Categories:

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Déi belsch Autoritéite beschäftege sech momentan mat der Fro, wéi a wou de belschen Atommüll, a speziell deen aus Atomzentralen, an Zukunft soll gelagert ginn.

Hir Propose:


D‘Verbuddele vum Atommüll a ganz déiwe Gestengsschichten op Plazen deelweis ganz no un eiser Grenz:


D’Gestengsschichte vun der Gaume zum Beispill si just 10 km vun der Grenz zu Grass ewech. Si sinn och no un den Drénkwaasserquelle vum SES, deen vill Lëtzebuerger Gemengen beliwwert.


D’Gestengsschichten an der Géigend vum Stauséi lafe souguer bis an eist Land eran. Dëst ass e grousse Problem, vu datt ronn 80% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwert d’SEBES un de Stauséi ugeschloss sinn.

Atomenergie war fir eis nach ni eng Léisung. Si berout op enger Risiko-Technologie a schaaft Probleemer, op déi et laangfristeg keng Äntwerte gëtt. Ee Beispill heifir ass notamment d’Endlagerung vun héichradioaktivem Offall, deen deelweis iwwer 500.000 Joer laang geféierlech fir Mënsch an Natur bleift.

Wéi geet et elo weider?


Lëtzebuerg ass e Land vun Atomgéigner, a mir als gréng sinn houfreg drop, Deel vun enger breeder Anti-Atom-Beweegung ze sinn. Dofir setze mir eis op allen Niveauen dofir an, dass keen nukleaart Endlager an der Grenzregioun gebaut gëtt:


Op Regierungsniveau huet eis Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an enger Pressekonferenz iwwert den Dossier informéiert a méi Transparenz a grenziwwerschreidend Kooperatioun agefuerdert. Den Hiweis vun eiser
Ëmweltministesch huet schonn éischt Friichte gedroen an eng Well vu Protest géint d’Pläng a Wallounien ausgeléist.
D’Ministesch huet och annoncéiert, dass si am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung e ganz kriteschen Avis op Bréissel wäert schécken.

An der Chamber hu mir de 26. Mäerz d’Atomhaftungsgesetz gestëmmt an eisen Deputéierte François Benoy huet eng Motioun an eng Resolutioun stëmme gelooss, déi souwuel d’Regierung wéi och d’Chamber dozou
opfuerderen, weider Drock op déi Belsch Autoritéiten auszeüben.

Wat kënnt Dir maachen?

Mir sinn optimistesch, dass mir eppes kënnen erreeche wann d’Politik zesumme mat der Zivilgesellschaft den Drock weiderhin esou héich wéi méiglech hält. Jiddwereen ass gefuerdert, an och Dir kënnt e wichtege Bäitrag leeschten an de belschen Autoritéiten noch bis den 13. Juni 2020 Ären Desaccord matdeelen. Den offizielle Wee ass en Online-Formulaire, deen Dir op www.ondraf.be/sea2020 fannt. Eng Uleedung wéi Dir en am beschte kënnt ausfëlle fannt Dir bei den jonken Gréngen.

Mellt Iech zu Wuert! Et geet ëm Decisiounen, déi eis alleguerten eppes uginn an déi e laangwieregen Impakt op zukünfteg Generatioune wäerten hunn.


Mir soen Iech am Viraus vun Häerze Merci fir Ären Asaz!

Mir hunn d’Basis vun dësem Text bei déi Gréng Stengefort iwwerholl (e grénge Merci dofir!) an un eis Mierscher Konditiounen adaptéiert.

No responses yet

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert