Am Punkt ‚Démarrage des projets‘ vum Budget 2020 steet eng fir Miersch interessant a wichteg Neiegkeet: am Summer 2020 ginn d’Aarbéchten an der Rue Grande-Duchesse Charlotte un, endlech.
Schwätzt een zu Miersch vu Geschäfter, denkt ee virun allem un d’Centres commerciaux um Mierscherbierg an zu Bierschbech. An der Mierscher Geschäftsstrooss ass vill Leerstand, just nach eng knapp Handvoll vu Geschäfter am richtege Sënn vum Wuert, an no den Aarbéchten riskéiert et der nach manner ze sinn. Eis Geschäftsstrooss ass haut eng Strooss mat Büroe vun Immobilièren an Assurancen, vun der Gare bis bei d’Kierch. All déi Betriber hunn natierlech hir Daseinsberechtegung, mee si droe bestëmmt net zur Beliewung vun der Strooss bäi.
Aner vergläichbar Uertschaften wéi Dikkrech, Ettelbréck oder Iechternach hunn änlech Problemer, an d’Ursaache sinn ëmmer déiselwecht: exzessiv Loyer’en, Konkurrenz aus dem Internet, awer néirens ass d’Situatioun esou opfälleg schlëmm wéi hei zu Miersch.
Dobäi hu mer all Atout’en am Zentrum: Méchelsplaz, Schlass, Kultur- a Lieshaus, Literaturhaus an de Park. All dëst misst, wann d’Aarbéchten un der Strooss ofgeschloss sinn, nees Leit unzéien, déi gäer hei Zäit verbréngen, sech treffen, akafen, eppes iessen an drénken. D’Consultation rémunérée vun 2014, ‚En neit Gesiicht fir den Zentrum vu Miersch‘, weist an déi richteg Richtung. Am Zentrum vu Miersch wunnen elo scho vill Leit, et kommen der déi nächst Joren nach eng gutt Partie derbäi an de Lotissementer Faber a Creos, an dat misst jo lues a lues en neien Opschwong fir eis Geschäftswelt am Zentrum bedeiten.
Et geet sécher net drëms nach méi Verkéier an den Zentrum ze zéien, am Contraire. Et geet drëms, d’Mobilité douce ze förderen, de Leit ze vermëttelen, net fir all Klengegkeet mussen den Auto huelen fir an den nächste Centre commercial ze fueren. Den Zentrum ass ouni gréisser Ustrengung zu Fouss oder mam Vëlo iwwert d’Vëlosweeër oder duerch de Park ze erreechen, et muss ee just geziilt de Commerce de proximité promouvéieren.

Un de politesch Verantwortlechen ass et sech och fir d’Entwécklung vum Stadkäer anzesetzen, Initiativen ze ergräifen, hiren Afloss spillen ze loossen, och wann d’Geschäftsliewen op Privatinitiativ berout. Zu Dikkrech, Ettelbréck an a munch aneren Uertschaften hunn déi Gemengverantwortlech z. B. Geschäftshaiser kaaft fir duerno d’Surface commerciale zu engem erdréileche Loyer ze verlounen. Sou erklärt sech d’Librairie Ernster zu Ettelbréck. D’Wunnengen iwwert de Geschäftsraim kënnen zu engem moderate Loyer, z. B. duerch eng Agence immobilière sociale, verlount ginn, zwou Mécke mat engem Schlag. A momentan eidle Geschäftslokaler ginn am Gespréich mat de Propriétairen Start-Up oder Pop-Up Storen ageriicht fir iwwergangsweis doduerch d’Geschäftsstroossen méi ze beliewen.
Firwat net vun deenen 2-3 Jore wou de Chantier dauert, profitéieren an en Aarbéchtsgrupp ‚Geschäftsstrooss‘ an d’Liewe ruffe fir ze diskutéiere, wéi een nees Liewen an d’Mierscher Geschäftsstrooss kënnt bréngen, wéi eng Betriber ee wëllt unzéien. Mir kënnten eis virstellen, dass an deem Aarbéchtsgrupp niewt de politesch Verantwortlechen och Leit vun der Union commerciale, dem Syndicat d’Initiative, evtl. e Vertrieder vun der Chambre de Commerce, a virun allem och interesséiert Bierger, d’Käpp géifen zesummestrecken an no Léisunge sichen.
Schued ass et besonnesch, dass wéinistens op der Méchelsplaz vum Chocolate House bis hannert d’Kulturhaus, wou vill Leit a besonnesch Schoulkanner all Dag iwwert d’Strooss ginn, kee Shared Space virgesinn ass, fir besonnesch de Verkéier ze berouegen an esou fir méi Sécherheet fir d’Foussgänger ze suergen. Dat géif och deen historesche Site valoriséieren. Eng verpasste Chance.
Och Steesel erneiert säi ganzen Duerfkäer, vun der Rue P. Eyschen bis op d’Kiercheplaz. An engem Artikel am Wort vum 24. Januar 2020 heescht et: ‚Die Verkehrsführung wird entsprechend dem Shared-Space-Prinzip gestaltet. Dort sind alle Verkehrsteilnehmer gleichberechtigt, vom Fußgänger über die Radfahrer bis hin zu den Fahrzeugen. … Der Hintergrund dieser Maßnahme ist aber nicht nur die Verkehrsberuhigung an sich, sondern auch die Wiederbelebung des Ortes. …‘ Esou geet et och!
Eis grouss Manifestatiounen, wéi d’Braderie, den Nationalfeierdag, de Chrëschtmaart oder Concerten, weise, wéi flott et ass, wa fir déi Zäit d’Strooss fir de Verkéier gespaart ass. Loosse mer de Leit de Stroosseraum zum Deel nees zréckginn an eis fir eng lieweg Rue Grande-Duchesse Charlotte am Sënn vu méi Liewensqualitéit asetzen!
Reckinger Jhemp
No responses yet