Categories:

Déi 24. Editioun vum Vëlosdag hat vill Succès. Ganz vill Leit ware mat hirem Vëlo de Sonndeg, den 14. Juli 2019 op der Streck ënnerwee.

Ganz sympathesch, datt déi Veräiner bereet waren, hiert Schlassfest eng Woch méi spéit ofzehalen, an de Vëlosdag um 14. Juli méiglech gemaach hunn.

Mam Vëlosdag sollt och drop higewise ginn, datt d’Streck tëschent Miersch a Mamer net just eng geféierlech Rennstreck fir Autoen ass, mee duerch eng ganz flott Landschaft am Mamerdall féiert. Et soll och Drock gemaach ginn, fir eng Vëlosstreck duerch dee flotten Mamerdall ze realiséieren.

D’Vëlospiste ass elo ugefaangen. Den Deel tëscht Miersch a Schëndels gëtt gebaut, och wann nach net kloer ass, op de Wee däerf an de Schlasspark erageluecht ginn. Et gëtt och dru geschafft, fir de Wee weider iwwer Koplescht op Mamer ze féieren. Hei geet et duerch een Natura 2000 Gebitt, esou datt d’Planung laang an komplizéiert dierft ginn.

Op et nach eng Veranstaltung wéi “Alles op de Vëlo Mamer-Miersch » gëtt, wann de Vëloswee bis fäerdeg ass ? Dat steet an de Stären. Sécher ass awer, datt d’nächst Joer déi 25. Editioun wäert organiséiert ginn.  

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert