vun Aarten, Habitaten, awer och de Beitrag zu der Verjéngung vun de Bëscher an d’Erhalung vum Bësch als Erhuelungsgebitt fir d’Mënschen.

A wéi gesot, da kann den Hummer zum Asaaz kommen. A klengen Equippe krute mir deen a Form vun engem Tablet an de Grapp zesumme mat engem Optrag: mir sollte 4 Beem als Habitatbeem klasséieren a 35m3 eraushaen – natierlech nëmmen als Übung! A bei dësem Exercice hu mir nawell alleguer gutt ofgeschnidden. Engersäits hu mir eppes Klengs verdéngt an anersäits awer och derzou bäigedroen, datt verschidde Beem sech konnte besser entwéckelen doduerch datt mir z. B. Bedreeër erausgeholl hunn. Dëse klengen awer interessanten Exercice huet ons gewisen, wéi schnell ee säi Bléck op d’Bewunner vun onse Bëscher verännere kann. An dohier och den zweeten Deel vum Wuert ‚scope‘, dat aus dem Griichesche kënnt a sou vill wéi ‚beobachten‘ oder ‚observéieren‘ heescht.

2 Kollegen vum ProSilva erklären d’Fonctionnement vum Marteloskop.

Et wier ze wënschen, datt nach vill Leit, déi ënnert der enger oder der anerer Form mam Thema Bësch ze dinn hunn, u Formatiounen oder Sensibiliséierunge vu ProSilva deelhuele fir behutsam an uechtsam op ons Bëscher zou ze goen a se resilient ze maache géigeniwwer vun den Erausfuerderungen, déi de Klimawandel nach wäert mat sech bréngen.

En anert Thema, wat awer enk mat dësem verknëppt ass, ass wat mat de Beem geschitt. Am Moment gëtt de gréissten Deel exportéiert an dat bis a China wou se da veraarbecht an als fäerdegt Produkt erëm iwwerall hin exportéiert ginn. Dat ass enger gudder Ökobilanz net zouträglech. Leider ass d’Holzindustrie national awer och regional an de leschte Joren zimmlech zesummegebrach. Hei am Land ginn et grad emol nach zwou Seeëreien. Hei missten nach vill Hiewele beweegt gi fir dës Situatioun ze verbesseren. Am Sënn vun der zirkulärer Wirtschaft kann een och nach Villes verbesseren: Holz bënnt CO2, an zwar sou laang bis et am Uewe land. Et wär also ze wënschen, datt Holz, an zwar och dat mannerwäertegt, sou laang wéi méiglech als Holz genotzt gëtt, ier et vläicht a Form vu Pellets verbrannt gëtt.

Member vun der Ëmweltkomissioun léieren zesummen mat Gemengeconseilleren d’Marteloskop kennen.
Mam Tablet am Bësch ënnerwee.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert