Categories:

  1. Personnel enseignant : Propositions d’affectation (liste 1)  Vote à huis clos 

Nom Huis clos ass festgehale ginn, datt 8 KandidatInnen fir den Enseignement fondamental gestëmmt gi sinn :

Claire KUGENER, Jo SCHREINER, Pamela FLICK, Merve TÜRKEN, Tessy AREND, Cindy GASPAR, Lucie PETER, Sandy PERDIGAO CARVALHEIRO.

Ee Kandidat ass net gestëmmt ginn.

Corona Feedback:

D’Schoulrentrée ass gutt verlaf: Merci un de Comité vum Léierpersonal, dee ganz vill a gutt Aarbecht geleescht huet. Merci un d’Firma Sales-Lentz, well de Bustransport och gutt funktionéiert hat.

116 Gruppen hu missten a Räim ënnerdag bruecht ginn. D’Übungsgruppen aus dem C1 ginn an d’Wisestrooss. Well déi mi spéit ufänke, kënne se mam Schoultransport bei d’Spillschoul gefouert ginn a vun do aus relax zu Fouss an d’Wisestrooss goen. An all Bus ass eng Begleetpersoun. Ganz vill Kanner, déi Mëttes heem ginn, si beieneen an engem Grupp. Da gëtt Mëttes fir déi Kanner kee Personal méi gebraucht. Iessen an der Mëttesstonn: war net einfach, well d’Kanner net däerfe gemëscht ginn, mee och do si Léisunge font ginn.

16 Schoulmeeschteren zousätzlech si gebraucht ginn. Net méi, well ganz vill Leit mat halwer oder ¾ Tâche ware bereet, ganz ze schaffen. Vill Leit sinn elo nach als Freelance disponibel fir hei an do anzesprangen. D’Maison relais huet ganz vill Leit agestallt. Dem Minister Meisch seng Uweisungen sinn zu Miersch gutt ëmgesat ginn. Bal ëmmer konnten och d’Kanner aus enger Famill an der selwechter Grupp an d’Schoul goen.

D’Fro, op dat alles wierklech Sënn mécht, däerf ee sech awer roueg stellen. An och wa finanziell Froen net un éischter Stell stinn, kann ee sech awer elo schonn d’Fro stellen, wien déi vill zousätzlech Stonne Betreiungspersonal schlussendlech bezuelt.

D’Verdeelung vun de Masken huet gutt funktionéiert. Et war wichteg, d’Verdeelung dezentral z’organiséieren, well dat huet dozou gefouert, datt de Verkéier a Grenze bliwwen ass, eng Rei Leit konnten hier Masken zu Fouss siche goen. Vereenzelt hate Leit kee Bréif kritt fir Masken ofzehuelen. Do ass elo den Innenministère gefuerdert.

2.   Urbanismus

  1. Approbation de la convention ensemble avec le plan d’exécution concernant un projet de construction sur un fonds sis à Beringen au lieu-dit «Rue du Ruisseau» pour le compte de M. Nicolas Wiltgen de Steinsel.
  2. Réorganisation de 6 propriétés sis à Rollingen, rue Belle-Vue 6-8, en quatre lots dont 3 lots privés en vue de leur affectation à l’habitation et à la construction et 1 lot public destiné à la construction d’un trottoir.
  3. Approbation du dossier de soumission concernant la reconstruction de l’OA201 S/EISCH à Mersch sur le CR l02 au lieu-dit „rue Grande-Duchesse Charlotte“.
D’Bréck iwwert d’Aisch gëtt nei gemeet.

La dépense au montant total de 1.500.546,33 € TVA comprise est imputable  sur les crédits du Fonds des Routes.

Et soll jo elo am Hierscht Eescht gi mam Reamenagement vun der Rue Grande-Duchesse Charlotte. An duerfir soll dann elo och nach schnell d’Bréck iwwert d’Äisch mat erneiert ginn.

D’Bréck gëtt komplett nei gebaut, d’Käschten ginn ganz vum Stat gedroen.

De Gemengerot approuvéiert den Dossier a freet :

– prévoir un passage mixte pour piétons/cyclistes

– prévoir un raccordement plus direct et une meilleure accessibilité aux chemins existants/projetés

– faire attention à ne pas aggraver la situation des inondations au centre de Mersch

3.   Approbation de l’organisation scolaire 2020/2021 de la „Regional Museksschoul Uelzechtdall“

Just e puer Remarken zur regionaler Museksschoul Uelzechtdall:

  • Schéin datt et se iwwerhaapt nach gëtt: di regional Museksschoul ass dat eenzegt, wat iwwreg bliwwen ass vun der Conventioun Uelzechtdall. Joerelaang hunn d’Gemengen Miersch, Lëntgen, Luerenzweiler, Walfer a Steesel an enger vum Staat subventionéierter Conventioun Uelzechtdall probéiert méi een enken Austausch ze kréien. Niewend der Museksschoul waren nach Sujeten ewéi Verkéiersberouegung, Urbanisatioun an ëffentlechen Transport am Uelzechtdall um Programm. Mee di vill kleng Kinniken sinn sech net eens ginn. Wéi se vum Staat virun d’Decisioun gestalt gi sinn, hier Zesummenaarbecht selwer z’organiséieren an ze finanzéieren, ass d’Conventioun Uelzechtdall ouni vill Gespréich begruewe ginn. Dat géigesäitegt Vertrauen war net grouss genuch fir eng intensivéiert Zesummenaarbecht. Schued, well d’Problemer am Uelzechtdall gläichen sech an all Gemeng, a wéi heescht et esou schéin: l’Union fait la force! A jo, et gëtt och nach ee klenge gemeinsame Projet mat enger Sproocheschoul am Uelzechtdall.
  • Et ass gutt, datt d’Museksschoul am Uelzechtdall regional organiséiert gëtt. Dat erméiglecht Synergien, dat bedeit méi eng räich Offer fir déi Interesséiert, an méi eng rationell a eventuell manner deier Organisatioun vun de Couren.
  • D’Museksschoul kascht d’Gemeng Miersch 670.257,12 € fir dat nächst Schouljoer 2020/21. Dat ass op den éischte Bléck vläicht vill. Wann een awer weess, datt bal 90% vun deene Suen fir d’Paien vun de Leit gebraucht ginn, déi Musekscouren halen, wann ee weess, datt eng ronn 380 Kanner a Grousser doduerch an de Genoss vu Musekscoure kommen, da fanne mir datt déi Suen gutt investéiert sinn. Wann ee bedenkt, wat eng Gemeng bereet ass an Infrastrukturen z’investéieren, ob se elo ganz wichteg oder just “nice to have” sinn, da fällt déi Dépense manner an d’Gewiicht.

4.   Modification du règlement-taxe relatif à la gestion des déchets ménagers, encombrants et y assimilés

Vu que datt mer eigentlech just de Règlement taxe vum SIDEC kënnen guttheeschen oder ofleenen, ass de Spillraum vun der Gemeng praktesch inexistent. Mam Prinzip, datt d’Taxen déi reell Käschten ofdecke mussen, domatt si mer averstanen. Sécher kënnt dat neit Reglement net den 1. Juni, mee warscheinlech den 1. Oktober 2020,  well och da réischt d’Reorganisatioun vun der Offallentsuergung steet.

5.   Etat des restants à recouvrer de l’exercice 2019: 217.000,00 €

6.   Approbation de déclarations de recette

7.   Fixation des taux de l’impôt foncier et de l’impôt commercial pour l’exercice 2021

D’Taux’e bleiwen d’selwecht wéi 2021. Mir ginn also net op de Wee, deen z.B. d’Gemeng Dikkrech gaangen ass, fir den Impôt foncier op Bauterrainen signifikant an d’Luucht ze setzen. Et ass jo esou, datt praktesch all Partei an hierem Walprogramm fir d’Chamberwale stoen hat, datt se den Impôt foncier gingen iwwerschaffen, dat heescht héigen. Dat schingt eis och déi besser Approche ze sinn. Wann allerdings op nationalem Plang näischt geschitt, da musse mer eis Positioun eventuell revidéieren. Interessant ass och ze gesinn, op den Intérieur déi Dikkrecher Hausse vum Impôt foncier ofseent oder verwerft!

8.   Approbation de contrats, conventions et actes

9.   Commissions communales: démissions et nominations

Fir déi gréng ersetzt d’Cecilia Beirao de Michel Arsone an der Jugendkommissioun.

E weidere Wiessel gëtt et och an der Sports- an Integratiounskommsissioun.

10. Circulation: Confirmation de règlements de circulation temporaires

11. Communications du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Gréng Froen:

  • Am Park läit een décke Bamstamm als neie Velosstänner. Wier et net un der Zäit, do och eng Méiglechkeet ze bidden seng Batterie opzelueden an Loft an d’Pneuen ze kréien? Dat gëtt dann elo mol am Schäfferot diskutéiert. Allgemeng stellt sech d’Fro, wéi een och an Zukunft kann assuréieren, datt Velosfuerer a Foussgänger am Park kënnen zesummen am Respekt mateneen eens ginn. Eng Wäschanlag fir Veloen wier och interessant, gehéiert awer éischter net an de Park.
  • Mierscher Lycée : Endlech gëtt de Mierscher Lycée een eegestännegen Lycée. Wéi eng Ausriichtung kritt dëse Lycée ? Gëtt et eng ëffentlech international Schoul ? Déi fänke jo d’Office mam C1 un a ginn dann bis op eng Première. Wéi grouss soll dëse Lycée ginn? Ass nach eng Méiglechkeet de Lycée auszebauen? Och wann dat soll schnell goen, huet de Schäfferot keng detailléiert Informatiounen iwwert dem MEN seng Virstellungen.
  • Velo Richtung Westen Eigentlech kann een elo schonn mam Velo vu Recken erfort laanscht d’Eenelter Kapell, laanscht den Hingerhaff bis an d’Stroos, déi vu Bissen op de Bill geet, fueren. Dat ass interessant, well een do op d’Atert-Velospiste kënnt, an am Westen eng relativ gutt Velosinfrastruktur besteet. Leider ass dee Wee awer an engem zimlech lamentablen Zoustand. Kann d’Gemeng net d’Initiativ huelen, dee Wee besser ze maachen, ouni en awer ze asphaltéieren? De Schäfferot gëtt d’Fro un den technesche Service weider.
Iwwert den Eenelter op Biissen
  • Neiopdeelung vun de Schoulklassen: Prinzipiell ass et keng gutt Iddi, fir d’Klassen no engem Schouljoer nei opzedeelen. D’Iddi vun der Quartiersschoul ass eis sympatesch: D’Kanner ginn do an d’Schoul wou se wunnen a mussen eens gi mateneen. Besonnesch nom Duercherneen duerch d’Corona-Mesuren si vill Elteren verständlecherweis net frou driwwer, datt hier Kanner sech eng weider Kéier mussen ëmstellen. De Schoulschäffen huet gemengt, et gingen ganz vill pedagogesch Grënn fir d’Situatioun ze verbesseren. “Problemkanner” sollen an eenzelne Klassen alleng sinn. Do ass e ganzt Konzept dohanner, d’Direktion ass och dofir. D’Eltere vun Kanner aus dem C2.2 hu sech mat engem Bréif géint een neit Opdeele gewiert. Fir den C3.2 kënnt eng Klass bäi, do ginn et manner Diskussiounen em d’Opdeelen.
  • Lotissement an der Rue Irbicht zu Biereng: Wann Grénganlagen, déi zu engem Lotissement gehéieren, net esou ënnerhal si, wéi et misst sinn, dann ass de Lotisseur dofir verantwortlech.
  • Wat geschitt mam Verkéier zu Récken, wann de Chantier vun der Rue Grande-Duchesse-Charlotte ugeet ? Et ass kloer, datt d’Uertschaft Recken eng gutt Portioun méi Verkéier kritt: Dobäi sinn déi wichtegst Stroossen zu Recken, d’Haaptstrooss an d’Bricherstrooss, éischter als Wunnstroossen ugeluecht, an denkbar schlecht fir den Duerchgangsverkéier geéegent. D’Äntwert vum Buergermeeschter war e bëssen laanscht d’Fro. Hien huet gesot, datt bestëmmt eng Informatiounsversammlung fir d’Bierger kéim, mee am Moment géing de Corona-Virus dat nach verhënneren. E speziellt Verkéierskonzept fir Récken gëtt et net.
  • Ufro vun engem CSV-Conseiller: Wéi steet et mat engem Bëschkierfend fir d’Gemeng Miersch? Déi Iddi war scho viru Jore vum Mariette Weiler an engem Gemengerot op den Ordre du jour gesat ginn, ass och scho puermol vum Mariette nogefrot ginn. De Buergermeeschter fënnt d’Iddi vun engem Bëschkierfecht net gutt, hien ass net waarem dofir. Duerfir wäert och näischt geschéien. De Biisser Bëschkierfend ass vun anere Conseilleren als virbildlech duergestallt ginn. Et schingt esou, wéi wann d’CSV mëttlerweil erkannt huet, datt e Bëschkierfend awer eng gutt Saach wier.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert