Préliminaires: De Gemengesekretär informéiert iwwert d’Corona-News aus der Gemeng
D’Gemeng Miersch huet 49.000 Masken verdeelt, all Bierger huet der 5 kritt. Si sinn vun de Gemengeleit an engem Dag agepakt ginn an och an engem Dag ausgedeelt ginn.
Et kommen keng Masken méi iwwert d’Gemeng no. (Haut wësse mer awer, datt d’Regierung 50 Maske fir all Bierger bereet stellt, dëst ab dem 25. Mee 2020. )
D’Hal Faber zu Miersch ass vum CGDIS gelount ginn, do ass den Tri vun de Masken fir d’ganzt Land gemeet ginn.
Den Innenministère huet der Gemeng hier Informatiounspolitik gelueft.
Déi eeler oder net internetaffin Leit haten anscheinend keng Problemer un déi néideg Informatiounen ze kommen. Den Austausch an der Noperschaft huet gutt funktionéiert.
Virunn enger gudder Stonn (29.Abrëll) huet eng Circulaire confirméiert:
De 25. Mee ginn d’Grondschoulen nees op : Masken (Buffen) an Desinfizéiermaterial gëtt vum CGDIS un d’Gemengen verdeelt.
Lues a lues geet de Betrib erëm lass.
Akafen, an d’Apdikt goen ass iwwert d’Scoute gelaf. D’Scouten sinn vum 11. Mee un nach just disponibel fir zweemol akafen ze goen, mëttwochs a samsdes.
De Recyclinghaff ass erëm op, de Service Régie fängt e Méindeg, 3. Mee erëm un. All hallef Stonn fänkt eng aner Equipe un mat schaffen. Da sinn net esouvill Leit an den Atelier’e beieneen.
Mir wëssen nach net wéini datt d’Schwämm opgeet. Duerfir sinn elo mol Entretiensaarbechten am gaang. Am September brauch duerfir d’Schwämm net zougemeet ze ginn.
Den 9. Mee ass keng Holzstee, mee d’Leit kënnen iwwert Telefon oder e-mail d’Holz kafen.
D’Festlechkeeten fir den Nationalfeierdag sinn ofgesot.
Eventuell gëtt et en Open air Kino am September.
De Concert vun der Militärmusek soll den 27. November am Kulturhaus nogeholl ginn.

Ordre du jour:
- Approbation de l’avant-projet sommaire (APS) pour le réaménagement du campus scolaire „Centre“ à Mersch;

Et deet scho wéi, wann eng politesch Fraktioun, wou zwee Leit (Jhemp Reckinger, Claude Adam) zesummen méi ewéi 50 Joer an der Mierscher Schoul geschafft hunn, muss géint e Projet Schoul stëmmen.
Duerfir nach eng Kéier ganz kloer eis Positioun:
- Mir fannen et net gutt, datt de Schëfferot decidéiert huet, d’ Albert Elsen Schoul eidel ze raumen, ofzerappen an dann eng Schoul op déi Plaz ze setzen, déi net wesentlech méi grouss ass wéi di aal.
- Mir hätte gären eng nei Schoul op enger neier Plaz gehat. Wann déi Schoul färdeg gewiescht wier, wieren d’Kanner an déi nei Schoul gaangen an dee Moment hätt d’ Albert Elsen Schoul kënnen ofgerappt an nei gebaut ginn.
- Dat wier manner Provisoresches, manner Emstänn fir all déi Concernéiert an däitlech méi präiswert ginn.
- Dat wier och de Wee gewiecht, fir zilstrebeg déi néideg Schoulflächen ze kréien, déi mer an noer Zukunft zu Miersch brauchen.
- Mir fannen et net richteg, datt d’Gemeng Miersch eng zweet grouss «Piscine communale» baut an ënnerhält. Hei ass de Stat gefuerdert, fir eng Piscine fir déi 3 an eventuell eng Kéier 4 Lycéen zu Miersch ze bauen. Et nervt, datt ëmmer vun der Majoritéit gesot gëtt, datt si et wichteg fannen, datt all Kand schwamme léiert, an dat als Argument genotzt gëtt fir eng Schwämm ze bauen. Och mir fannen dat wichteg, dat ass net d’Fro déi sech hei stellt. Hei geet et em eng gerecht Opdeelung vun Onkäschten.
- Mir waren och net mam Handel mat den Oeuvres paroissiales averstanen. Fir eis entsteet hei eng Vermëschung vun den Aktivitéiten an Interessen. Dobäi ass déi Plaz, déi zur Verfügung steet, esou begrenzt, datt mer mat Stëtzmaueren a gewaltegen Ënnerkellerungen de Präis vum Bau zolidd an d’Luucht drécken. D’Bauwierk ass elo schonn am APS 24% (extra Wënsch vun der Gemeng an technesch Contrainten) méi deier wéi nach am Concours. An et kann duerchaus sinn, datt de Budget, deen haut gestëmmt gëtt, nach méi ewéi eng Kéier no uewen muss revidéiert ginn. Natierlech weist dat och op d’Grenzen vun esou enger Consultation rémunérée hinn. Luxstrategy seet de Montant wier justifiéiert duerch déi Choix’en, déi getraff gi sinn. De Projet ass eigentlech och scho méi wäit wéi en APS a geet schonn däitlech a Richtung APD.
- E puer Punkten hunn de Projet méi deier gemeet :
- Solar-Energiekonzept fir déi nei Schoul/Turnhal/Piscine. Mir hunn dropp gedrängt, datt den neie Schoulsite och solar opgerüst géif ginn. Dat war vun der Majoritéit am Ufank net esou geplangt.
- Lüftung: dezentral Lüftungsgeräter. Trennung vu Lüftung Klassesäll, Sanitär, Atrium.
D’Gebäi gëtt un d’Fernwärmenetz ugeschloss.
- Piscine mat Hubbuedem aus Inox. An d’Piscine gëtt och méi grouss wéi am Ufank geduecht: 12,5m x 25m. Selbstverständlech ginn déi modernst Technologien agesat, alles an Ofsprooch mat den zoustännegen Instanzen, wat Energie a sanitär Sécherheet betrëfft.
Et gëtt vill vu Verspriechen vun der Regierung geschwat, wat Subsiden betrëfft, mee déi mussen mat Ënnerschrëft oder Kontrakt ofgeséchert sinn.
Mir hunn aktiv an enger Aarbechtsgrupp matgeschafft. Mir sinn der Meenung, datt de beschte Projet zréckbehale gouf. Mir bedaueren awer, datt d’Majoritéit zu kengem Moment op eis Argumentatioun agaangen ass. Si haten eng Iddi, a si si kee Millimeter vun hirer Iddi ofgewach. Mir mengen, datt den aktuelle Schëfferot keng laangfristeg Strategie fir d’Entwécklung vun der Schoullandschaft vun der Gemeng Miersch huet.

10 Klassen mussen elo aus dem Albert Elsen-Gebai delokaliséiert ginn. An natierlech kommen all Joers Kanner, also och Klasse bäi.
4 Klassen ginn an d’Maison Relais Krounebierg, d’Corona huet de Chantier op der leschter Ligne droite gebremst. Et funktionéiert fir de September, oder och net. Bleiwt spannend bis zum Schluss.
D’Fuerscherhaus an der Wisestroos soll an d’Cecile Ries-Gebai an de Rez-de-Jardin: 4 Schoulklassen ginn dann an dat aktuellt Fuerscherhaus.
Am Nic Welter-Gebai gëtt e Bastelsall an d’Bibliothéik als Klassesäll genotzt.
Et ass also eng Rei Fräiraum vu Klassesäll do. Eng nei Schoul ass noutwendeg, mee net esou dringend, datt een ee Gebäi muss eidel maachen, ofrappen an nei bauen. Och de Schoultransport gëtt duerch d’Démarche vun der Majoritéit eng Erausfuerderung. D‘ Chantier’e Geschäftsstrooss, Lotissement Faber, Mierscher Lycée a Mierscher Schoulcampus wäerten parallel lafen, mat an der Maison Relais Nic Welter Schoulklassen am Schoulbetrib. 2025 am Hierscht soll déi nei Schoul hier Dieren opmaachen. Mee et sinn och schonn aner Timingen genannt ginn, déi net agehal konnte ginn.
Et ass vun Luxstrategy ganz, ganz oft op d’Komplexitéit vum Projet higewise ginn.
Déi 3 gréng Conseiller’en hu géint de Projet gestëmmt.
2) Approbation du devis pour l’acquisition de mobilier pour les salles de fêtes; 19.000€ TTC, unanime.
3) Approbation du devis pour l’installation d’illuminations des passages pour piétons; 100.000€, unanime.
déi gréng sinn der Meenung, datt mir hei eis Ustrengungen sollen eropsetzen: et gëtt nach zevill Foussgängeriwwerweeër an der Gemeng, déi schlecht beliicht sinn.
4) Approbation du devis pour le renouvellement de l’éclairage public; 345.000€ TTC, unanime.
Dat ass aus zwee Grënn wichteg: LED-Technik gëtt agesat fir Stroum ze spueren, an déi nei Luuchten liichten net méi an den Himmel, mee op de Buedem, also manner Liichtverschmotzung.
5) Approbation du devis pour le réaménagement de la Rue du Camping à Mersch; 144.178,10€ TTC, unanime.
6) Approbation de décomptes de travaux extraordinaires
7) Approbation des comptes communaux de l’exercice 2018
8) Approbation de déclarations de recette
9) Demande(s) de subside
10) Création de 3,5 postes dans la carrière B de l’ouvrier communal sous le statut du salarié en vue de la gestion de la réception/caisse du Centre Aquatique Krounebierg par du personnel propre.
Dat ass da mol eng Kéier een Insourcing a keen Outsorcing. Ass unanime ugeholl ginn.
11) Autorisation d’ester en justice
Mir sinn als gréng natiirlech fir d’Promotioun vun der Wandenergie. Dat well awer net heeschen, datt mer iwwerall, wou et technesch sënnvoll ass, och eng Wandmillen wëllen hisetzen. Wann et gutt Grënn gëtt, keng Wandmillen opzeriichten, da soll een ebe keng opriichten. Eng Réserve naturelle ass an eisen Aen e valabele Grond. Mir gesinn net an, firwat mer sollen als Gemeng um Geriicht géint ee Règlement grand-ducal kloen, deen eng Réserve naturelle “Mandelbach/Reckenerwald” ausweist. Mir froen eis och, op d’Wandmillen net als Virwand mëssbraucht ginn. Normalerweis sinn eis Gemengepäpp absolut net alert, wann et ëm Projeten vun erneierbarer Energi geet. Sinn hei eventuell och nach Juegd-, Land- a Forstwirtschaftsargumenter am Spill?
Zu Recht ass awer och dropp higewise ginn, datt de Règlement grand-ducal ganz grousszügeg mat der Expansioun vun de Carrière Feith ass. Dat ass fir eis eigentlech méi problematesch ewéi d’Wandmillen. Och wann eng Carrière sech iergendwann an ee ganz wertvollen Biotop kann zréckverwandelen, dann ass den Agrëff an den Waasserhaushalt an domatt an d’Drénkwaasserproduktioun vun der Gemeng Miersch awer ganz eescht ze huelen.
Mir hunn dergéint gestëmmt fir en Affekot mat der Affär ze befaassen.
12) Approbation de contrats, conventions et actes
13) Circulation: Confirmation de règlements de circulation temporaires
14) Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers
No responses yet