Categories:

Mir hu bei deene meeschte Punkten d’selwecht gestëmmt ewéi d’Majoritéit. Bei e puer Punkten konnte mir awer d’Propositioune vum Schefferot net matdroen:

Punkt 3

3) Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Rue Wenzel – phase III» portant sur des fonds sis à Beringen au lieu-dit «Rue Wenzel» pour le compte de la société anonyme à responsabilità limitée Longchamp S.à. r.l. de Mersch.

An der Konventioun stung :

Considérant que le plan d’aménagement particulier prévoit la réalisation de huit (8) maisons unifamiliales dont une (1) maison isolée, deux (2) maisons jumelées et cinq (5) maisons groupées en bande.

No villem hin an hier, konnt keen eiser Conseillère Mariette Weiler erklären, firwat de Plang eppes anescht duerstellt wéi an der Beschreiwung steet. De Punkt ass vum Ordre du jour geholl ginn, geet zréck an den Service technique vun der Gemeng a kënnt da mat den néidegen Erklärungen an de Gemengerot zréck fir votéiert ze ginn.

Punkt 4:

4) Urbanisme: Approbation du projet d’exécution avec convention concernant le plan d’aménagement particulier «Im Reuteschberg» portant sur des fonds sis à Beringen au lieu-dit «Rue Wenzel» pour le compte de la société anonyme à responsabilité limitée Longchamp S.à r.l. de Mersch.

Och bei dësem Projet war et net evident, Text a Plang op een Nenner ze kréien. Mir konnten eis net mat der Positioun vun der Majoritéit ufrënnen : « Komm mir stëmmen dat alt, dat wäert schonn an der Rei sinn ». Mir hunn eis wéinst deenen Onkloorheeten enthal.

Punkt 6 :

6) Approbation du devis pour la démolition de la salle des fêtes avec piscine et maison du concierge de l’école Nic. Welter ensemble avec le bâtiment de l’école Albert Elsen et le bâtiment dit «œuvres paroissiales» à Mersch dans le cadre du réaménagement du campus scolaire «Centre» a Mersch.

Déi gréng hu géint dës Dépense vun 897.687,50 € (hTVA) gestëmmt. Mir hunn eis vun Ufank un dofir agesat, datt fir d’éischt eng nei Schoul misst gebaut ginn. Da gingen d’Kanner aus der A. Elsen Schoul kënnen an déi nei Schoul goen. Duerno kéint d’Albert Elsen Schoul vu Grond op sanéiert, respektiv ofgerappt an nei gebaut ginn.

D’Majoritéit ass leider net op eis Argumentatioun agaang. Mir bedaueren dat. Mir mengen, datt d’Virgoensweis vun der DP-CSV Majoritéit d’Gemeng vill Sue kascht a fir d’Kanner, hir Elteren an d’Léierpersonal vill Duercherneen schaaft.

Mir kruten ëmmer gesot, d’Gemeng hätt keen Terrain fir eng nei Schoul drop ze bauen. Mëttlerweil huet d’Gemeng de ganze Plateau um Mierscherbierg (vis-à-vis vum Listo) kaaft, fir eis Sportsinfrastruktur dohinner ze setzen. An et bleiwt esou guer Plaz fir een oder zwee staatlech Lycéen ! Et wier also och méiglech, eng Primärschoul dohinner ze bauen. Da kéinten eis Schoulen direkt vun de Sportsinfrastrukturen profitéieren, a wann de Contournement bis op Biereng fäerdeg ass, dann wier et relativ einfach, d’Kanner vun Biereng, Miesdrëff a Pëtten mat de Schoulbusser op de Mierscherbierg ze féieren, ouni mussen duerch den Zentrum vu Miersch ze fueren.

Punkt 14:

14) Approbation de contrats et de conventions
Do stung eng Conventioun um Ordre du jour, wou de Stat der Gemeng Miersch eng Plaz vu Ronn 14 Ar fir e symbolesche Präis op dräi Joer verléint, wou dann d’Gemeng e provisoresche Parking dropp baut fir 21 Parkplazen. Mir sinn der Meenung, datt et net un der Gemeng ass, fir hei e provisoresche Parking ze bauen. Mir wëlle mol guer net driwwer streiden wéi sënnvoll oder onsënneg et ass, fir ouni Verkéierskonzept 21 Parkplazen tëschent dem Lycée Ermesinde an der Gare ze bauen. Mee mir sinn der Meenung, datt wann esou ee Parking gebaut gëtt, da misst de Stat an/oder d’Eisebunn dat maachen, well hir Clienten dovu profitéieren. Duerfir hu mir eis bei dësem Vote enthal.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert