En Donneschdeg Owend, 5. Mäerz, war de Minister François Bausch zu Miersch fir d’Neierungen vun der Reorganisatioun vum Réseau vum ëffentlechen Transport virzestellen.
De Minister Bausch huet dat souverän gemaach. Hie kennt säin Dossier a bréngt seng Messagen gutt un de Publikum.
De Sall war bis op di leschte Plaz gefëllt an et war eng ganz agreabel Versammlung. Vill Leit hu vill Froe gestalt, natierlech an éischter Stell iwwert dee Bus, dee si reegelméisseg notzen, ob deen dann elo guer net méi, méi oft oder anescht fiert … Och d’Problematik vum ADAPTO ass ugeschwat ginn. Hei schéngt de Ministère ze schnell gehandelt ze hunn. De Minister huet d’Leit informéiert a berouegt, datt all déi Leit, déi bis elo an de Genoss vum ADAPTO komm sinn, déi Bussen dëst Joer ënnert de selwechte Konditiounen kënnen notzen wéi bis elo.

De Minister huet och drop higewisen, datt déi Reform vum RGTR eigentlech een eenzegt Zil, nämlech eng Verbesserung vum ëffentlechen Transport fir all Mënsch, huet. Esou sollen déi Leit, déi den ëffentlechen Transport notzen, méi séier un hiert Zil kommen, an déi Leit, déi en nach net notzen, solle motivéiert ginn, Zuch a Bus an hier Mobilitéitsiwwerleeunge mat anzeplangen. Dat kann nëmme klappen, wann d’Fuerpläng vu Bus an Zuch besser openeen ofgestëmmt ginn, wa mer eng Verbesserung vum Stonnentakt kréien, wann Zuch a Bus méi pünktlech ginn.
D’Reform vum RGTR ass en Deel vun der Mobilitéitspolitik a ka just am Kontext vun enger ganzer Strategie, déi Foussgänger, Vëlofuerer, Autofuerer, Zuch- an Trambenotzer mat abezitt, verstane ginn. D’Nummeréierung vun de Bussen soll et schonn op den éischte Bléck erlaben ze gesinn a wéi eng Regioun de Bus fiert. An Zukunft wäerten och virun allem sonndes vill méi Busse fueren. D’P&R Plazen, besonnesch op de Pôles d’echange, gi vergréissert resp. nei ugeluecht, dëst am Interesse besonnesch vun de Beruffspendler. Fir d’Rentrée 2020/21 ass de Schülertransport fir déi verschidde Lycéen uechter d’Land ganz vum ËT lassgekoppelt a funktionéiert eegestänneg.
Trotz de villen Efforten ass awer net alles méiglech: Et dierft och an Zukunft keng zefriddestellend Méiglechkeet ginn, fir all Dag mam ËT vun Kleng-Elchert op Mënjecker schaffen ze fueren. Dat gëtt de System net hier. An de F. Bausch huet gemengt, och ee Ruffbus kéint do net hëllefen.
Et ass och widderholl ginn, wat eigentlech jidderee weess: natierlech kascht den ëffentlechen Transport vill Suen an ass just fir de Client zënter dem 29. Februar 2020 gratis.
No responses yet