Categories:

An der Gemengerotssitzung vum 29. Abrëll 2020 gouf den ‚avant-projet sommaire‘ fir de Reamenagement vum Schoulcampus ‚Zentrum‘ iwwert 49.111.395,16 € ofgestëmmt mat 10 Jo- (DP, CSV, LSAP) an 3 Neestëmmen (déi gréng).

Dozou e puer Bemierkungen:

D’Populatioun an der Mierscher Gemeng entwéckelt sech extrem séier, d’Lotissementer Faber, Rives de l’Alzette oder Creos entstinn kuerz- oder mëttelfristeg, weider Lotissementer an de Sektioune sinn am Gaang gebaut ze ginn oder si geplangt. Geschwënn wäerte mer de Kap vun 10.000 Awunner iwwerschreiden an eis rapid op 11.000, 12.000 Awunner zou bewegen.

Esou fanne mir gréng natierlech och, dass de Bau vun neie Schoul- a passenden Sportinfrastrukturen eng absolut Noutwendegkeet ass.

De Projet vun ‚Holweck Bingen Architectes‘, dee bei der Consultation rémunérée als Gewënner erausgoung, huet och eis iwwerzeegt.

Dat neit Schoulgebai, mat Sporthal a Piscine, an dat neit Gebai vun de Oeuvres paroissiales wäerten de Site hannert der Kierch sécher opwäerten. Do wäert et bestëmmt flott sinn an d’Schoul ze goen a Schoul ze halen.

Mee mir si warscheinlech eng vun de ganz rare Gemengen am Land, déi e Schoulgebai vun 1982, wat an engem gudden Zoustand ass, ofrappt, an um selwéchte Site eng nei Schoul baut.

Dat bréngt mat sech, dass 14 Klassesäll verschwannen, an hei läit de fundamentale Problem: um neie Campus entstinn 22 Klassesäll, mir hunn also just e Plus vun 8 Säll, an dat fir bal 50 Milliounen.

Natierlech gëtt et méi Salles d’appui, Ateliers thématiques, Espaces shared space, aus dem Fest-/Sportsall gëtt eng grouss Sporthal, aus dem Lehrschwimmbecken eng grouss Schwämm. Mir riichten eng Schoul op, déi schon 2025, wann d’Schoul soll opgoen, eventuell wäert ze kleng sinn, wann een d’Entwécklung vun den Awunnerzuelen berücksichtegt.

Richteg wier et fir eis gréng gewiescht, déi Schoul mat allen néidegen Infrastrukturen op engem 3. Site opzeriichten.  Wann dee Projet ofgeschloss gewiescht wier, wieren d’Kanner an déi nei Schoul gaangen, dee Moment hätt d’A. Elsen-Schoul kënnen nei geplangt, ofgerappt an nees opgeriicht ginn.

Dat wier de Wee gewiescht, fir effektiv déi néideg Schoulflächen ze kréien, déi mer an noer Zukunft zu Miersch brauchen. Wärend dem Chantier, dee sech iwwert 5 Joer wäert hinzéien, wier de Schoulbetrieb net gestéiert ginn, eng ganz Rei Klassen hätten net missen op verschiddene Plaze verdeelt ginn, wéi dat elo de Fall ass.

Déi nächst Joren wäert et hei zu Miersch net einfach si Schoul ze halen. Teamaarbécht, eng Zesummenaarbécht an an tëscht deenen eenzelne Cyclen dierften déi nächst Jore méi schwiereg ginn.

Ënnert dëse Konditiounen konnte mir gréng de Projet vum neie Schoulcampus ‚Centre‘ net matstëmmen.

Reckinger Jhemp

Tags:

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert