Categories:

Bei de Mierscher Gréngen huet d’Spëtzt gewiesselt a bréngt domadder neie Wand an ons Sektioun. Fir dem Gender gerecht ze ginn an och méi Gerechtegkeet a punkto Gläichstellung vu Fra a Mann ze schafen, hu mir elo eng duebel Spëtzt.

Am Juli d’läscht Joer huet de Claude Adam säi Mandat als President ofginn an den Alexander Jolivet gouf als neie President gewielt. Déi gréng Partei ënnerstëtzt eng Gendergerecht Politik op nationalem Niveau, awer och an de lokale Sektiounen. Déi gréng Miersch ginn de selwechte Wee a hunn zënter Mäerz dëst Joer eng Co-Präsidentin, an dat an der Persoun vum Cecilia Beirão.

Wéi eng Persoune stinn hannert der duebeler Präsidentschaft?

Den Alexander Jolivet: Ech sinn e Familljepapp vu 50 Joer, schaffen an engem Geschäft als Verkeefer a ziichten a menger Fräizäit Beien. Am Ament beschäftegen ech mech intensiv mam Krich an der Ukrain, ënnerstëtzen de Fräiheetskampf vu den Ukrainer a probéieren hei am Land d’Situatioun vun de Flüchtlingen zu erliichteren. De Krich an der Ukrain bedeit fir eis eng Erausfuerderung am duebele Sënn: et ass net nëmmen en brutalen Ugrëff op e souveräänt, demokratescht Land, de Flüchtlingsstréim bis bei äis produzéiert, et ass iwwerdeems en Katalysator fir d’Energiewend déi ëmmer méi u Faart zouhëlt.

Ech beschäftege mech intensiv mat der Fro, wéi een an äiser Gemeng op des Erausfuerderungen an och op de Klimawandel beschtméiglech reagéiere kann a setze mech fir méi erneierbar Energien zu Miersch an. Dobäi probéieren ech, mat esou vill wéi méiglechen Acteuren an der Gemeng an d’Gespréich zu kommen an si op dëse Wee matzehuelen. Ech engagéiere mech a verschiddene consultative Kommissiounen an a Mierscher Associatiounen.

D’Cecilia Beirão: Ech si Mamm vu zwee Kanner am jonke Lycéesalter a schaffen zënter bal 20 Joer als Sozialaarbechterin am Jugendschutzberäich. Eng grouss Beräicherung! Kommunikatioun a Informatioun bléiwen eng wichteg Quell fir Léisungen ze sichen, Ideeën a Wäerter de Léit méi no ze bréngen, an esou all mateneen den Erausfuerderunge vun eisem Zesummeliewen entgéint ze kommen.

Mat 18 Joer konnt ech als portugisesch Matbiergerin fir d’éischte Kéier wiele goen. Net nëmme wëll ech volljäreg war, mee d’Auslänner zu Lëtzebuerg konnte fir d’éischte Kéier  vun dësem Recht profitéieren. Dat sinn elo bal 30 Joer hier! D’Gefill vu „derzou gehéiere“, en „Deel vu Lëtzebuerg“ ze sinn, huet mir Zefriddenheet ginn. D’Integratioun ass en Thema dat mir um Häerz läit. An deem Sënn, hunn ech bei der grénger Partei déi néideg Wäerter erëm fonnt, bei deene jidderee gläichwäerteg behandelt gëtt.

2017 sinn ech zu Miersch mat der grénger Partei an d’Gemengewale gaangen an ab dësem Fréijoer freeën ech mech op déi néi Tâche.

Ech sinn iwwerzeegt dat ons Propositioune fir eng méi klimaneutral Gemeng méi einfach ëmsetzbar sinn, wann all d‘Matbierger sech ugesprach fillen. E preventiivt Denke mécht dann och Sënn, wann mir esou fréi wéi méiglech informéiert sinn, wat ‚nohalteg liewen‘ heescht. Eis Kanner sinn e wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft a sollten net ze kuerz kommen. An enger Crèche, Maison Relais oder Schoul kann e vill bewierken andeems e si mat abënnt. Kannergerecht Vëlosweeër an eiser Gemeng droen derzou bäi, datt si sech méi fräi kënne beweegen tëscht Schoul, Doheem an eventuelle Veräiner.

Zesummen als Equipe huet ons Sektioun ganz vill kreativ Iddien, wéi mir äis Gemeng méi liewenswäert, solidaresch a méi ‘gréng’ kënne gestalten. A private Projeten oder zesummen als Equipe schaffe mir kontinuéierlech un ökologesche Verbesserungen an der Gemeng. Mir beroden äis an äiser Sektioun iwwer Tiny houses, Vëlosweeër, begréngte Fassaden a Diech, Photovoltaik a Wandenergie, de Schutz vu Naturoasen an eiser Gemeng a wéi mir eis a Zukunft kënnen erneieren. Mir sinn oppe fir Leit mat Iddien, wéi mir äis Gemeng weider a dës Richtung entwéckele kënnen.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert