Mëttwoch, den 10. Juli 2019 ass d’Beienhaus vun der Mierscher Schoul (Cecile Ries) ageweit ginn.

E super flotte Projet!

Fein, datt e Schoulmeeschter, den Serge Braun, ee Beiemann ass an de Projet encadréiert. Super, datt den zoustännegen Fieschter, den Guy Gilson, sech fir d’Realisatioun vum Projet agesat huet.

D’Mierscher Gemeng huet de Projet natierlech och ënnerstëtzt.

Interessant, datt de Projet am direkten Zesummenhang vum Bau vun der Nordstrooss steet: De ganze Plateau vun der « tranchée couverte » gëtt vun der Gemeng Miersch geréiert. Esou ass mat der Zäit e Vëloswee, eng Liigewiss vun der Piscine, e Verkéiersgaart, en Uebstbongert a schlussendlech een Beienhaus entstan.

D’Schoulkanner kënnen am Kader vum Mierscher Fuerscherhaus net nëmmen d’Beien kenne léieren an beobachten, mee och konkret un Aarbechten Deel huelen, wéi d’Beien fidderen, den Hunneg schleideren…

D’Wiss ronderëm d’Beienhaus gëtt vun de Schof vum Denise Kersch « geméint ».

Ee Projet deen nohalteg a pädagogesch wäertvoll ass. Mir wënschen eis, datt dëse Projet oft kopéiert gëtt.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert