Categories:

De Flexibus ass am September 2005 zu Miersch agefouert ginn. Et war d’Resultat vun enger ganzer Rëtsch Etüden an Diskussiounen vum deemolegen blo-gréngen Schäfferot.

déi gréng Miersch hunn et ëmmer begréisst, datt mir als Gemeng esou eng Mobilitéitsoffer geschaf hunn. Mir hunn awer och schonn zimmlech fréi gefrot, fir eng Evaluatioun vum Projet Flexibus ze kréien. Mir hunn dat fréi an oft gefrot, well mir der Meenung waren, datt munches beim Flexibus net esou funktionéiert huet, wéi et eigentlech geduecht war. 

De Flexibus ass ëmmer manner als Zoubrénger fir d’Gare genotzt ginn. D’Haaptursaach ass, dass de Flexibus leider oft net pünktlech an och net ëmmer zouverléisseg ass. Weider ass eis opgefall, dat meeschtens just eng Persoun am Flexibus sëtzt, dobäi sollt de Flexibus eigentlech e “Sammeltaxi” sinn. De Flexibus hëlt just déi Persoun mat, déi e bestallt huet, wann also eng zweet Persoun wëll mat an déi selwecht Richtung fueren, da geet dat net.

Lo no 15 Joer soll d’Konzept Flexibus endlech iwwerschafft ginn.

An enger éischter Phase soll et dem Chauffeur erlaabt ginn, och nach Leit ënnerwee matzehuelen, déi an déi selwecht Richtung fueren wéi de Client, deen de Bus geruff huet. D’Software soll och verbessert ginn. Iwwert eng App soll all potentielle Client kënne gesinn, ob e Flexibus an der Géigend ass, sou datt hien dee kann erbäi ruffen.

Et ass festgestallt ginn, datt de Flexibus an de sougenannte Spëtzestonnen, also wa vill Leit sech op de Wee maache fir schaffen ze goen, am wéinegsten am Asaz ass. Mir hu scho méi laang gefrot, ob een net z.B. vu 6:00 bis 8:00 Auer a vun 17:00 bis 19:00 Auer de Flexibus am 20-Minuttentakt sollt als Navette vun der Mierscher Gare an d’Wunnquartier’en vun der Gemeng fuere loossen. Dat ass awer nëmme sënnvoll, wann et eng Ergänzung zum ëffentlechen Transport ass, an net eng Konkurrenz. Well den RGTR vu Mee 2020 un nei organiséiert gëtt, musse mer ofwaarden bis déi Ännerungen agefouert sinn, bis mer een Navettesystem kënnen ausschaffen a sënnvoll asetzen.

Et gëtt héich Zäit, sech mam Projet Flexibus auserneenzesetzen. Et fueren haut däitlech manner Leit zu Miersch mam Flexibus wéi virun 10 Joer. Eigentlech erstaunlech, well d’Awunnerzuel ass jo an deene leschte Joren zimmlech staark eropgaangen. De Flexibus huet säi Präis. Fir déi gréng ass et wichteg ze kucken ob mer eis politesch Ziler mam Flexibus erreechen: den ëT fir den Autofuerer esou interessant ze maachen, datt hien net méi op den Auto ugewisen ass fir schaffen ze fueren a Leit, déi keen Auto oder kee Führerschäin (méi) hunn, Mobilitéit ze erlaben, fir akafen ze goen, bei den Dokter ze goen oder soss Visitten ze maachen, déi se zu Fouss net (méi) kënne maachen.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert