Categories:

Den 12. Oktober 2019 organiséieren déi gréng Miersch zesumme mam Biowënzer Raphaël Hannart – Happy Duchy – Family Estate en Trëppeltour vun ongeféier zwou Stonnen (2-3 km).

D’Balade geet duerch seng Wäibierger, awer och duerch d‘Géigend vum Ierpeldenger Gipswee a vun der fréierer Zuchstreck Jhangeli/Scheierbierg.

De Raphaël huet eis vill ze erzielen a freet sech op eis Froën!

Duerno proposéiert hien eis eng Degustatioun vun sengem Crémant a senge Wäiner „Happy Duchy“ a „Clos Jangli“ mat klenge Knabbereien.
Uschléissend gi mir zesummen an de Restaurant „Bistrot Italien“ zu Schwebseng iessen.

Mir ginn eis um 10h00 RDV zu Erpeldange/Bous um Parking vum Kierfecht.

Falls dir interesséiert sidd just mat trëppelen ze goen oder just mat iessen ze goen, oder bei deenen zwou Aktivitéiten matzemaachen, da meld iech bis spéitstens de 5. Oktober 2019 beim Cecilia Beirão per Mail op cecilia7@pt.lu .

„Happiness is real when shared” by Raphaël Hannart

déi gréng Miersch

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert