Categories:

Den 8. März war de Mierscher Gemengerot eng engem ganz ongewinnte Kader.

Zwee Conseillere waren net bei der Sëtzung derbäi.

Een dovunn, de grénge Conseiller Jhemp Reckinger hat sech als Personne vulnérable deklaréiert, woufir och jidfereen absolut Versteestemech hat. De Jhemp hat dem Claude Adam d’Prokuratioun ginn, fir fir hie mat ze stëmmen. 

Zwee Posten sinn am huis clos besat ginn.

Punkt 2 bis: Den éischte Punkt vun der ëffentlecher Sitzung war op Demande vum Claude Adam eng Informatiounsronn iwwert d’Situatioun, wat de Coronavirus an der Gemeng Miersch ugeet:

… Faire le bilan du niveau d’infection COVID-19 sur le territoire de la commune de Mersch. Explications quant au développement des mesures prises par les autorités étatiques et communales et de leurs répercussions pour les habitants de notre commune.

Je suis notamment intéressé par les sujets suivants: La commune de Mersch héberge deux maisons de retraite sur le territoire. Est-ce que les populations vulnérables de ces maisons sont touchées outre mesure par l’épidémie? La commune offre le service repas sur roues. Est-ce que le service a évolué, est-ce qu’il y a de nouvelles demandes, …?

Les services communaux travaillent au ralenti. Quels services fonctionnent avec quels effectifs ? Les scouts de Mersch assurent un service livraison pour les personnes vulnérables de la commune. Quelles sont les expériences vécues ? Est-ce que le service fonctionne à la pleine satisfaction des clients et des autorités communales ? …

De Gemengesekretär huet de Gemengerot informéiert:

25 Circulairen iwwert Covid 19 an 4 anerer sinn aus dem Innenministère komm. Déi läscht Zäit ass et elo e bësse méi roueg.

D’Regierung huet jo decidéiert, datt keng Informatiounen iwwert déi eenzel Altersheimer erauskommen. Den Informatioune vun der Gemeng no sinn an eisen zwou Institutiounen keng Covid-19  Problemer.

Bei Repas sur roues ass d’Zuel vun den Iessen eropgaang. Dat war awer och schonn d’läscht Joer en Trend. Dobäi sinn et net onbedingt méi Leit, déi de Service an Usproch huelen, mee d’Zuel vun den Iessen ass eropgaang. Dat heescht, Leit, déi virdrun just e puermol an der Woch d’Iessen heem geliwwert kritt hunn, hunn et elo fir all Dag bestallt. De Maximum vu 48 Leit ass erreecht, méi packt d’Kichen am Altersheim net. Dräi Leit konnten net méi servéiert ginn, mee kruten dunn d’Lëscht vun den Restauranten aus der Gemeng, déi Iessen ausliwweren a waren och mat der Léisung zefridden. Am Januar waren et 1.045 Moolzechten, am Februar 998 an am Mäerz 1.113. 

D’Guiden a Scoute gi fir Personnes vulnérables akafen. D’Gemeng huet hir Ënnerstëtzung ugebueden. D’FNEL-Scoute maachen dat och, awer op regionaler Basis. D’Guiden a Scouten waren 68-mol akafen. D’FNEL  Scouten betreie regelméisseg 4 Leit aus eiser Gemeng, ginn awer och an aner Gemengen.

Déi essentiell Servicer vun der Gemeng si reduzéiert ginn, lafen awer di ganzen Zäit weider. D’Equipen sinn op 1 bis 2 Leit reduzéiert ginn. Elo fänken se esou lues a lues un e bësse méi ze schaffen: Botzen a Méine steet un. D’Gemeng waart op Direktiven vun der Regierung, si wëll a kann net mat engem schlechte Beispill virgoen. Administrativ Servicer si just mat enger Persoun besat . 14 Leit schaffen mat Télétravail. 

Vill Informatioune si vun der Gemeng Miersch erausgeschéckt ginn (Infokanal, Facebook, Internetsite).

Bei ville Manifestatiounen ass nach keng Decisioun gefall: Eng ganz Rei Festivitéiten si scho ofgesot, wéi z.B. ‚Mir si Miersch‘ an de Balloon Trophy Mersch 2020.

Wéi ass et mam 1. Mee, mam Nationalfeierdag, mat der Mierscher Braderie an ‚Alles op de Velo‘?

Hei gëllt d’Devis: net virun de Won sprangen an ofwaarde, wéi eng Direktive vun der Regierung kommen. Natierlech sinn all Concernéiert frou, wa se wëssen, ob se solle plangen an ufänken oder weider fuere mat Schaffen oder net.

„Business as usual“

Punkt 3: Mir schafen e Posten an der Carrière E an der Equipp ‚Maintenance équipement – garage‘.

Punkt 4: Dat internt Schoulreglement vun der Grondschoul ass à jour gesat ginn. Do gesäit een, datt eng Schoul schonn eng kleng Entreprise ass, wou d’Gestioun vum Personal alles anescht wéi einfach ass. Dat ass alles konform zum Schoulgesetz, de Reglement ass vum Schoulkomitee opgesat ginn a vum Schoulpresident virgestallt ginn.

Punkt 5: Extensioun vun der Sportshal um Krounebierg.

Den DT Recken wëll net an de geplangten neie Sportkomplex um Mierscherbierg plënneren,  si wëllen um Krounebierg (Hal Cecile Ries) bleiwen.

Duerfir, awer och fir d’Besoinen vun der Mierscher Schoul ass decidéiert ginn, d’Sportshall a Richtung Schoulhaff em eng Annex ze vergréissen. Duerch d’Vergréisserung geet kaum Schoulhaff verluer, et geet éischter op Käschten vum Kotoneaster a vun der Rampe fir Leit ma reduzéierter Mobilitéit laanscht d’Hal. Duerfir kënnt awer ee Lift an d’Gebai, deen den Zougang zum Gebäi méi einfach mécht. D’Buvette gëtt och nei gemaach. Dat kascht eis 1.550.718,00 € TTC.

Punkt 7: Mierscherbierg – eng Servitude op eng Velospiste an e Busarrêt laanscht d’RN 7. Mir sinn esou pragmatesch ze verstoen, datt eng Velospoiste kann a muss geréckelt ginn fir e Sportsite ze erméiglechen. Mir sinn och der Meenung, datt e Busarrêt hei muss kënne realiséiert ginn. Datt dat op Käschte vu 50 m Baamallee geet, ass schued an och op Feelplanungen an der Vergaangenheet zréckzeféieren. 

Mir hunn awer och nach eng Kéier dovu profitéiert dropp hinzeweisen, datt et net ass fir op där Plaz dem Stat en Terrain ofzetrieden fir eng staatlech Schoul. Mir sinn der Meenung, datt mer hei mussen eng Grondschoul fir eis Kanner bauen. Mir fannen esouguer, datt dee Projet prioritär soll behandelt ginn. D’Léisung vun der Majoritéit, fir d’Albert Elsen Schoul ofzerappen a quasi grad esou grouss erëm opzebauen, ass keng Léisung fir dem Wuesstum vun der Populatioun gerecht ze ginn. Zum Beispill nach an dësem Gemengerot approuvéiere mer e PAP vun 10 Eefamilienhaiser an 100 Appartementer, wou d’Imprimerie Faber war.

Punkt 8: D’Haus Nummer 26 an der rue Nic Welter (Proprietéit vum Staat) gëtt als ‚Monument national‘ klasséiert.

Punkten 9 bis 12: verschidden Urbanismusprojeten.

Da stungen nach eng Rei Kontrakter, Konventiounen, Akten, Subsiden a Verkéiersreglementer um Ordre du jour.

All Decisiounen vun dësem Gemengerot sinn eestëmmeg geholl ginn.

Beim traditionelle Punkt ‚questions des conseillers‘ ass vu grénger Säit nach gefrot ginn, ob den Zäitplang fir d’Schoul hannert der Kierch ze plënneren kann agehal ginn. Gëtt d’Maison relais um Krounebierg färdeg, esou wéi et geplangt war?

Äntwert: D’Planung ass enk, vläicht plënnere mer an Etappen. Eventuell fänkt d’éischt Schouljoer schonn an der Wisestrooss hannert der Sporthal un. Keen Drock maachen, et ginn zwee Szenarien, déi mer den 29. Abrëll am Gemengerot nach eng Kéier am Detail presentéiert kréien. Fanne mer Leit, déi an der Summervakanz schaffen? Soss plënnere mer am Dezember. D’Maison relais riskéiert net färdeg ze ginn. De Schoultransport gëtt ee vun de gréissten organistoresche Problemer.

Stay at home

Mir haten um 17:00 Auer ugefaang a waren um 20:35 färdeg mat der Sëtzung.

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert