Categories:

D’ Luxemburger Wort schreiwt a sengem Artikel “Luxemburgs Ernährungssystem im Stresstest” iwwert déi national Engpäss an der Versuergung mat Geméis, déi an normalen Zäiten mat Importen kompenséiert ginn, an der Kris awer fir eidel Regaler an den Supermarchéen a Geschäfter suergt. Nëmmen 3-5% vun allem Geméis, dat mir am Land konsuméieren, gëtt zu Lëtzebuerg produzéiert. Fir a Krisezäiten méi onofhängeg vun Importer ze ginn, sollte mir dofir iwwerléeën, wéi eng Mesuren national a lokal realiséiert kënnen ginn.

D’Defizit un lokalem Geméis hunn mir awer scho virun der Coronakriis festgestallt. An eise Mierscher Maison Relais’en huet Sicona de Projet “Natur genéissen” missen astellen: D’Maison Relais sollt mat lokal produzéierten Liewesmëttel beliwwert ginn, déi fir a mat de Kanner sollte verkacht ginn. Doriwwer sollt d’ Bewosstsäin vun eisen Kanner fir déi lokal Liewesmëttelproduktioun gestäerkt ginn.

De Grond, firwat de Projet huet missen agestallt ginn, war genau den, datt am Monitoring festgestallt gouf, datt et net genuch Ressourcen zu Miersch a Ëmgéigend gitt, fir eis Maisons Relais’e regelméisseg ze beliwweren. Et feelt besonnesch u Geméis.

Déi gréng hunn dofir d’lescht Jor an der Ëmweltkomissioun e Virschlag ënnerbreet, datt d’Mierscher Gemeng kéint Projeten fir eng lokal Geméisproduktioun, sief et fir ëffentlecher Kantinen oder privat Konsumenten, ënnerstëtzt. D’Gemeng verfügt iwwer e grousst Portfolio vun Terrainen. Um Mierscherbierg ass de beschte Buedem fir Landwirtschaft zu bedreiwen, mee do soll an e puer Joer eng lokal Aktivitéitszone entstoen, d.h. dee Buedem gëtt versigelt.

Vläicht kéint d’ Gemeng do an der Tëschezäit, bis di Aktivitéitszone opgeet, als Tëschenotzung eng Geméisproduktioun zouloossen. Mir kéinten eis Partner sichen, z.B. d’Ettelbrucker Ackerbauschoul fir op dësem Terrain Geméis unzebauen, dat d’Gemeng fir seng ëffentlechen Kantinen garantéiert ging ofkafen.

De gudde Buedem vum Mierscherbierg wäert jo hoffentlech op eng aner Plaz gefouert ginn an bei der Versiggelung net verluer goen. D’Gemeng huet wéi gesot eng Rei Terrain’en, a mir gingen et begréisse, wann d’Gemeng aktiv ging ee Projet fir eng regional Geméissproduktioun ging ënnerstëtzen.

Leider huet de Schëfferot am leschte Joer net op eis Propose reagéiert. Vläicht ännert sech an Corona-Zäiten jo och d’ Bewäertung vun eiser Iddi am Schäfferot an mir kréien an der nächster Zäit eng Invitatioun fir eis Propose ze presentéieren.

Alexander Jolivet

PS: Esou kéint een dann och noch d’Geméisproduktioun mat Stroumproduktioun kombinéieren https://www.spiegel.de/wissenschaft/technik/neue-konzepte-fuer-erneuerbare-energien-oben-solar-unten-sellerie-a-ed947a19-03ef-418b-8519-de639b507292?sara_ecid=soci_upd_wbMbjhOSvViISjc8RPU89NcCvtlFcJ&fbclid=IwAR3gZSXpprZuz3JHhstn9va4kpztViA9k3GaN82SIcUXNYZzx1ZNPTztkLg

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert