Categories:

Flott Info fir unzefänken: An der Gemeng Noumer gëtt esou vill grénge Stroum produzéiert wéi es verbraucht gëtt!

De Minister Claude Turmes weist sech beandrockt vun der Gemeng a sengen Awunner, a betount d’Noutwendegkeet, weider an d’Richtung vun den erneierbaren Energien ze goen.
Dat neit Reglement, dat réckwierkend op den 1. Januar 2019 a Kraaft getrueden ass, gëtt Lëtzebuerg eng finanziell ganz gutt Reegelung: Besser an d’Photovoltaik investéieren ewéi d’Suen um Spuerbuch stoe loossen.

D‘ Madamm Juchems vun myenergy huet déi Subventiounen, déi duerch den règlement grand-ducal relatif à la production d’électricité basée sur les sources d’énergies renouvelables du 19 avril 2019 méiglech sinn, am Detail virgestallt.

Zousätzlech zu dëse Subventioune vum Staat ginn et och eventuell Subventiounen vun der Gemeng wou d’Photovoltaik-Anlag steet.
Déi kënne ganz liicht un d’staatlech Hëllefen gekoppelt ginn.

Gëtt d’Gemeng Miersch och ee Subside op PV-Anlagen? Äntwert: Nee! Zënter 2003 gëtt et allerdéngs e Subside fir Solaranlagen vun der Gemeng Miersch.
De Concours Solar-challenge vun myenergy ass interessant, wat seet de Mierscher Schäfferot dozou?
Bis den 30. November 2019 umellen. Aschreiwung iwwert internet-site vun myenergy.


Den Achim Schmidt vun Sonalis Luxembourg S.A., weist, datt ee mat enger PV-Anlag wierklech richteg Sue verdénge kann. An de Vertrieder vun der Spuerkeess erkläert dat selwecht. D’Rahmebedingungen sinn exzellent. Komesch, datt eng S.A. mat dem Minister op Tour geet?. An et gëtt jo och nach aner Banken?. Déi Vermëschung war och vum Publikum ugeschwat ginn.

Et schéngt haut vill méi Varianten vun Prêt’en ze ginn, fir esou eng Anlag ze realiséieren wéi an der Zäit. Och mat der Degressioun vum Präis -zum Tarif vun 16,5 Cent vun dësem Joer kritt ee wahrscheinlech elo scho keng Anlag méi installéiert, d’Offer ass net grouss genuch. Mee och nach d’nächst Joer an d’iwwernächst Joer ass den Tarif nach ëmmer immens gënschteg, méi gënschteg wéi soss iergendwou an Europa -oder der Welt. Et gëtt Plazen op der Welt wou méi Sonn schéngt, mee keng wou een säi Sonnestroum besser bezuelt kritt ewéi zu Lëtzebuerg.
De Vertrieder vun enger Fiduciaire vu Stadbriedemes huet gemengt: « Der Steuerbereich ist ein Intimbereich und kann nicht global abgedeckt werden. »
Hien hat och vun engem flotte Projet erzielt: den Dag vun z. B. enger Schoul gëtt un eng Firma verlount. Déi huet de Benefice vun der Anlag, a bezuelt ee Loyer un d’Schoul (Stadbriedemes 2008).
D’Energiekooperative Mëllerdall ass am Gaang e Projet auszeschaffen. Den
adresséiert sech virun allem un d’Awunner aus den Naturpark Gemengen.
Fir Miersch gëtt et ee Leader-Projet, deen och eng Energiekooperative wëll an d’Liewe ruffen. D’Gemeng Miersch stellt den Daach vum Miesdrëffer Pomjeesbau an Aussiicht. Méi Diecher, wou ee ka Photovoltaiksanlagen drop setzen, huet d’Gemeng anscheinend net. Dat kënne mir eis schlecht virstellendo misste mir awer dringend ee Solarkadaster kréien fir dat z’iwwerpréiwen.

Claude Adam

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert