Bei senger Ried um Virowend vum Nationalfeierdag, hat de Mierscher Buergermeeschter d’Greta Thunberg als positiivt Beispill genannt, an sech driwwer gefreet, datt déi Jonk op d’Strooss ginn an sech engagéieren fir Klimaschutz an Ëmwelt.
Dat war gutt gesot.
An awer…
D’Greta Thunberg ass eng jonk decidéiert Klimaaktivistin, déi queesch duerch d’Welt ganz vill jonk Leit dozou beweegt huet, op d’Strooss ze goen an hier Suergen an Ängschten iwwert de Klimawandel z’artikuléieren. D’Greta seet och, et wier net ze verstoen, firwat datt eis politesch Verantwortlech net agéieren.
« Cela ne devrait pas être aux enfants de faire cela. » steet zum Schluss vu sengem Pamphlet « Rejoignez-nous #grevepourleclimat ».
Schéi Rieden halen gehéiert zur Politik. De Mierscher Buergermeeschter hat eng schéi Ried gehalen, mee hien ass kee Frënd vun alternativen Energien, vu Renaturéierung, vu Verkéiersberouegung, vun doucer Mobilitéit, vu Klimapolitik…
Schéi Wierder hëllefen net géint Klimaverännerungen. Et ass un der Zäit fir Decisiounen ze huelen an verantwortlech ze handelen.
Als kleng Stäip an als Orientéierung, hunn ech dem Mierscher Schäfferot eng Brochure vum Greta Thunberg geschenkt.
Claude Adam
No responses yet