Categories:

D’Gemeng Miersch huet wëlles de gréissten Deel vun hire Sportsinfrastrukturen op de Mierscherbierg ze konzentréieren: Sportshalen, Fussballterrainen, Tennisfelder, eng Hal fir Fester an e Parkhaus, dat alles soll do nei gebaut ginn. Mir hate gefrot, ob dann do net och nach Plaz wier fir eng Primärschoul. Nee, huet et laang Zäit geheescht, fir esou eng Schoul wier keng Plaz méi um Mierscherbierg.

Mir goufen dunn awer informéiert, datt awer nach Plaz fir ee Lycée um Mierscherbierg wier. De Schäfferot  well ee staatleche Lycée, den ENAD (Ecole Nationale pour Adultes) op déi Plaz setzen. 

déi gréng Miersch hunn all déi Efforten begréisst, déi de Buergermeeschter gemaach huet, fir Terrain’en um Mierscherbierg fir d’Gemeng ze kafen. Mir verstinn awer net, datt mer déi eenzeg Reserve vu Bauterrainen, déi mer eis elo réischt rezent geschaf hunn, fir e Lycée opginn. Di allermeescht Studenten vum ENAD wunnen am Süden vum Land. Och reng verkéierstechnesch mécht et wéineg Sënn esou e Lycée op dee Site zu Miersch ze setzen.

Mir ënnerstëtzen d’Iddi, fir d’Sportsinfrastrukturen op de Mierscherbierg ze setzen. Iwwert d’Gréisst vun den Infrastrukturen wäerte mer nach am Detail diskutéieren. Déi zwee Vertrieder vun déi gréng am Aarbechtsgrupp ‚Sportsinfrastrukturen‘, de Jhemp Reckinger an de Claude Adam, waren och mat op eng Visitt vun änlechen Infrastrukturen zu Bartreng, Contern, Diddeleng an Mondorf. Leider ware mir just e klenge Grupp, deen sech informéiere gaangen ass. Hei geet et em 100.000.000 Euro, deen deierste Projet, deen d’Gemeng Miersch je an Ugrëff geholl huet!

Mir hu schonn oft gefrot, wéi dann de Schoulsport an dëse Projet agebonnen ass. Mir hunn eng Sportshal um Krounebierg fir d’Cecile Ries-Schoul. D’Albert Elsen-Schoul gëtt ofgerappt an eng nei Schoul mat Sportshal a Piscine soll op déi selwecht Plaz kommen. Anscheinend gëtt den neie Sportkomplex net fir eise Schoulsport gebraucht. Mir kréien d’Sportshal scho gefëllt, mengt eise Sportschäffen. Dorun zweiwele mer net. Mee dat ass awer an eisen Aen ee komplett onverantwortlechen Ëmgang mat den ëffentleche Gelder! Ee Sportkomplex, deen zur Schoulzäit net vun der Gemeng hire Schoulen genotzt gëtt, dat ass en absolute Luxus.

D’Iddi fir eng Primärschoul op de Mierscherbierg bei déi geplangten Sportsinfrastrukturen ze setzen, ass sënnvoll. Wann de Contournement laanscht d’Gebai vu Ponts&Chaussées op Biereng bis fäerdeg ass, da sinn eis Schoulkanner vu Biereng, Miesdref a Pëtten zimmlech  séier mam Bus um Mierscherbierg. An dee Verkéier brauch dann net méi duerch den Zentrum vu Miersch an iwwert d’Stäreplaz ze lafen.

Mir argumentéieren scho jorelaang, datt mer fir d’éischt eng nei Schoul solle bauen, an da réischt d’Albert Elsen-Schoul ofrappen an nei opbauen. Bei der DP-CSV Majoritéit stoussen eis Argumenter leider op daf Oueren.

C.A.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert